05/09/2026
Mir si prett fir déi nei Saison!
D‘Summerpaus iwwer gouf den Terrain am Stade Feidt Frères nei gemaach, woumat mir hoffentlech e gutt Fundament fir eng sportlech gutt Zukunft konnte leeën.
Op dëser Plaz géinge mir gären allen Involvéierten, notamment vun der Gemeng Helperknapp, der Firma 3 S-Tech an der FLF Merci soen, fir dass déi ganz Prozedur esou reiwungslos iwwer d‘Bühn gaangen ass.
Mir freeën eis drop, schon dëse Sonndeg eisen éischte Match op der neier Pelouse ze spillen, mam Coupe-Derby géint eis Nopere vu Béiwen. Mir ginn iech Rendez-vous um 16:00 am Stade Feidt Frères!
ALLEZ FC BROUCH!