FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps

FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps Lëtzebuerger Fussballklub vun Harel. Lëtzebuerger Fussballclub. Entstan 1977 aus der Fusioun vum „F.C. Harlange 1963“ an dem „F.C. Tarwat Tarchamps 1948“.

🧤 Den Eymen Eryilmaz verstäerkt eis Equip vu Golkeeperen!De 25 Joer jonke Belsch mat tiirkesche Wuerzelen wiesselt vu Ma...
18/09/2026

🧤 Den Eymen Eryilmaz verstäerkt eis Equip vu Golkeeperen!

De 25 Joer jonke Belsch mat tiirkesche Wuerzelen wiesselt vu Marloie op Harel. Hien huet ënner anerem an der Jugend vun Eupen gespillt a war och eng Saison an der 2. tiirkescher Liga.

🙋🏻‍♂️ Wëllkomm zu Harel, Eymen!

🏆 Während d'éischt an drëtt Equip dëse Weekend spillfräi hun, ass d'U23 muer den Owend an der Coupe des Réserves gefuede...
17/09/2026

🏆 Während d'éischt an drëtt Equip dëse Weekend spillfräi hun, ass d'U23 muer den Owend an der Coupe des Réserves gefuedert. Zu Miersch gëtt et géint d'zweet Equip vum FC Marisca, déi an der 2. Klass spillen.

👦🏻 D'Jugendmatcher vum Weekend:
👉 Samsdes, 09:00 Auer: FC Wiltz 71 - U9
👉 Samsdes, 10:00 Auer: U7 - Tournoi Harlange
👉 Samsdes, 14:30 Auer: U13 - ENT Grevels/Heiderscheid/Feulen
👉 Samsdes, 14:30 Auer: AS Hosingen - U13
👉 Samsdes, 16:30 Auer: Sporting Mertzig - U15
👉 Samsdes, 16:30 Auer: U19 - Young Boys Diekirch
👉 Sonndes, 10:30 Auer: U11 - Sporting Mertzig
👉 Sonndes, 15:00 Auer: Orania Vianden - U17

📷GREEN BOYS 1️⃣➖1️⃣FC Jeunesse Schieren
16/09/2026

📷GREEN BOYS 1️⃣➖1️⃣FC Jeunesse Schieren

Géint Schieren war et wéi schon an de leschte Wochen: et war méi dran. Rëm huet Harel eng Rei gutt Golchancen net genotz...
14/09/2026

Géint Schieren war et wéi schon an de leschte Wochen: et war méi dran. Rëm huet Harel eng Rei gutt Golchancen net genotzt, a rëm huet ee missen engem Réckstand hannendru lafen. Opgrond vun enger intensiver Schlussphas, an deene béid Equipen nach den entscheedende Gol hätte kéinte schéissen, geet de Remis an d'Rei.
An der 70. Minut erleeft ee Schierener Stiermer ee wäite Ball an dribbelt laanscht de Keeper, fir den 0:1 ze schéissen.
10 Minute méi spéit passt den agewiesselten Torrie ee Ball an d'Spëtzt op den Bop, deen ee Verteideger ausdribbelt an den Ausgläich schéisst.
An de leschte Minutten hätt de Match nach kéinten entscheed gin, wéi de Lapagne am Hareler Gol eemol gutt géint ee Schierener Stiermer reagéiert huet, an an der Nospillzäit, wéi ee Kappball vum Jasarevic just knapp laanscht geet.
👉 Elo bleiwen 2 Wochen Zäit, fir un der Finitioun ze schaffen: deen nächste Match ass de 27. September beim Tabelleläschten zu Gilsdrëf.

Dës Spiller fänke géint Schieren un:
13/09/2026

Dës Spiller fänke géint Schieren un:

13/09/2026
2️⃣ D'U23 wënnt um Freidenowend 7:1 bei Baastenduerf III. D'Goler hun Amar Faljic, Nico Loriedo, Pierre Tchamba, Ahmed D...
12/09/2026

2️⃣ D'U23 wënnt um Freidenowend 7:1 bei Baastenduerf III. D'Goler hun Amar Faljic, Nico Loriedo, Pierre Tchamba, Ahmed Diallo an Haris Faljic (Hattrick bannent 5 Minuten) geschoss.

D'drëtt Equip (Foto) hëllt an der läschter Minut ee Punkt géint Wooltz III. De Gol an der 93. Minut huet de Sergio Pinheiro geschoss.

🏡 ZWEETEN HEEMMATCH📢 Green Boys 🆚 FC Jeunesse Schieren 🗓 Sonndeg, 13. September 🕓 16:00 Auer🏟 Terrain „am Duerf“, Harlan...
11/09/2026

🏡 ZWEETEN HEEMMATCH
📢 Green Boys 🆚 FC Jeunesse Schieren
🗓 Sonndeg, 13. September 🕓 16:00 Auer
🏟 Terrain „am Duerf“, Harlange
⚽ Matchball gesponsort vun Bois Matériaux W***y Putz

Zweeten Heemmatch fir dës Saison: mat Schieren kënnt eng Equip op Harel, déi viru kuerzem nach de Barrage ëm den Opstig an d'Eirepromotioun gespillt huet. Mat dräi Punkten aus den éischten 3 Matcher ass d'Jeunesse awer wahrscheinlech net sou an d'Saison gestart, wéi si sech dat erfhofft haten.
Trotzdem gëtt et eng schwiereg Aufgab fir d'Green Boys. Dat läscht Duell mat Schieren läit 8 Joer zréck an déi läscht Victoire vun Harel war am Februar 2012.

2️⃣ Fir d'Reservequipen steet um Freiden den éischte Spilldag vum Championnat um Programm.
D'U23 spillt um 20:15 Auer auswäerts géint Baastenduerf III an d'drëtt Equip kritt et géint 20:00 Auer um Haff mat der nei gegrënnter drëtter Equip vum FC Wooltz 71 ze din.

👦🏻 D'Jugendmatcher vum Weekend:
👉 Samsdes, 11:00 Auer: U9 - AS Red Black Luxembourg
👉 Samsdes, 15:00 Auer: U19 - CS Fola Esch-Alzette
👉 Samsdes, 17:00 Auer: FF Norden 02 - U13
👉 Samsdes, 17:30 Auer: Young Boys Diekirch - U15
👉 Sonndes, 11:30 Auer: ENT Grevels/Heiderscheid/Feulen - U11
👉 Sonndes, 15:00 Auer: FF Norden 02 Weiswampach-Hupperdange - U17

11/09/2026
😤 D'Green Boys verléieren zwee Punkten zu Chrëschtnech, an engem Match, deen een opgrond vun de Golchancen an der spille...
10/09/2026

😤 D'Green Boys verléieren zwee Punkten zu Chrëschtnech, an engem Match, deen een opgrond vun de Golchancen an der spillerescher Iwwerleeënheet däitlech hätt misse wannen.
Mee: wann ee vir d'Goler net mécht, da kritt een se hanne geschoss. Sou war et och an der 39. Minut, wéi ee Fräistouss am Strofraum op de Kapp vum Lopes degagéiert gouf an deen am Bou eragekäppt huet.
Harel huet awer direkt am Géigenzuch reagéiert, wéi de Civic de Jasarevic geschéckt huet an dee virun de Gol geflankt huet, wou de Bop agenetzt huet.
Och no der Paus huet Harel e puer Honnerprozenteger net erakritt an ass an der 70. Minut rëm a Réckstand geroden, wéi ee wäite Fräistouss am Strofraum puer mol hin an hier gekäppt gin ass an iergendwéi eragekullert ass. Nachengkéier konnt Harel ausgläichen (op Eelefmeter). Eng weider net genotze Golchance an der 85. Minut gouf zum Bumerang: eng wàit Pass an d'Déift, de Stiermer gewënnt d'Lafduell géint de Martins an och den Albers kann de Gol net verhënneren.
An de Schlussminuten rett de Bop der Equip zumindest ee Punkt.

👉 E Sonnden geet et doheem géint Schieren (16:00 Auer).

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps:

Raccourcis

Partager