Union Sportive Rambrouch

Union Sportive Rambrouch Déi offiziell Seit vun der Union Sportive Rammerich. Hei fannt dir all d'Informatiounen zu de Matcher

🏆 Coupe de Luxembourg – PreliminaireMuer steet fir eis 1. Ekipp den Tour Preliminaire vun der Coupe de Luxembourg géint ...
01/09/2026

🏆 Coupe de Luxembourg – Preliminaire

Muer steet fir eis 1. Ekipp den Tour Preliminaire vun der Coupe de Luxembourg géint Berdorf-Consdorf um Programm! ⚽🔥

No der Victoire vum leschte Sonndeg wëll d’Ekipp de Schwong mathuelen an direkt déi nächst Victoire feieren! 💪🔵⚪️

Kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Jongen! 🙌🏻

Zweeten Championnats Match🔵⚪️.                                     USR 2-1 US Reisdorf
30/08/2026

Zweeten Championnats Match🔵⚪️. USR 2-1 US Reisdorf

Starting IIUSR vs US Reisdorf🔵⚪️
30/08/2026

Starting II
USR vs US Reisdorf🔵⚪️

🤝 MERCI UN EIS SPONSOREN & PARTNER 🔵⚪Am Kader vun eisem Match leschte Sonndeg war och déi offiziell Iwwerreechung vun ei...
30/08/2026

🤝 MERCI UN EIS SPONSOREN & PARTNER 🔵⚪

Am Kader vun eisem Match leschte Sonndeg war och déi offiziell Iwwerreechung vun eise neien Trikoten fir déi nächst zwou Saisonen. 👕⚽

Eng gutt Geleeënheet fir als Comité nach eng Kéier e grousse Merci un eis zwee Trikotsponsoren, Garage Claren & Cie an Mafrewa Services ze soen. 🙏

E grousse Merci geet och un den Asport fir d’Produktioun an d’Ëmsetzung vun eise neien Trikoten. 👏

Ouni d’Ënnerstëtzung vu lokale Partner wier villes an engem Veräin net méiglech. Mir si frou, op iech zielen ze kënnen, a soen Merci fir äert Vertrauen an d’Ënnerstëtzung vum Rammerecher Fußball! 💙🤍

⚽ 2. SPILLDAG – HEEMMATCH! 🔵⚪No der knapper 0:1-Néierlag um éischte Spilldag wëllen eis Jongen dëse Sonndeg déi éischt P...
28/08/2026

⚽ 2. SPILLDAG – HEEMMATCH! 🔵⚪

No der knapper 0:1-Néierlag um éischte Spilldag wëllen eis Jongen dëse Sonndeg déi éischt Punkte vun der Saison anhuelen. 💪

Mat Reisduerf kënnt awer direkt e staarken Opsteiger op Rammerech, deen eis sécher alles ofverlaange wäert.

📅 Sonnden, 30. August
⏰ 16:00 Auer
📍 Rammerech
🆚 US REISDORF 47

Mir freeën eis op jiddereen, deen de Wee op den Terrain fënnt an eis Ekipp ënnerstëtzt! 💙🤍

Allez USR!

⚽ TRAINER GESICHT! 🔵⚪Du hues Loscht, déi éischt Schrëtt vun eise jéngste Futtballer ze begleeden? 👟⚽Fir d’Saison 2026/27...
25/08/2026

⚽ TRAINER GESICHT! 🔵⚪

Du hues Loscht, déi éischt Schrëtt vun eise jéngste Futtballer ze begleeden? 👟⚽

Fir d’Saison 2026/27 sicht d’Union Sportive Rambrouch en engagéierten Trainer (m/w) fir eis U7.

Bei den U7 steet virun allem d’Freed um Futtball, d’Beweegung an dat gemeinsamt Erliewen an der Ekipp am Mëttelpunkt. 💙🤍

Du bass motivéiert, zouverlässeg a schaffs gär mat Kanner? Da géife mir eis freeën, vun dir ze héieren!

📩 Mell dech bei eis:
[email protected]

Gären deelen, fir datt mir déi richteg Persoun fir eis Kleng fannen! 🙌

⚽ DE CHAMPIONNAT GEET ERËM LASS! 🔵⚪Dëse Sonndeg steet fir eis éischt Ekipp den éischte Championnatsmatch vun der neier S...
19/08/2026

⚽ DE CHAMPIONNAT GEET ERËM LASS! 🔵⚪

Dëse Sonndeg steet fir eis éischt Ekipp den éischte Championnatsmatch vun der neier Saison um Programm.

Fir den Optakt kréie mir et direkt mat der AS Wëntger ze dinn, déi d’lescht Saison nach an der 1. Divisioun gespillt huet.

Eis Jongen wëllen doheem zu Rammerech gutt an déi nei Saison starten an déi éischt Punkte mathuelen. 💪

📅 Sonnden, 23. August
⏰ 16:00 Auer
📍 Rammerech
🆚 AS Wincrange

Mir freeën eis op jiddereen, deen de Wee op den Terrain fënnt an eis Ekipp beim Saisonoptakt ënnerstëtzt! 💙🤍

Allez USR!

🏆 Coupe-Finallen – Samschdeg, den 01.08.2026 🏆Dëse Samschdeg, den 01.08.2026, stinn d‘Coupe-Finallen um Programm!🕓 16:00...
30/07/2026

🏆 Coupe-Finallen – Samschdeg, den 01.08.2026 🏆
Dëse Samschdeg, den 01.08.2026, stinn d‘Coupe-Finallen um Programm!
🕓 16:00 Auer – Match ëm déi 3. Plaz
⚽ US Esch 🆚 FC Greenboys 77
🕡 18:30 Auer – Finall
🏆 US Rambrouch 🆚 Alliance Äischdall
Kommt laanscht a genéisst spannend Matcher, eng super Ambiance an ënnerstëtzt är Equipe!
Mir freeën eis! ⚽🏆

Eis nei Trikote sinn do! 🎉Egal ob fir d’Spiller, d’Trainerséquipe oder eis trei Supporteren – jidderee kann sech elo säi...
25/07/2026

Eis nei Trikote sinn do! 🎉

Egal ob fir d’Spiller, d’Trainerséquipe oder eis trei Supporteren – jidderee kann sech elo säin Trikot sécheren.

Wéi funktionéiert d’Bestellung?

Wou: Direkt iwwer eisen Online-Shop
https://absolute-teamsport.lu/collections/us-rambrouch/

Gréissten: Vun XS bis ###L an Kannergréissten

Waart net ze laang mat Ärer Bestellung an sidd prett fir déi nei Saison a weis deng Faarwen! 🔵⚪

Victoire am Testmatch! 💪⚽Eis Jongen konnten sech gëschter mat 3:2 duerchsetzen. 👏⚽ Goler:Steven Fernandes Charel Nothum ...
22/07/2026

Victoire am Testmatch! 💪⚽
Eis Jongen konnten sech gëschter mat 3:2 duerchsetzen. 👏
⚽ Goler:
Steven Fernandes
Charel Nothum
Kevin Dusemang
Den nächsten Testmatch ass den 25.07.2026 géint Kyllburg. Mir freeën eis op är Ënnerstëtzung! 🔵⚪️

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Union Sportive Rambrouch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Union Sportive Rambrouch:

Raccourcis

Partager