FC Préizerdaul-Réiden

FC Préizerdaul-Réiden Offiziell Facebook-Seit vum FC Préizerdaul/Réiden! Hei gidd dir alleguerten News vum FCPR gewuer!

Eis Equipen:

Seniors I : 2.Divisioun; 1.Classe
Seniors Réserves II : 4.Classe, 2.Bezierk

📅 Kalenner raus!Hei ass de Spillplang vun eiser 2. Ekipp fir d’Saison 2026/2027! ⚫🔴🕗 Gespillt gëtt à priori ëmmer Freide...
31/08/2026

📅 Kalenner raus!

Hei ass de Spillplang vun eiser 2. Ekipp fir d’Saison 2026/2027! ⚫🔴

🕗 Gespillt gëtt à priori ëmmer Freides um 20h00.

Mir freeën eis op d’Saison a hoffen op är Ënnerstëtzung! ❤️🖤

⚫🔴 D’Géigner vun eiser 2. Ekipp fir d’Saison 2026/2027 si bekannt! ⚽Eis zweet Ekipp wäert an der 3. Klass – Série 1 un d...
31/08/2026

⚫🔴 D’Géigner vun eiser 2. Ekipp fir d’Saison 2026/2027 si bekannt! ⚽

Eis zweet Ekipp wäert an der 3. Klass – Série 1 un den Depart goen. 💪

Nieft dem FC Préizerdaul-Réiden II sinn dës Ekippen an eiser Serie:

Sporting Mertzig II • FC 72 Ierpeldeng II • AS Wëntger II • AS Housen II • Green-Boys 77 Harel-Tarchamps II • US Béiwen-Atert II • FF Norden 02 Wäiswampech-Hëpperdang II • FC 47 Baastenduerf II • US Rammerech II • Racing Heischent-Eschduerf II • Etzella Ettelbréck III

⬆️ Nei an der 3. Klass: US Rammerech, Racing Heischent-Eschduerf an Etzella Ettelbréck
⬇️ Ofgestigen aus der 2.Klass : Sporting Mertzig a FC 72 Ierpeldeng

🔥 Mir freeën eis op eng spannend Saison 2026/2027 a wënschen eiser 2. Ekipp vill Erfolleg!

⚫🔴 Allez FCPR!

De Spillball vun Haut vir den Heemmatch géint Buurschent gouff gesponsert vun Chez Mani ASBL !Villmols Merci vir är Ënne...
30/08/2026

De Spillball vun Haut vir den Heemmatch géint Buurschent gouff gesponsert vun Chez Mani ASBL !
Villmols Merci vir är Ënnerstëtzung 🤝👏🏻☝🏻❤️

⚫🔴 2. Spilldag – Éischte Punkt vun der Saison!No der onglécklecher 1:2-Néierlag um éischte Spilldag géint Ëlwen wollt ei...
30/08/2026

⚫🔴 2. Spilldag – Éischte Punkt vun der Saison!

No der onglécklecher 1:2-Néierlag um éischte Spilldag géint Ëlwen wollt eis Ekipp géint den CS Buurschent eng Reaktioun weisen. An dat ass hir och gelongen: No engem intensive Match trenne sech béid Ekippe mat engem 2:2.

Eis Jongen hunn eng staark éischt Hallschent gespillt. An der 38. Minutt huet de François Criquelière eis mat 1:0 a Féierung bruecht. Buurschent konnt zwar nëmmen zwou Minutte méi spéit ausgläichen, mee eis Ekipp huet direkt nees reagéiert: An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet de William Delgado Da Cruz den 2:1 markéiert.

Nom Säitewiessel ass Buurschent besser an de Match komm an huet an der 72. Minutt den 2:2 geschoss. Kuerz drop huet de Kevin Dias Giel-Rout gesinn, soudatt mir déi lescht Minutten an Ënnerzuel hu misse spillen. An der 89. Minutt krut och Buurschent nach eng Giel-Rout Kaart. Um Enn bleift et beim 2:2 an domat eisem éischte Punkt vun der neier Saison.

🏆 Elo volle Fokus op d’Coupe!

Vill Zäit fir ze raschten bleift net: Schonn dëse Mëttwoch, den 2. September, um 20h00 steet déi nächst wichteg Aufgab um Programm. An der Qualifikatioun fir den 1. Tour vun der Coupe de Luxembourg treffe mir op den FC Biekerech. De Gewënner vun dësem Match spillt am 1. Tour géint Olympia Christnach-Waldbillig.

📅 Mëttwoch, 02.09.2026
⏰ 20h00
📍 Bettborn
🏆 Coupe de Luxembourg – Tour préliminaire
⚽ FC Préizerdaul-Réiden 🆚 FC Biekerech

Alles ginn, fir den Ticket fir den 1. Tour ze sécheren! 🔴⚫💪
Eis Ekipp zielt op är Ënnerstëtzung! ❤️🖤

Eis Opstellung vir den Heemmatch géint Buurschent !
30/08/2026

Eis Opstellung vir den Heemmatch géint Buurschent !

⚫🔴 2. SPILLDAG 🔴⚫No der onglécklecher 1:2-Néierlag géint Ëlwen de leschte Sonndeg wëll eis Ekipp haut eng Reaktioun weis...
30/08/2026

⚫🔴 2. SPILLDAG 🔴⚫

No der onglécklecher 1:2-Néierlag géint Ëlwen de leschte Sonndeg wëll eis Ekipp haut eng Reaktioun weisen! 💪⚽

🔥 Zesumme fir déi 3 Punkten!

Eis Jongen zielen op ÄR ËNNERSTËTZUNG! 🖤❤️
Kommt laanscht a feiert eis Ekipp un! 📣

Schluss zu Réiden!Um 1.Spilldag vun der Neier Saison gëtt eng onglécklech 1-2 Néierlag géint de Racing vun Ëlwen!⚽️ 1-0 ...
23/08/2026

Schluss zu Réiden!

Um 1.Spilldag vun der Neier Saison gëtt eng onglécklech 1-2 Néierlag géint de Racing vun Ëlwen!

⚽️ 1-0 Bruno 74“

🔜 30.8 um 16h00 zu Réiden géint den CS Bourscheid

Kapp héisch, Männer!

De Spillball vun Haut am éischten Heemmatch vun der Neier Saison géint Ëlwen gouff gesponsert vun eisem administrativem ...
23/08/2026

De Spillball vun Haut am éischten Heemmatch vun der Neier Saison géint Ëlwen gouff gesponsert vun eisem administrativem Sekretär, dem Joël Feltz!
Merci vir deng Ënnerstëtzung ❤️

Eis Opstellung vir den 1.Championnatsmatch vun der Saison 2026-2027!FORZA FCPR
23/08/2026

Eis Opstellung vir den 1.Championnatsmatch vun der Saison 2026-2027!

FORZA FCPR

MATCHDAY #1Et geht endlech rem lass 😍1.Spilldag vun der Saison 2026-2027!Eis Jongen si prett!Ustouss ‚an der Seitert‘ as...
23/08/2026

MATCHDAY #1

Et geht endlech rem lass 😍

1.Spilldag vun der Saison 2026-2027!

Eis Jongen si prett!

Ustouss ‚an der Seitert‘ ass um 16h00

Adresse

24, Rue D'Ospern
Redange-sur-Attert
L-8508

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Préizerdaul-Réiden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à FC Préizerdaul-Réiden:

Raccourcis

Partager