Mersch75

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

Mersch75 Mersch75, Handball Club
M75
HB Mersch 75
HBM75
Trainingszäiten: https://www.mersch75.lu/blank
MIXVOIP Peters Sports Alles iwert den Mersch75 (Handball Club)

 E Samsdeg gewanne eis Häre mat 31:33 beim Handball Club Schifflange (Paus 16:15).Nodeems sie am Ufank net an de Match k...
26/10/2026


E Samsdeg gewanne eis Häre mat 31:33 beim Handball Club Schifflange (Paus 16:15).
Nodeems sie am Ufank net an de Match koume konnt Schëffleng direkt op 3:0 fort zéien. Och wann sie duerno de Gol besser getraff hunn an zäiteweis bis op 1 Gol eru komm sinn konnt Schëffleng de Virsprong no an no bis op +6 äusbauen (10:6 bei 18:28 a 14:8 bei 23:56).
Ab do sollt et awer besser lafen a sie si mat engem 2:7 virun der Paus nees op 1 Gol eru komm (16:15).
Esou sollt et weider goen, déi zweet Hallschent hu sie besser ugefaangen ewéi déi éischt an esou hate sie an deenen éischten 10 Minutten ee klenge Laf mat 3:11. Doduercher krute sie de Match gedréint a louche mat 7 Goler vir (19:26 bei 40:38).
De maximalen Ecart vun 8 Goler konnt no 48:36 beim Stand vun 23:31 hier gestallt ginn, duerno ware sie awer leider net méi konsequent genuch esou dass Schëffleng an deenen leschten 12 Minutte mat engem 8:2 de Match nach emol spannend gemaach huet.
Mat 31:33 huele sie déi 2 Punkten awer mat op Miersch a bleiwe punktgläich mat Péiteng op der 2. Plaz.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3539413

Elo ass eng kleng Paus, weider geet et e Sonndeg 15/11 um 15h00 zu Leideleng.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

Mir sinn awer weider aktiv a maachen d'Buvette den 08/11 während dem Lännermatch an der EHF Euro 2028 Quali vun den Häre géint Schweden um 16h00 an der Coque.
Kommt d'Ekipp ënnerstëtzen. 🥳👏🏆🥁📣

Eis M75-Alafkanner a Fändeldréier um WM-Qualifikatiounsmatch vun den Dammen tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien an der ...
25/10/2026

Eis M75-Alafkanner a Fändeldréier um WM-Qualifikatiounsmatch vun den Dammen tëscht Lëtzebuerg a Groussbritannien an der Coque.

   En Dënschdeg, 20. Oktober 2026, huet den INAPS - Institut national de l'activité physique et des sports an der Coque ...
23/10/2026


En Dënschdeg, 20. Oktober 2026, huet den INAPS - Institut national de l'activité physique et des sports an der Coque déi offiziell Iwwerreechung vun de staatlechen Zertifikater 🎓 fir d'Joer 2026 organiséiert.

Mir gratuléieren eisen Trainere fir hiren Zertifikat:
🏅 LUXQF3 (C-Schäin) – Anne Holm
🏅 LUXQF4 (B-Schäin) – Max Blanc

Ee léiwe Mënsch, fréieren Handballer, Arbitter, an all Aufgab déi een als Handballer konnt maachen, de W***y war dobäi, ...
21/10/2026

Ee léiwe Mënsch, fréieren Handballer, Arbitter, an all Aufgab déi een als Handballer konnt maachen, de W***y war dobäi, ëmmer ee Laachen, Gegsen a schwadronéieren iwwert dëst an dat. An elo hues de eis fir ëmmer verlooss. W***y du wäers eis éiweg an eise Gedanke sinn. RIP 😢

20/10/2026

  Championnat Hären: Mersch75 – HB Museldall (39:30)An engem laangzäit enken a spannende Match (25:25 bei 44:43) setzen ...
14/10/2026

