01/07/2026
🏆 HC Standard - Champion AXA Elite Beachhandball 🏖️🤾
Bei der éischter Editioun vum AXA Elite Beachhandball-Championnat huet den HC Standard den éischten offizielle Championstitel am Beachhandball bei de Männer gewonnen. 🥇
Mir gratuléieren der Ekipp zu dësem Erfolleg! 👏
E grousse Merci geet och un den HC Standard fir déi exzellent Organisatioun vun dëser éischter Editioun an hiren Asaz fir de Beachhandball zu Lëtzebuerg. 🙌