FC Excelsior Grevels

FC Excelsior Grevels Offiziellen Facebook - Säit vun F.C. Excelsior Gréiwels.

Eng staark Teamleeschtung mat vill Intensitéit, Kampf a Leidenschaft. Den Ofschloss vum Match koum duerch de Philippe Hu...
23/05/2026

Eng staark Teamleeschtung mat vill Intensitéit, Kampf a Leidenschaft. Den Ofschloss vum Match koum duerch de Philippe Huybrechts mam 3:1 — a wat fir e Moment: säi leschte Gol fir d’1. Ekipp vu Greiwels. ⚽💫

Haut geet eng ganz grouss Geschicht op en Enn. No 20 Joer am Trikot vu Greiwels an haut sengem 341. Match fir d’1. Mannschaft (ouni Frëndschaftsspiller) seet de Philippe Äddi un d’1. Equipe. Säi Wee huet de 07. August 2006 ugefaangen.

De Philippe war net nëmmen e Spiller hie war e richtege Kämpfer. Bei bal all Match dobäi wann et iergendwéi méiglech war, ëmmer alles gi fir d’Equipe. Och mat Verletzungen huet hien sech dacks duerchgebass an um Terrain gekämpft wéi e richtege Kämpfer. ëmmer mat Häerz, Charakter a voller Leidenschaft fir Greiwels.

Merci Philippe fir 20 Joer Loyalitéit, Kampfgeescht an onvergiesslech Momenter. Eng Legend verléisst d’1. Mannschaft, mee bleift fir ëmmer en Deel vun der Greiwels Famill. 👏

‼️Den N'Owend ass kee Match
20/05/2026

‼️Den N'Owend ass kee Match

3.Division

221 Championnat's Matcher. 13 Joer Gréiwels. Eng Karriär an der 1. Ekipp, op déi een houfreg ka sinn. Geschter huet de V...
18/05/2026

221 Championnat's Matcher. 13 Joer Gréiwels. Eng Karriär an der 1. Ekipp, op déi een houfreg ka sinn. Geschter huet de Vito Sorrentino säin 221. Championnat's Match fir Gréiwels gespillt an domat seng Karriär an der 1. Ekipp ofgeschloss. No 13 Joer am Veräin ass dat e Moment, dee méi wéi nëmmen e kuerze Merci verdéngt. Am Mëttelfeld war de Vito ëmmer ee Spiller, deen ni opginn huet. Ee richtege Kämpfer, deen um Terrain geschafft, gelaf a gekämpft huet. Op hie konnt een sech ëmmer verloossen egal ob am Match, um Training oder niewent dem Terrain. Mee de Vito war net nëmme sportlech wichteg. Och an der Kabinn huet hien iwwer all déi Joren seng Spueren hannerlooss. Mat sengem Humor, senge Spréch a senger gudder Laun konnt een ëmmer mat him laachen. Hien huet fir Stëmmung gesuergt an der Ekipp dat ginn, wat ee bei engem Veräin net kafe kann: Charakter, Frëndschaft a richtegt Veräinsgefill. Ee vun deene grousse Momenter, déi ëmmer mat him verbonne bleiwen, ass natierlech den Opstig vu Gréiwels. De Vito war dobäi, huet säin Deel dozou bäigedroen an ass domat en Deel vun der Geschicht vun dësem Veräin. Ganz fort ass hien awer net. Och wann d’Kapitel 1. Ekipp elo zougeet, bleift de Vito dem Veräin erhalen. A wann de Pierre bei der 2. Ekipp nees eng Kéier seng al Huesen um Terrain brauch, da wësse mer, datt de Vito nach ëmmer do ass. Vito, merci fir 13 Joer Loyalitéit, fir 221 Championnat's Matcher, fir däi Kampfgeescht, deng Zouverlässegkeet an all déi Momenter, wou s du eis zum Laache bruecht hues. Deng Zäit an der 1. Ekipp geet op en Enn, mee du bleifs ëmmer een Deel vu Gréiwels. Merci Vito fir alles

17/05/2026
09/05/2026

❤️🖤 !!! Déi nächst 3 Punkten zu Brattert !!!❤️🖤

No enger spannender 3:2-Victoire fir eis Jongen an Rout-Schwaarz, huet dee nächste Géigner FC Kiischpelt-Wëlwerwoltz geheescht!

Ee Géigner dee virum Spilldag mat 32 Punkten déi 2t Plaz an der 3ter Divisioun besat huet, sollt eis virun allem an der zweeter Halchent a Schwieregkeeten brèngen.

