FC72 Ierpeldeng

FC72 Ierpeldeng Dat hei ass déi offiziell Facebook Säit vum FC72 Ierpeldeng. www.fc72.lu

08/09/2026
07/09/2026
Éischt « englesch Woch » vun der Saison !No eiser Qualifikatioun fir den nächsten Tour an der Coupe de Luxembourg, geet ...
07/09/2026

Éischt « englesch Woch » vun der Saison !
No eiser Qualifikatioun fir den nächsten Tour an der Coupe de Luxembourg, geet et e Mëttwoch schonn erëm am Championnat weider. No 2 Spilldeeg kann een nach net alles iwwert d’Stäerkt vun de Géigner soen, mee mam FC Blo-Waiss Medernach erwaard eis ee Géigner, dee, grad wéi mir, seng zwee éischt Matcher gewonnen huet. Op mannst eng vun den 2 Ekippe léist also seng éischt Punkten hänken a mat ärer Ënnerstëtzung hoffe mir, dass mir den 3er an der Trell behalen.

⚽ De Ball vum Match gëtt gesponsert vun MY STONE LUX SARL.
🤝 Sponsor vum Match as Asport sports + performance.
E grousse Merci fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung vun eisem Club! 🙏

Kommt eis Equipe ënnerstëtzen!

⚽️ Trainéiere wéi d’Profien – fir déi 5. Kéier an der Trell! 🧡🖤Fir déi 5. Kéier huet et an der Trell geheescht: „Trainéi...
07/09/2026

⚽️ Trainéiere wéi d’Profien – fir déi 5. Kéier an der Trell! 🧡🖤

Fir déi 5. Kéier huet et an der Trell geheescht: „Trainéiere wéi d’Profien“ – zesumme mat der Fussballschoul vum 1. FSV Mainz 05
Ronn 40 Kanner hunn iwwer 3 Deeg mat professionelle Mainz-Traineren un hirer Technik, Koordinatioun a Spillverständnis geschafft. Natierlech ass och de Spaass net ze kuerz komm!
Mat ville Spiller konnten d’Kanner dat Geléiert direkt an d’Praxis ëmsetzen, éier de Stage mat engem flotten Ofschlossturnéier op en Enn gaangen ass.
Bravo un all eis jonk Sportlerinnen a Sportler!

E grousse Merci och un d’Elteren, déi hire Kanner d’Méiglechkeet ginn hunn, un dësem flotte Stage deelzehuelen.
E ganz spezielle Merci geet un eis Benevollen, ouni déi esou e Stage iwwerhaapt net méiglech wier.

🙏 Merci och un Épicerie Bontà italiana fir de Sponsoring vum Uebst fir de Weekend an un Beim Troterbatti a der Sauerstuff fir d’Mëttegiessen.

Merci un all déi, déi zu dësem gelongene Fussballweekend bäigedroen hunn! ⚽️🧡🖤

1-3 gewannen eis Jongen zu Reisdorf géint den US Reisdorf 47 a sinn domadder eng Ronn weider an der Coupe de Luxembourg....
06/09/2026

1-3 gewannen eis Jongen zu Reisdorf géint den US Reisdorf 47 a sinn domadder eng Ronn weider an der Coupe de Luxembourg. Eng gegléckte Revanche also fir de Match vum leschte Joer wou mir deemools zu Gilsdref vu Reisduerf eliminéiert goufen.

04/09/2026
🏆E Sonndeg fänkt fir eis éischt Ekipp dann och d’Saison an der Coupe de Luxembourg un. No engem perfekte Start an d’Cham...
04/09/2026

🏆E Sonndeg fänkt fir eis éischt Ekipp dann och d’Saison an der Coupe de Luxembourg un.
No engem perfekte Start an d’Championat, waard zu Reisduerf mat US Reisdorf 47 ee Géigner, bei dem mer aus der leschter Coupe-Saison nach eng Revanche ze huelen hunn. Mee d’Coupe huet hier eege Gesetzer (och wann dëse Saz doheem mat Sécherheet 5€ an d’Phrasenschwein géif kaschten) 😉
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen. Zesumme packe mer et an den nächsten Tour. ⚽️⚽️⚽️

Och dës Saison hun mer puer Manifestatiounen an eiser Buvette 🙂
03/09/2026

Och dës Saison hun mer puer Manifestatiounen an eiser Buvette 🙂

03/09/2026

Deen schéinsten Terrain aus der 1. Divisioun. Merci Romain De Kroon an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer mat Hellef vun 3S Tech

Adresse

Terrain De Football/Gruefwee
Erpeldange-sur-Sûre
9147

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC72 Ierpeldeng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à FC72 Ierpeldeng:

Raccourcis

Partager