Taekwondo Team Beckerich

Taekwondo Team Beckerich Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Taekwondo Team Beckerich, Équipe sportive, 6, Dikrecherstrooss, Beckerich.

🥈 Sëlwer fier den Christopher - ETU Grand Prix Ramus - Qualifikatioun 2 - E6 - Sofia - Bulgarien 🇧🇬 - 31. Mee 2026 🎉🎉Eng...
02/06/2026

🥈 Sëlwer fier den Christopher - ETU Grand Prix Ramus - Qualifikatioun 2 - E6 - Sofia - Bulgarien 🇧🇬 - 31. Mee 2026 🎉🎉

Eng Woch no hieren Erfolleger um LUX Open, stoungen eis zwee Kaderathleeten aus dem Sportlycée, Christopher & Luca WÜNSCH, um Tatami fier sech zu Sofia an Bulgarien mat Top Athleeten aus ganz Europa ze moossen.

Den Luca (-68kg) kruut ët mat engem richteg staarken erfuerenen Géigner dem Ioannis KOUROUYIANNIS [CYP-🇨🇾] an der Aachtelsfinal (1/8) ze dinn. Tëschent hinnen huet sech een ganz enken Kampf, bis zur letzer Sekonn an der leschter Ronn, entwëckelt. An no enger staarker "Remontada", huet dem Luca wierklech nët vill gefeelt fier den spéideren Sëlwermedailgewënner ze schloen (1-2).

Dem Christopher huet sech an der Véirelsfinal (1/4) dem Valentino DI CARLO HORTELANO [ESP-🇪🇦] entgéintgestallt. An engem eesäitegen Kampf huet den Christopher mam Spuenier kuerze Prozess gemeet (2-0).
An der Halleffinal (1/2) wollt dunn den Oliver SZASZ [ROU-🇹🇩] den Christopher stoppen. Den Rumän kruut, géint déi dominant an explosiv Ugrëffer vum Christopher, keen Fouss op den Buedem (2-0).
An der Final koum ët dunn zu der Konfrontatioun mam staarken Mate TESKERA [CRO-🇭🇷]. Et gouf sech näischt geschenkt. Extreem haard Schléi goufen an zwou knappen Ronnen ausgedeelt. Leider huet sech den Christopher dobäi blesséiert. Ugeschloen huet hién alles probéiert des knapp Néierlag ze verhënneren (0-2).

FAZIT
Den Luca wéisst e richteg staarken Kampf, an brauch sech géint een richteg erfuerenen Géigner näischt virzewerfen.
Den Christopher awer ënnersträicht op eng impressionant Art & Weis, dat hién zu den beschten -73kg Junioren Kämpfer an Europa gehéiert.
Mat senger🥈 Sëlwermedaill ass hién och automatesch fier d'Grand Prix Final um Ënn vum Joer qualifizéiert. Wahnsinn!
Mier wënschen him op jidde Fall eng gutt Besserung. 🙏

E grousse MERCI geet natierlech un eisen Trainer/Coach Hugo DA SILVA. 💝

Zum Schluss awer nach een EXTRA MERCI un eisen Nationaltrainer Yassine TRABELSI!
Esou Leeschtungen sinn och d'Resultat vun senger onermiddlecher, professioneller Arbescht. 💯

TKD Team Biekerech, mir verdéngen eis weider groussen Respekt an Europa. 👌


Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois Sportlycée Lëtzebuerg RTL Lëtzebuerg

🥇&🥉 - Christopher & Luca WÜNSCH - LUX Open G1 - Coque Kierchbierg  🇱🇺 - 23/5/2026 🥋Dësen Samsden stoungen, ewéi ugekënne...
24/05/2026

🥇&🥉 - Christopher & Luca WÜNSCH - LUX Open G1 - Coque Kierchbierg 🇱🇺 - 23/5/2026 🥋

Dësen Samsden stoungen, ewéi ugekënnegt, eis zwee Kaderathleeten Christopher & Luca WÜNSCH op der 10. Editioun vun den LUX Open an der Coque um Tatami.

Junioren (-68kg)
Den Luca kruut ët an der Véirelsfinale mam Magnus GUDMUNDSSON [ISL-🇮🇸] ze din. An zwou Ronnen konnt den Luca, ouni zu iergendengem Moment an Gefor ze geroden, den Kampf fier sech entscheeden (2-0).
An der Halleffinall géint den Christian GARBARINO [ITA-🇮🇹] huet den Luca leider nie richteg an den Kampf erafonnt, esou daat sech den Italiener leider (0-2) duerchsetze konnt.

