22/10/2026
Firwat si sou vill Mammen esou gestresst? 🤍
Well mir probéieren, alles ënnert een Hutt ze kréien. Den Dag huet gefillt net genuch Stonnen.
Mir solle schaffen wéi, wa mir keng Kanner hätten.
Mir sollen eis Kanner awer och begleeden, wéi wa mir soss keng aner Verpflichtungen hätten.
Vill Fraen droen zousätzlëch zur Arbecht & der Arbecht nach de ganze Mental Load vun Stot organiséieren, kachen, akaafe goen u jiddereen denken an alles am Kapp behaalen ELENG. (an neen ët sinn nët nëmmen alleng-erzéihend Mammen, deenen ët sou geet)
Da solle mir gutt gelaunt sinn, Zäit fir eis Kanner, eise Partner, eis Frënn a eis selwer fannen.
Mir wëllen roueg a gedëlleg sinn, mee mir mierken, dass mir nët alles sou ënnert een Hutt kréien wéi mir dat wëllen.
A wann et eis ze vill gëtt, mengen mir dacks, mir missten eis einfach nach méi ustrengen oder besser organiséieren.
Mee de Problem läit nët dorunner, dass mir net genuch maachen.
D‘Gesellschaft a mir selwer erwaarden einfach zevill vun eis. 🫂
Vill Mammen droen vill. Ze vill.
Burnout bei Mammen? Zuel ass héich.
Esou héich, dass eigentlech vill méi misst driwwer geschwat ginn ‼️
Awer du selwer hues ët an der Hand. Du kanns dir Hëllef huelen, an däi Lierwen veränneren.
> léier dëch, deng Werter nei kennen an deng Grenzen ze setzen. Huel Entscheedungen déi däin Lierwen wirklëch rëm vereinfachen.
Du muss net alles eleng packen, fir eng gutt Mamm ze sinn. 🫶🏻
An du däerfs dir Hëllef huelen. 🫂
Michèle
mammsinn