US Feulen

US Feulen US Feulen Allez Union Sportive de Feulen

Saison 2012/2013

⚫️🔴Wëllkomm Adilson🔴⚫️Mir begréissen den Adilson ganz häerzlech a soen dem Bob e grousse Merci fir déi professionell Aar...
18/06/2026

⚫️🔴Wëllkomm Adilson🔴⚫️

Mir begréissen den Adilson ganz häerzlech a soen dem Bob e grousse Merci fir déi professionell Aarbecht.

⚫️ Wëllkomm zu Feelen, Ivo! 🔴Mir freeën eis, den Ivo an eiser rout-schwaarzer Famill begréissen ze dierfen!
10/06/2026

⚫️ Wëllkomm zu Feelen, Ivo! 🔴

Mir freeën eis, den Ivo an eiser rout-schwaarzer Famill begréissen ze dierfen!

Dat sinn eis Géigner fir d’nächst Saison an der Éierepromotioun 2026/2027.Mir freeën eis schonn op spannend Matcher a gr...
06/06/2026

Dat sinn eis Géigner fir d’nächst Saison an der Éierepromotioun 2026/2027.

Mir freeën eis schonn op spannend Matcher a grouss Erausfuerderungen!

🔴⚫ Fabio verlängert bei der US Feulen 1947 ⚫🔴E staarkt Zeechen fir d’Zukunft: Eise Kapitän Fabio bleift eis trei a verlä...
05/06/2026

🔴⚫ Fabio verlängert bei der US Feulen 1947 ⚫🔴

E staarkt Zeechen fir d’Zukunft: Eise Kapitän Fabio bleift eis trei a verlängert säin Engagement beim Veräin.

Mat sengem Kampfgeescht, senger Erfahrung a senger Féierungsqualitéit ass de Fabio eng Schlësselfigur an eiser Equipe. Hien geet virun, iwwerhëlt Verantwortung a vertrëtt eis rout-schwaarz Faarwe mat Stolz.

Mir si frou och an de kommende Saisonen op eise Kapitän ziele kënnen a freeën eis op vill weider flott Momenter zesummen.

Merci Fabio – zesumme gi mir weider! ❤️🖤

🔴⚫

🔴⚫ Lima verlängert! 🔴⚫De Lima huet säi Kontrakt bis 2030 verlängert! Mir freeën eis, hien och an de kommende Joren an ei...
05/06/2026

🔴⚫ Lima verlängert! 🔴⚫

De Lima huet säi Kontrakt bis 2030 verlängert!

Mir freeën eis, hien och an de kommende Joren an eisen Faarwen ze gesinn.

🔴⚫

🔴⚫ Kontraktverlängerung bis 2030 🔴⚫De US Feulen ass frou matzedeelen, datt den Djavan säi Kontrakt bis 2030 verlängert h...
05/06/2026

🔴⚫ Kontraktverlängerung bis 2030 🔴⚫

De US Feulen ass frou matzedeelen, datt den Djavan säi Kontrakt bis 2030 verlängert huet.

Mat iwwer 100 Matcher fir eise Veräin ass hien zu engem feste Bestanddeel vun eiser Ekipp ginn. Säin Asaz, seng Konstanz an seng Identifikatioun mam US Feulen maachen hien zu engem wichtege Spiller op an nieft dem Terrain.

Mir si stolz, datt den Djavan seng Rees bei eis weiderféiert a freeën eis op vill weider gemeinsam Erfolleger an de kommende Joren.

Merci fir däin Engagement an däi Vertrauen, Djavan! ❤️🖤

🔴⚫

No enger aussergewéinlecher Saison wëlle mir eis als Veräin häerzlech bei jidderengem bedanken, deen dozou bäigedroen hu...
27/05/2026

No enger aussergewéinlecher Saison wëlle mir eis als Veräin häerzlech bei jidderengem bedanken, deen dozou bäigedroen huet, datt mir esou vill schéin Momenter erliewe konnten.