Junioren (-73kg)
An der Halleffinall ass den Christopher op den, virdrun staark optriedenden, Pierre POCK [AUT-🇦🇹] getraff. No enger perfekter Ronn, mat wonnerschéinen Ugrëffs Kombinatiounen, an duerno enger souveräner zweeter Ronn, konnt den Christopher dem Ëisträicher kloer seng Grenzen opweisen (2-0).

An der Finall koum ët dunn zu der Neioplaag vun der Finall vun den Dutch Open 2026.
Den 8. an Europa, den Davud GÜLLÜ [SUI-🇨🇭] wollt dës Kéier onbedéngt Revanche huelen. Ët sollt tatsächlech eng, wann nët déi spannenst Finall, bei dësen LUX Open bei den Junioren ginn. E Kampf wou sech definitiv näischt geschenkt gouf, gefouert op engem extreem héigen, schnellen Niveau.
An mat Hëllef vun den Zuschauer huet sech d'Coque, passent dozou och nach, an een euphoreschen Hexekessel verwandelt.

Wousst den Christopher nach dominant an der éischter Ronn ze iwwerzeegen, konnt den Schwäizer awer an der zweeter Ronn zeréckschloen. Déi drëtt final Ronn sollt sech dann zu engem regelrechten Krimi entwëckelen. Mat schéinen cleveren Trëffer konnt sech den Christopher zum Schluss duerchsëtzen (2-1). Freed wor bei den Zuschauer, ewéi natierlech beim Christopher, Grenzenlos. WAHNSINN! Eng Finall déi an Erënnerung bleift.

FAZIT
Mat hieren Medaillen, Bronze 🥉 & Gold 🥇, bestätegen d'Zwillingen hieren Wëllen an den TOP 10 vun Europa bei den Junioren, an den Gewiichtsklassen -68kg an -73kg, weider eng Roll ze spillen.
An natierlech ass ët eng extra Motivatioun gewiercht, och nach beim G Tournoi doheem erfollegräich ze sinn. 😉

E grousse MERCI geet natierlech un eisen Coach Hugo DA SILVA. ❤️

Een extra MERCI geet awer dës Kéier un all déi vill Supporteren: Frënn, Kolleegen, Bieckerecher Elteren, den Jeunes Talents, mee och Fans vun aneren lëtzebuergeschen & auslänneschen TKD Clibb, déi eis zwee Kaderathleeten freenetesch ugefeiert haaten. Daat wor schon een aussergewéinlechen Moment fier den Lëtzebuerger Taekwondo. 💝🎉🥋👊☀️

TKD Team Bieckerech, eng Famill mat engem gemeinsamen Zil.

Olympique et Sportif Luxembourgeois

🇱🇺🇱🇺🇱🇺Luxopen 🇱🇺🇱🇺🇱🇺Ab muer den Moien 9.00 Auer sinn eis zwee Juniorathleten Luca a Christopher Wünsch matt hierem Clubt...
22/05/2026

🇱🇺🇱🇺🇱🇺Luxopen 🇱🇺🇱🇺🇱🇺
Ab muer den Moien 9.00 Auer sinn eis zwee Juniorathleten Luca a Christopher Wünsch matt hierem Clubtrainer den Hugo am Asaatz…
Kommt alleguerten, fir sie ze ennerstetzen an deeen eemoolegen Feeling vun engem G/E Turneier ze spieren…
Dei Zwee freen sech iwwert jiddfereen deen sie ennerstetzt😍
Esou eng Geleenheet fir eis Clubathleten am Asaatz ze gesinn kennt nitt oft…

22/05/2026
🏆 LUX-Open an der Coque – Kommt eis ënnerstëtzen! 🏆Den Christopher & den Luca kämpfen dëse Samschdeg um LUX-Open an der ...
22/05/2026

🏆 LUX-Open an der Coque – Kommt eis ënnerstëtzen! 🏆

Den Christopher & den Luca kämpfen dëse Samschdeg um LUX-Open an der Coque! 💪

Wien Zäit a Loscht huet: kommt laanscht a suergt fir eng staark Ënnerstëtzung! 🙌

📍 Coque Luxembourg
Dëse Samschdeg 23.05.26

🥋🥋🥋🥋🥋🥋🥋🥋🥋

COSL Spillfest - Coque 🇱🇺 - 14. Mee 2026Um Donneschden den 14. Mee, haat den COSL iwwer 50 Sportsfederatiounen op säin t...
15/05/2026

COSL Spillfest - Coque 🇱🇺 - 14. Mee 2026

Um Donneschden den 14. Mee, haat den COSL iwwer 50 Sportsfederatiounen op säin traditionellt Spillfest op Christi Himmelfaart, dës Kéier, ronderëm esouwéi dobannen an der Coque, um Kierchbierg invitéiert.