Championnat Hären: Mersch75 – HB Museldall (39:30)
An engem laangzäit enken a spannende Match (25:25 bei 44:43) setzen eis Häre sech um Schluss dach nach kloer duerch.
Nodeems sie sech an deenen éischten 20 Minutte net konnten ofsetzen ass de Museldall nees bäi komm an esou ass et mat 16:17 an d'Paus gaangen. Den Tun huet mat gudde Paraden am Gol dozou bäigedroen dass de Réckstand zu deem Moment net méi grouss war.
Duerch eng konzentréiert Ekippeleeschtung an der 2. Halbzeit konnte sie dës kloer mat 23:13 fir sech entscheeden.
Topscorer war dës Kéier den Thomas mat 12 Goler, mee déi gutt Défense huet zum Schluss den Ënnerscheed gemaach esou dass de Museldall an deene leschten 12 Minutte just nach 3 Goler konnt markéieren.
Héichpunkt vum Match war awer sécher dem Kevin säin alleréischte Gol zum 37:29 bei 58:21. 🤩

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3529126

Weider geet et den 18/10 um 18h15 doheem géint den HBP - Handball Club vun der Gemeng Péiteng.

Do virdrunner sinn awer och schonn dee ganzen Dag Matcher:

▶️ 10h00 U11 Tournoi

▶️ 12h30 U13 - HC Berchem

▶️ 14h00 U15 - Handball Käerjeng/Handball Esch ASBL

▶️ 16h00 Dammen - HC Atert Redange

Falls d'Wieder et zouléisst grille mir virun der Hal. 🌭 🍟

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

  Coupe Hären: Mersch75 – HC Atert Redange (33:16)Eis Hären hu vum Ufank u géint Réiden dominéiert. Schonn an der Hallsc...
05/10/2026

Coupe Hären: Mersch75 – HC Atert Redange (33:16)

Eis Hären hu vum Ufank u géint Réiden dominéiert.
Schonn an der Hallschent war beim Stand vun 18:10 e komfortabele Virsprong erausgespillt.
Och an der zweeter Halbzäit huet d'Ekipp näischt ubrenne gelooss a just nach 6 Goler zougelooss, dovunner der 3 an deene leschten 20 Minutten.
Sie hunn de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut, dëst ënnert anerem mat engem 6:0 tëscht 44:53 an 52:07, an doduerch e kloeren 33:16-Erfolleg séchergestallt.
Topscorer war de Mathis Derneden mat 11 Goler, dovunner ee proppere 4/4 vum 7 Meter.
Jiddereen ass zum Asaz komm an de Maxime konnt seng éischt 2 Goler fir d'Ekipp markéieren. Leider war dëst dem Kevin (nach) net vergonnt.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3520276

Weider geet et den 11/10 um 18h15 doheem géint den HB Museldall.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

  Coupe Dammen: Mersch75 – Handball Esch (24:20)De Coupematch an der Wisestrooss huet ausgeglach ugefaangen. Bei 15:29 s...
05/10/2026

Coupe Dammen: Mersch75 – Handball Esch (24:20)

De Coupematch an der Wisestrooss huet ausgeglach ugefaangen. Bei 15:29 sinn eis Damme fir d'éischt mat 4:5 a Réckstand geroden. Mat 9:11 ass et an d'Paus gaangen.
Nom Wiessel huet d'Ekipp sech däitlech gesteiert. An enger intensiver Ophueljuegt huet Miersch bei 45:17 op 17:17 ausgeglach an d'Partie an der Schlussphase konsequent zu hire Gonschte gedréint.
15 Goler an der 2. Hallschent waren entscheedend esou dass um Enn eng verdéngte 24:20 Heemvictoire stoung.
D'Anne (8 Goler) an Martina (7 Goler) waren déi treffsécherst Spillerinne bei eis mee och d'Marthe huet mat enger gudder Leeschtung am Gol zum Succès bäigedroen.
Déi geschossen Ekippeleeschtung war awer spillentscheedend, elo waard d'1/4-Finall op sie.

https://spo.handball4all.de/misc/sboPublicReports.php?sGID=3519406

Weider geet et den 10/10 um 18h00 zu Schëffleng.

Dee komplette Spillplang fannt dir hei:
https://mersch75.lu/live-center.html

Adresse

Rue Des Prés
Mersch
7561

Téléphone

+35228800399

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Mersch75 publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Mersch75:

Raccourcis

Partager

Salles De Sport à proximité


Autres Équipe de sports amateur à Mersch

Tout Afficher