Handball Leideleng

Site Web

Handball Leideleng Dir hudd laang missen drop warden, mee lo ass et sou weit: Aer Lieblingsequipe huet eng Facebookseit. Hei fannt der an Zukunft all News iwwert den HBL.

No zwou souveränen Hallschente gewanne mir zu Reiden🦈
24/10/2026

No zwou souveränen Hallschente gewanne mir zu Reiden🦈

MATCHDAY!🦈Den Owend um 20h15 ginn eis Haien op Reiden! Si freeën sech op är Ënnerstëtzung
24/10/2026

MATCHDAY!🦈

Den Owend um 20h15 ginn eis Haien op Reiden! Si freeën sech op är Ënnerstëtzung

Eddi W***y🕊️
21/10/2026

Eddi W***y🕊️

🖤 A stëllem Gedenken un de Georges genannt W***y Geib 🕯️

Mat grousser Trauer an déiwer Betraffenheet hu mir d'Nouvelle vum Doud vun eisem léiwe W***y haut krut.

Mat him verléiert d’FLH net nëmmen en aussergewéinlech engagéierten a verdéngschtvolle Member, mee virun allem e Mënsch, deen iwwer vill Joerzéngten eis Federatioun matgepräägt huet an dee fir vill vun eis och e gudde Frënd war.

De W***y huet sech iwwer Joerzéngte mat onermiddlechem Asaz, grousser Leidenschaft an engem aussergewéinleche Verantwortungsbewosstsinn fir d’FLH agesat, sief et am Arbitterwiesen oder als äusserst aktiven a wäertvolle Member vun der Kalennerkommissioun – säin Engagement, säi grousst Fachwëssen a seng Erfarung waren eng onschätzbar Beräicherung fir eis all..

De W***y war ee vun deene Mënschen, op déi een ëmmer ziele konnt. Hien huet ni d’Stonne gezielt, déi hie fir säin Engagement opbruecht huet. Fir hie war et eng Selbstverständlechkeet, do ze sinn, mat unzepaken, Léisungen ze fannen a säi Wëssen an den Déngscht vun aneren ze stellen.

Mee wat de W***y esou besonnesch gemaach huet, war net nëmmen säin organisatorescht Talent oder seng aussergewéinlech Fachkompetenz: Et war virun allem de Mënsch hannendrun. Seng Zouverlässegkeet, seng Hëllefsbereetschaft, seng Loyalitéit a seng mënschlech Aart hunn hien zu engem geschätzte Kolleeg an zu engem Frënd gemaach, deen een net esou séier vergësst.

Et gëtt Mënschen, deenen hiren Asaz wäit iwwer dat erausgeet, wat ee mat Wierder beschreiwe kann. De W***y war esou ee Mënsch. Wat hien iwwer all déi Jore fir d’FLH geleescht huet, léisst sech kaum a Wierder faassen. Säin Engagement huet Spueren hannerlooss, déi nach laang ze spiere wäerte sinn.

Léiwe W***y, mir soen dir vu ganzem Häerz MERCI. Merci fir deng Zäit, deng Gedold, däi Wëssen, deng Frëndschaft a virun allem fir alles, wat s du fir eis an eise Sport gemaach hues.

Deng Plaz an eiser FLH wäert eidel bleiwen. Mee d'Erënnerung u dech un däin Asaz an all déi gemeinsam Momenter wäerten an eisen Häerzer weiderliewen.

An dëse schwéiere Stonne gëllen eis déifst Matgefill an eis häerzlechst Bäileed senger Famill, senge Frënn an all deenen, déi him nostoungen. Mir wënschen hinne vill Kraaft an Trouscht an dëser schwéierer Zäit.

W***y, du wäerts eis feelen. Mir wäerten dech net vergiessen. 🖤

Rou a Fridden, léiwe W***y. 🕊️

Vill Verletzungspech fir eis Haien am Moment. Iwwer 60 Minutte weisen si trotzdeem ganz vill Moral, mee mussen sech zum ...
17/10/2026

Vill Verletzungspech fir eis Haien am Moment. Iwwer 60 Minutte weisen si trotzdeem ganz vill Moral, mee mussen sech zum Schluss leider awer geschloe gi 🦈

MATCHDAY!🦈Haut den Owend um 20h15 kennt de Museldall bei eis Haien! Kommt also laanscht a suergt fir bësse Stëmmung🦈
16/10/2026

MATCHDAY!🦈

Haut den Owend um 20h15 kennt de Museldall bei eis Haien! Kommt also laanscht a suergt fir bësse Stëmmung🦈

No zwou schwéieren Hallschenten hunn eis Haien sech leider misse geschloe ginn🦈
10/10/2026

No zwou schwéieren Hallschenten hunn eis Haien sech leider misse geschloe ginn🦈

MATCHDAY!🦈Den Owend um 20h15 spillen eis Haien zu Schëffleng! Kommt ganz gäre bis laanscht 🦈
10/10/2026

MATCHDAY!🦈

Den Owend um 20h15 spillen eis Haien zu Schëffleng! Kommt ganz gäre bis laanscht 🦈

Mat enger couragéierter Leeschtung verléiere mir géint de Favorit vu Käerjeng. Dem Henok wënsche mir eng schnell Genesun...
03/10/2026

Mat enger couragéierter Leeschtung verléiere mir géint de Favorit vu Käerjeng. Dem Henok wënsche mir eng schnell Genesung a mir hoffen heen séier rëm um Terrain begréissen ze kennen🦈

MATCHDAY!🦈Coupe Match fir eis Haien. Den Owend um 20h15 spillen Si zu Kaerjeng a probéieren dem groussen Favorit een Bee...
03/10/2026

MATCHDAY!🦈

Coupe Match fir eis Haien. Den Owend um 20h15 spillen Si zu Kaerjeng a probéieren dem groussen Favorit een Been ze stellen😉💪🏻

Eis Haien weisen eng konzentréiert Leeschtung iwwert 60 Minuten a behalen Punkten zu Leideleng🦈💪🏻
26/09/2026

Eis Haien weisen eng konzentréiert Leeschtung iwwert 60 Minuten a behalen Punkten zu Leideleng🦈💪🏻

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Handball Leideleng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager