22/06/2026
Eise Festival cycliste wor ee grousse Succès, trotz der enormer Hëtzt de ganze Weekend iwwer.
Ee riisegen Merci un all eis Memberen vum Club, déi vill extern Benevollen, d’Gemeng Bartreng, d’FSCL, d’Jury, d’Police, d’Eischt Hëllef an och eisen Sponsoren, dass dir dozou bäigedroen hutt, dass de Festival iwerhapt konnt esou stattfannen!!!!! An däer Hetzt wor dat och eng absolut Héichleeschtung!!! 🥵🥵🥵
MERCI DOVIR!!!!
Eis kleng Coureuren sinn op de Kannercoursen och super Coursen gefuer, obwuel se de ganzen Weekend kräfteg matgehollef hunn a virun allem haten se all enorm vill Spaass 🥰🤩
Bei de Stroossencoursen geschter hate mir och eng ganz Rei Coureuren um Départ an och zwee Podiumen mam Kostya Golotsvan 🥈a mam Lucas Brokopp 🥉 💪🏻🚴🏼♂️