An der éischter Halchent konnten déi Gréiwelser awer duerch den Tun SCHON an de Len FABER mat 2:0 an d‘Halbzeit goen. Ee gudd Polster, wat och batter néideg war fir an de kommenden 45 Minuten géint Wëlwerwoltz an virun allem de Wand kennen ze bestoen…

Wëlwerwoltz konnt schlussendlech an der 56. Minutt duerch ee Käppergol no engem Corner verkierzen. Et sollt awer bei engem kämpfereschen 2:1 fir eisen Excelsior bleiwen!

D‘Stëmm zum Match vun eisem Trainer Claude GREISCH am Interview bei „Fupa Lëtzebuerg“:
„Gegen Wilwerwiltz gingen wir gleich zu Beginn offensiv in das Spiel und hatten den Wind im Rücken, was auf unserem Spielfeld durchaus eine Rolle spielt. Wilwerwiltz hatte Probleme, sich darauf einzustellen. Sie fanden in der 1.Halbzeit kein Mittel, die 2.Hälfte war dann aber völlig anders. Sie erhöhten den Druck und fanden das Anschlusstor, wir versuchten mehr zu zerstören, was eigentlich gar nicht unsere Art ist. Es war kein schöner Fußball mehr, denn sogar wenn wir versuchten, herauszuspielen, ist uns das nicht mehr gelungen. Dennoch, das bestätigte auch der Gegner, ging unser Sieg durch den Kampf und größeren Willen in Ordnung.“

Dëse Sonnden erwaart eis dann zu Brouch ee schwéieren Auswärtsmatch géint ee Géigner deen duerchaus mat engem Aen op den Opstiig ze schielen schèngt.

Mir si gespaant a giffen eis fréeen wéi emmer e puer Gréiwelser Supporter zu Brouch däerfen ze begréissen!

Dat ass de Gréiwelser Wee!❤️🖤

08/05/2026

❤️🖤!!! Éischt spilleresch erkämpfte Victoire fir eis Jongen vu Gréiwels !!!❤️🖤

Och wann dëse Post a Verspéidung kennt, wëlle mir nach e puer Wierder iwwert de Match verléieren:

Den FC Excelsior Gréiwels entscheed de Match mat 3:2 géint d‘AS Colmar-Bierg duerch eng intensiv an haart emkämpfte Leeschtung fir sech, a feiert domat deen éischten sportleche Succès vun der Saison!

No enger leider ganz schwiereger Spillzäit, wou zwar scho Punkten gesammelt gi sinn ( dat awer leider net iwwert de spilleresche Wee ), war eis Ekipp voll motivéiert fir déi éischt echt 3 Punkten anzesäckelen,
D‘Marschrichtung war kloer: Verantwortung iwwerhuelen, konsequent sinn an den Dueller an Ee fir deen Aneren als Eenheet optrieden.

Rout-Schwaarz huet genau dat iwwert dee ganze Match verkierpert…All Zweekampf gouf ugeholl, 90 Minuten laang gouf geschafft an geackert an dobäi eng héich Intensitéit un den Dag geluecht.

An engem Match deen ufanks schwéier ze bespillen war, hunn eis Jongen emmer besser rafonnt an sech stabiliséiert.

Mat Gedold, Asaz an Zusummenhalt ass et dann och gelongen an der wichteger Schlussphase d‘Partie ze zéien an schlussendlech ze belounen.

De Ronny huet et am Livetickerfazit relativ gudd zusummegefaasst:
„Gréiwels haut am Match wéi aus engem anere Film…
Vun der éischter Minutt un hunn si gewisen, wien hei de Boss um Terrain ass. Schéin Zich, staark Zweekämpf an eng
Portioun Selbstvertrauen, déi ee bal konnt upake Ennert dem Stréch: kloer déi besser Ekipp, an dës Victoire ass méi wéi verdéngt! Éierlech gesot, et gouf och mol erëm Zäit... d'Fans haten hire "Gewënn-Moment" laang
genuch op Standby stoe Staark Leeschtung vu Gréiwels, esou dierf et roueg weidergoen!“

Um Enn stinn net nemmen déi dräi Punkten op eisem Kont, mee och ee ganz wichtëge Schrëtt an der Entwècklung vum FC Excelsior Gréiwels!!

Dat ass de Gréiwelser Wee!❤️🖤

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Excelsior Grevels publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à FC Excelsior Grevels:

Partager