15/08/2026
Och déi lescht Saison hu mir als Supporter Club vu der Sparta Bartreng de Veräin nees tatkräfteg ënnerstëtzt – souwuel moralesch wéi och finanziell.
Nodeems mir an de leschte Joren eis Senior-Ekippe komplett agekleet haten an de Veräin ënner anerem beim Finanzement vun enger Worfmaschinn ënnerstëtze konnten, hu mir och an der Saison 2025/26 e wichtege Bäitrag fir Sparta geleescht. Am Kader vum 90-Joer-Jubiläum vu der Sparta hu mir dem Veräin en Don vun 3.090,90 € iwwerreecht an um Ofschloss vun der Saison, bei der Generalversammlung, koum nach en weideren Don vun 4.000 € dobäi.
A wéi bal all Joer hu mir och eis Kleeschefeier organiséiert an eise Klengsten mat engem flotte Cadeau eng Freed gemaach. Natierlech ware mir och bei den Heemmatcher präsent: Mat eisem Stand, eisen aussergewéinleche Cocktailer an eiser Bartrenger Lof(t) hu mir fir gutt Stëmmung gesuergt. An och um Wantermaart waren mer natierlech nees mat dobäi.
Ausserdem hu mir eis Memberen, de CA vu der Sparta, d’Jugendcoachen, souwéi Spartinaikos an d’Hären- an d’Damenekipp op eng gemeinsam Chrëschtfeier an de Chalet zu Bartreng invitéiert.
E grousse Merci geet un all eis Memberen a Supporter, déi eis duerch d’Saison begleet an ënnerstëtzt hunn. Ouni är Ënnerstëtzung, är Begeeschterung an ären Engagement wier all dat net méiglech gewiescht.
Esou konnte mir och dës Saison eise Beitrag dozou leeschten, Sparta Bartreng ze ënnerstëtzen – mat vill Engagement, vill Häerzblutt an enger grousser Portioun Leidenschaft fir eise Veräin.
Saison 2026/27 kann kommen. Mir sin bereet….
Ār Spartamylof