31/05/2026
🚴♂️🚴♀️ Munnerefer Velosfrënn staark vertrueden beim Gran & Medio Fondo Schleck! 🚴♀️🚴♂️
D’Munnerefer Velosfrënn waren dëst Joer erëm gutt beim Gran an Medio Fondo Schleck vertrueden. Mat vill Motivatioun, Ausdauer a Sportsgeescht hunn Gino Tricarico, Alain Kill, Alain Pletschette, Christian Muller, Jean Marc Cao, Patrick Nockels, Jean Paul Wiltz, Carlos De Almeida, Rol Keller an Jean Marie Ohl d’Faarwe vum Veräin mat Éier vertrueden.
Gratulatioun un all d’Participanten fir hir staark Leeschtungen an hiren Asaz um Vëlo! 👏💪