Mat 49 Punkten an der PH an enger Plaz an der Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg hu mir eng historesch Saison erlieft. Och wann nach e bëssen méi dran gewiescht wier, kucke mir mat vill Stolz op dat zeréck, wat mir zesummen erreecht hunn an nach méi motivéiert op déi nächst Saison.

E grousse Merci geet un eis Sponsoren, déi eis während der ganzer Saison ënnerstëtzt an eis Vertrauen entgéintbruecht hunn. Ouni Iech wier dat alles net méiglech.

Merci och un all eis Benevollen a Leit ronderëm de Club, déi hannert de Kulisse vill Zäit an Energie investéieren. Är Aarbecht ass onersetzbar a mécht eise Veräin zu deem, wat en ass.

Un eise Staff, Merci fir ären Engagement, är Professionalitéit an déi vill Aarbecht all Dag, fir d’Equipe ëmmer erëm no vir ze bréngen.

Un eis Supporteren a Spectateuren, Merci fir är Ënnerstëtzung doheem an auswäerts. Är Präsenz, är Stëmmung an är Loyalitéit hu vill zu dëser Saison bäigedroen.

An natierlech e risege Merci un eis Spiller, déi mat vill Häerz, Asaz a Kampfgeescht d’Faarwe vum Club vertrueden hunn. Dir kënnt houfreg op iech sinn.

Dës Saison huet gewisen, wat méiglech ass, wann ee zesummenhält. Loosst eis op dëser Basis opbauen an zesummen nach méi staark zeréckkommen.

Merci un jiddereen ❤️

📣 Offiziell Matdeelung vum US FeelenMir si frou Iech matzedeelen, datt mir eis Zesummenaarbecht mam Cheftrainer Yvo Mart...
25/05/2026

📣 Offiziell Matdeelung vum US Feelen

Mir si frou Iech matzedeelen, datt mir eis Zesummenaarbecht mam Cheftrainer Yvo Martins verlängert hunn. 🤝

Mat vill Engagement, Professionalitéit a Leidenschaft huet hien an de leschte Méint eng wichteg Roll an der Entwécklung vun eiser Equipe gespillt. Mir si iwwerzeegt, datt mir zesumme weider un eiser sportlecher Zukunft kënne bauen an eis Ziler erreechen.

De ganze Veräin vum US Feelen freeët sech op déi weider gemeinsam Aarbecht a wënschen dem Yvo vill Erfolleg fir déi nächst Etappen. 🔴⚫️

Mat engem 3-1 Victoire zu Ettelbréck hu mir eisen leschte Match gewonnen. Mir wëllen den Ettelbrécker an de Rémlenger hä...
24/05/2026

Mat engem 3-1 Victoire zu Ettelbréck hu mir eisen leschte Match gewonnen.

Mir wëllen den Ettelbrécker an de Rémlenger häerzlech gratuléieren fir den Opstig an d’BGL. 👏

De Biissener e grousse Bravo fir de Championstitel — all Respekt fir är Saison! 🏆👏

FC Etzella Ettelbruck FC Atert Bissen US Rumelange

⚽🔥 MATCHDAY MUER 🔥⚽De leschte Spilldag vun der Saison steet un! 💥🔵 FC Etzella 🆚 US Feulen 🔴🕓 Ustouss um 16:00Kommt laans...
22/05/2026

⚽🔥 MATCHDAY MUER 🔥⚽

De leschte Spilldag vun der Saison steet un! 💥

🔵 FC Etzella 🆚 US Feulen 🔴

🕓 Ustouss um 16:00

Kommt laanscht a supportéiert eis Ekipp nach eng Kéier dës Saison! 🙌

Mir freeën eis op eng staark Ambiance an e flotte Fussballnomëtteg! 💪

Adresse

44B Route De Bastogne
Niederfeulen
L-9177

Téléphone

+352621228868

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque US Feulen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à US Feulen:

Partager