30/10/2026
🌎Een Dag voller Begeeschterung, Austausch an Zesummenhalt op der Lameschmillen 🤝Gëschter haat d‘ENAD (école nationale pour adultes) hieren Teambuilding-Dag bei eis op der Lameschmillen.
Et as wierklech beandrockend ze gesin, wéi vill verschidden Nationalitéiten a Kulturen hei zesummekomm sinn.
Schüler*innen matt Originnen aus dem Sudan, Syrien, Guinea, Peru an nach vill méi Laenner hun eis mat hirer Vielfalt beäichert ❤️
Un engem groussen Dësch hu mär zesumme giess, et as zesumme geschafft gin, d‘Staell si propper gemaach gin a mär hun iwer Kommunikatioun geschwaat.
Waat eis besonnesch beandrockt huet, waren déi vill immens léif, motivéiert a engagéiert Perséinlechkeeten.
Et si jonk Mënschen, déi matt vill guddem Wëllen, Frëndlechkeet a Fläiss un d‘Saach eru gin.
Och wann d‘Kommunikatioun heiansdo eng Erausfuerderung ass, mierkt een direkt, wéi vill Motivatioun a Bereetschaft do ass, fiir matzeschaffen an ze léieren.
Eise Message un all Patronen:
Traut aerch, engem vun dëse Jonke Mënschen eng Chance als Stagiaire ze ginn!
Et kann eng ganz wertvoll Erfahrung fiir béid Säite sinn❤️
Verschidde Kulturen, verschidde Sproochen, mee eng gemeinsam Saach: de Wëllen, zesummen Eppes ze erreechen!
Ee grousse Merci un d‘ENAD fiir dësen inspiréierenden Dag❤️