Och den TKD Team Biekerech haat Geleeënheet kritt vum 9h30 bis 13h30, mat eisen Kaderathleeten Christopher & Luca WÜNSCH, eisem Clubtrainer Hugo DA SILVA an eisen Comitésmemberen Maria & Yves WÜNSCH eis Federatioun an der Arena vun der Coque ze vetrieden.

Dobäi kruuten Honnerten vun Kanner Méiglechkeet mat hieren Elteren, d'Faszinatioun vum Taekwondo ze entdecken.
Spill, Spass & Freed woren natierlech garantéiert.

TKD Team Biekerech, ëmmer am Asaatz fier eisen Sport.

Photo credit : RTL, Wort, private photos

15/05/2026
Méindes Training - Biekerech 🇱🇺 - 11. Mee 2026E klengen Abléck an eisen Méindes Training. Eis Kaderathleeten Christopher...
14/05/2026

Méindes Training - Biekerech 🇱🇺 - 11. Mee 2026

E klengen Abléck an eisen Méindes Training. Eis Kaderathleeten Christopher & Luca WÜNSCH begleeden eis jonk Talenter op hierem Wee.

TKD Team Biekerech, zesummen sinn mier staark.

3x🏅, 3x🥈, 1x🥉- Internationaler Dreländereck Open - Alsdorf 🇩🇪 - 9/05/2026🥋 Dësen Samsden stoungen eis jonk Kämpfer fier ...
09/05/2026

3x🏅, 3x🥈, 1x🥉- Internationaler Dreländereck Open - Alsdorf 🇩🇪 - 9/05/2026

🥋 Dësen Samsden stoungen eis jonk Kämpfer fier den "Internationaler Dreiländereck Open" zu Alsdorf an Däitschland um Tatami. Medaillen Sammlungen goufen mat vil Äifer vergréissert. 🎊

MINIMES
🥇 Tim WIETOR (-33kg) - konnt souverän seng QF, seng SF an och seng Finall jeweils kloer (2-0) gewannen! Aktuell an enger richteg staarker Form. Ët rullt: Chapeau! 🎩
🥇 Ismaiïl & 🥈 Ishak ZERGUINE (-50g) - Den Ismaiïl konnt sech an der Finall géint säin Bruder Ishak (2-0) duerchsetzen.

CADETS
Alex KRIER (-41kg) - huet sech leider an senger QF missen geschloen ginn (0-2).
🥉Bela BUDAI (-41kg) - huet mat enger staarker Leeschtung seng QF (2-0) gewonnen. An der SF wor säin Géigner awer eng Grëtz ze staark (0-2). 👊
🥈 Mic CRUCHTEN (-45kg) - konnt mat enger konzentréierter Leeschtung seng SF gewannen (2-0). An der Finall, wor hién, richteg knapp awer, sengem Géigner ënnerleeën (0-2). 💪🏼
🥇 Kadidja ZERGUINE (-59kg) - konnt, alt erëm eng Kéier, mat engem konzentréierten, souveränen Optrëtt, seng Final kloer (2-0) gewannen. 🎉

JUNIORS
🥈 Amina DZHAFARZADE (-59kg) - konnt seng SF mat enger souveräner Leeschtung fier sech entscheeden (2-0). D'Victoire an der Finall goung awer leider un seng Géignerin (0-2). 👌

FAZIT
Spaass, Energie & Disziplin: alt erēm d'Zauberformel op dësem Europadag. Wichteg Erfaahrungen gesammelt, staark Leeschtungen op den Tatami bruecht, 10.! Plaatz vun 38 Veräiner & iwwer eng hallef Dosen Medaillen mat heem bruecht: Waat wëll een méi! 🏆💪🏼🥋

E Grousse MERCI geet un eisen Coach Davidson PIRES. ❤️
Mee een EXTRA MERCI geet awer un eis Elteren déi ëmmer dobäi sinn. 💝

TKD Team Biekerech, eisen jonken Kämpfer hiert Selbstbewosstäin weider stäerken.

Adresse

6, Dikrecherstrooss
Beckerich
L-8523

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Taekwondo Team Beckerich publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Taekwondo Team Beckerich:

Partager