31/10/2026
🎉 Happy to you – Happy to us – Happy 10 Joer LAOLA! 🥳
Den 31. Oktober 2016 hu mir zu e puer Kolleegen d’LAOLA asbl gegrënnt - do gesäit een, wéi séier d’Zäit verflitt!
Nieft eisen eegenen Organisatiounen, ewéi eise sëllege Beernalty’en, eisem Nikloosscup oder eisem Fussballdarts an de Rives de Clausen, hu mir an de leschten 10 Joer esou Munches erlieft;
Mir sinn duerch Europa gereest, fir dem ronne Lieder nozejoen: mir sinn duerch Amsterdam gesträift, hunn Turin, Warschau, Basel, Solna, Lyon, Sevilla, Budapest, Dublin, Bilbao an Istanbul onsécher gemaach – fir nëmmen e puer Destinatiounen ze nennen; ⚽✈️
Mir hunn eis an alle méigleche Sportaarten probéiert: am Vëlkerball, am Volleyball oder am Fussball - iergendwann hu mir de Ball dunn ganz ewechgelooss a si lafe gaangen … fir schlussendlech am Fëschen eis Erfëllung ze fannen; 🎣😂
Egal wat mir gemaach hunn, mir hunn et zesumme gemaach:
Als Team, als Frënn, als Famill! ❤️
10 Joer LAOLA – dat sinn net nëmmen Eventer, Reesen a sportlech Aventuren; Dat sinn 10 Joer voller Laachen, onvergiessleche Momenter, verréckten Iddien a Frëndschaften, Déi wäit iwwer de Veräin erausginn.
10 Joer feiert een nëmmen eemol!🎂
Also loosst eis dëse Moment zesumme genéissen, op dat Erreechtent ustoussen an op déi nächst 10 Joer LAOLA prosten!
Happy Birthday, LAOLA!
Op eis, op Iech an op Alles, wat nach kënnt! 🥂🍻