15/06/2026
Gëschter war zu Diekrech eng weider Ausgab fum Challenge Tageblatt. Am Uschloss waren déi National Championater am Steeple fun de Jonken mat folgende Podiumen fir eis Athlet(in)en:
Champion/ne:
- Verity Sackett 2.000mSt U18
- Jannick Ludwig 2.000mSt U16
3. Plaz
- Jachym Kotecky 2.000mSt U16
Een décke Merci un all d'Bénévolen déi dozou bäigedroen hun dass de Meeting gutt verlaf ass.
De läschte W.E. waren eng ganz Rei Athlet(in)en zu Ettelbréck op den Interclub Championater am Asatz.
D'Absence fun enger Rei fun eisen Athtlet(in)en hu mir probéiert durch Athlet(in)en ze ersetzen, déi méi fir sie ongewéinlech Disziplinen probéiert hun. Um Enn koum eng 4. Plaz fir eis Männer an eng 5. Plaz fir eis Dammen (mat nëmmen 13 Punkten fum Podium entfernt) eraus.