16/06/2026
💥FOYER NATIONAL YOUTH CHAMPIONSHIPS💥
E Sonndeg, de 14. Juni, sinn d‘Landesmeeschterschaften am Dëschtennis an de Jugendkategorien ausgedroe ginn. Dräi Berbuerger Spillerinnen sinn do un den Dësch getrueden.💪🏻
Bei de Minimes Meedercher ass d‘Michelle Buttini mat senger Dubbelpartnerin Anna-Lena Stemper vum DT Lenneng op déi 3. Plaz komm.🥉
D‘Chiara Gieres huet direkt zwou Bronze Medaillen gewonnen: am Eenzel bei de Juniors Meedercher an am Dubbel mam Sophia Schoellen vum DT Recken.🥉🥉
Am Juniors Dubbel Mixte ass d‘Jona Schuder Minden mam Pit Scholtes (DT Lenneng) op déi 3. Plaz um Podium komm.🥉
Bei de Cadets Meedercher am Dubbel krut d‘Jona eng Sëlwermedaille zësummen mam Marie Schoellen vum DT Recken.🥈
An am Eenzel bei de Cadets Meedercher konnt d‘Jona säin Titel vum leschte Joer verdeedegen an stoung ganz uewen um Podium.🥇
Gratulatioun Meedercher, maacht weider esou!❤️🔥