FC Jeunesse Useldeng

Site Web

FC Jeunesse Useldeng Fanseit vum FC Jeunesse Useldeng. Hei kritt dir all Informatiounen iwwert eisen Verain. Weider Info'en op eiser Website: www.footballuseldeng.lu

Hei fannt dir all Week-end enner aanerem een Spillbericht vun eiser eischter equipe, wei och Infoen iwwert dei 2. equipe an all meiglech Veranstaltung dei mat eisem Club ze din huet.

Eis Equipe as mat puer Ausfäll haut op Ëlwen gefuer, et war keen einfachen Mätch wou eis Equipe no 45 Sekonnen an Féirun...
08/11/2026

Eis Equipe as mat puer Ausfäll haut op Ëlwen gefuer, et war keen einfachen Mätch wou eis Equipe no 45 Sekonnen an Féirung gaangen as duerch den Hugo Matias. Dono hun mir Ëlwen an den Mätch kommen geloos an haaten et net emmer einfach hier Offensiv ze bremsen sou war den 1-1 och net ganz onverdengt. Nemmen 5 Minuten drop huet den Schmit een Verteideger ausgedanzt an vun 18 meter fest ennen lenks eran geschoss.

No der Halbzeit haat Ëlwen déi eng oder anner Chance mee den Reding am Gool konnt den Ausglaich verhënneren.

Eisen Goolgëtter den Mick Kirsch konnt eis op 1-3 brengen wei en alleng fierum Goolkeeper optaucht an propper verwandelt.

Dono konnt Ëlwen verkierzen op 2-3.

Den Onpartéischen haat net wierklech een gudden Sonndeg an huet mat ganz villen Aktiounen op béiden Seiten schlecht Decisiounen geholl sou wéi beim Suleiman senger Giel Rouder Kaart wou absolut neicht falsch war een normalen Kappball bestrooft heen mat der 2ter Gieler.

Dat huet eis awer net aus der Rouh kommen geloos an sou as et dann mat der Entscheedung komm vum 2-4. Den Kirsch setzt sech geint 3 Ëlwenter duerch an klaackt den Ball ennert Laat.

Mir stin am nächsten Tour och wann et keng glanz Leeschtung war geint eng ganz gudd Equipe vun Ëlwen!

Super Männer💙

COUPE FLF 1/16 Finales:🆚FC Racing Troisvierges🕓 16h00📍 Stade op der Kopp (Troisvierges)Allez FCJU💙🏰
08/11/2026

COUPE FLF 1/16 Finales:

🆚FC Racing Troisvierges
🕓 16h00
📍 Stade op der Kopp (Troisvierges)

Allez FCJU💙🏰


Den 28.11.26 organiséiere mir als Veräin ee Chrëschtbeemercher verkaf vun 10h00-18h00 bei der Sportshal zu Useldeng nati...
06/11/2026

Den 28.11.26 organiséiere mir als Veräin ee Chrëschtbeemercher verkaf vun 10h00-18h00 bei der Sportshal zu Useldeng natierlech ass och do fir iessen an drénke beschtens virgesuergt

Mir bidde verschidde Gréissten un (NORDMÄNNER)🌲📏

Ënnert 1m80 (50€)
Tëscht 1m80-2m30 (55€)
An méi grouss wéi 2m30 (60€)

Reservéiert dir däin Bam bis den 22.11.26 😊 per Telefon oder whatsapp (détail um Flyer)

Ofhuelung um Parking vun der Sportshal + ee Glühwäin fir neicht 😊

Wann ee keng Plaz am Auto huet guer kee Problem da bréngen mir iech mat eiser Gratis Liwwerung (ëmkrees 10KM) de Bam Heem 🚛

Mir géingen eis iwwert är Bestellung freeën 💙

Coupe FLF:En Sonndeg fueren mir op Ëlwen fir 1/16 Finales an der Coupe FLF.Den FC Racing Troisvierges spillt an der 2ter...
06/11/2026

Coupe FLF:

En Sonndeg fueren mir op Ëlwen fir 1/16 Finales an der Coupe FLF.

Den FC Racing Troisvierges spillt an der 2ter Divisioun an sin do aktuell den Tabellen 3ten.

Eis Equipe as nach emmer an enger ganz gudder Form an wëllt och an der Coupe an den nächsten Tour kommen.
Et wärt awer secherlech keen einfachen Mätch gin well et waard een Geigner deen Heemstaark as.

Kommt eis Equipe ennerstëtzen! Unpaff en Sonndeg um 16h00 zu Ëlwen!

Allez FCJU💙🏰

⚽🔥 19JOER – 18 GOLER AN 10 MATCHER! 🔥⚽MICK KIRSCH – E JONKT TALENT, DAT FIR GESPRAICH SUERGT! 💙Vun der BGL Ligue bei der...
05/11/2026

⚽🔥 19JOER – 18 GOLER AN 10 MATCHER! 🔥⚽
MICK KIRSCH – E JONKT TALENT, DAT FIR GESPRAICH SUERGT! 💙
Vun der BGL Ligue bei der UNA STRASSEN op USELDENG an d'1. Divisioun – an do weist de KIRSCH Mick, wat an him stécht! 💪⚽
Mat 18 Goler an 10 Championnatsmatcher an am Ganzen 24 Goler an 13 offizielle Matcher huet eisen 19 Joer jonke Stiermer en impressionnante Saisonstart higeluecht! 🎯
Och d'national Sportspress ass op hien opmierksam ginn. De Le Quotidien huet him elo e groussen Artikel gewidmet – eng flott Unerkennung fir seng Leeschtungen! 👏

De Mick ass dofir och verdéingt fir U21 selektionéiert ginn, dat weist dass och an den Ënneschten Divisioune gutt geschafft a Fussball gespillt gëtt.

Den FLF U21 Trainer verdéingt och eise Respekt dass heen sech och jonk Talenter aus den ënneschten Divisiounen ukuckt.

Dëst ass déi éischte Kéier an eiser Verains Geschicht dass ee Senior Spiller selektionéiert ginn ass. 💪💙

🚀 USELDENG – E SPRONGBRIET FIR JONK TALENTER!
D'Beispill vum Mick weist, dass et fir jonk Spiller aus der BGL Ligue oder der Éierepromotioun duerchaus sënnvoll ka sinn, e Schrëtt an eng méi niddreg Divisioun ze maachen.
Bei eis kréie jonk, motivéiert Spiller d'Méiglechkeet, Spillpraxis ze sammelen, Verantwortung ze iwwerhuelen, Selbstvertrauen ze tanken an hiert Potenzial ze weisen.
Net ëmmer ass d'Divisioun entscheedend, mee d'Chance, sech weiderzeentwéckelen! 💪
Mir si frou, de Mick bei eis ze hunn, a wënschen him, dass hien dëse Wee mat der selwechter Begeeschterung weidergeet!

👏 Bravo Mick, maach esou weider! 💙💙

FC JEUNESSE USELDENG – HEI KRÉIEN TALENTER HIR CHANCE! ⚽


Geschter konnt sech eis 2te Equipe geint Woltz duerch setzen mat 6-4. Et huet am Ufank ausgesin wéi eng kloer Saach. Mee...
03/11/2026

Geschter konnt sech eis 2te Equipe geint Woltz duerch setzen mat 6-4. Et huet am Ufank ausgesin wéi eng kloer Saach. Mee 2te Halbzeit huet eis Equipe net méi gudd gespillt an trotzdem eng Reih Chancen leien geloos. Woltz konnt nach emol zreck kommen mam 5-4, dono huet eis Equipe den Schlusspunkt gesaat mam 6-4.

Eis 2te Equipe baut lo den Firsprong aus op 5 Punkten op den Tabellen 2ten an 6 Punkten op den Tabellen 3ten.

Nächsten Mätch as den 20.11 zu Feelen

Super Männer💙🏰

7ten Spilldag am ChampionnatSpëtzenmätch 1ten geint den 2ten heescht Affiche vun MuerMir hun den Tabellen 2ten op Besuch...
01/11/2026

7ten Spilldag am Championnat

Spëtzenmätch 1ten geint den 2ten heescht Affiche vun Muer

Mir hun den Tabellen 2ten op Besuch, Woltz leit 3 Punkten hannert eis.

Eis Equipe wärt probeiren Tabellenféirung auszebauen!

Kommt eis Equipe ënnerstetzen, Muer den Nowend um 20h hei heem!

Allez FCJU💙💙

01/11/2026

🎱Loterie Tombola 2026/27:

Hei Gewënner vun Geschter:

25.10.26 Ierpeldeng-Useldange 2-3

Duerch Victoire zu Ierpeldeng gouf eis Trommel gëschter 3x gedreint an hei sin Gewënner:

Nr 92 Sandra Pravisani 100€ Bricherstuff
Nr 82 Brachtenbach Claude 50€ Restaurant Beirao
Nr 49 Straus Romain 25€ Loll's Xxl Shoes

31.10.26 Useldeng-FF Norden 02 1-0

Duerch Victoire geschter geint den Norden gouf eis Trommel 3x gedreint an hei sin Gewënner:

Nr 23 JeJe Heirendt 100€ Cactus
Nr 48 Karger Patrick 50€ Restaurant Beirao
Nr 30 Hugo Correia Isidoro 25€ Restaurant um Wier

Ball de Match bei der Victoire geint den FF Norden 02 gouf eis gestëft vun eisem Gemengenconseiller, Comitésmember  an G...
01/11/2026

Ball de Match bei der Victoire geint den FF Norden 02 gouf eis gestëft vun eisem Gemengenconseiller, Comitésmember an Goolkeepertrainer dem Hugo Correia Isidoro

Villmols Merci Hugo 💙

Um 10ten Spilldag setzt eis Equipe sech knapp mat 1-0 duerch, entscheedenen Gool fällt reicht zum Schluss vum Mätch an d...
01/11/2026

Um 10ten Spilldag setzt eis Equipe sech knapp mat 1-0 duerch, entscheedenen Gool fällt reicht zum Schluss vum Mätch an daat duerch eisen Mick Kirsch, deen eng Flank vum Mota per Seitfallzieher an netzt.

Domat sprangen mir op déi 2te Plaatz an der Tabell.

Nächsten rdv fir eis 1te Equipe as nächst Woch an der Coupe FLF zu Ëlwen.

Eis 2te Equipe spillt en Méindeg den Spëtzenmätch hei Heem geint Woltz!

Emmer weider Männer 💙💙

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Jeunesse Useldeng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Salles De Sport à proximité