11F Sport

11F Sport Sport News and Events Wilkommen bei 11F Sport. Wir organisieren das ganze Jahr über Veranstaltungen.

Wir sind die grösste Sport Community aus Luxemburg auf deren Plattform sich Spieler, Trainer und Fans zusammenfinden. Diese reichen von Sportreisen über Freizeitturniere bis hin zu E-Sport Turniere. Like diese Seite und teile sie mit all deinen Freunden um immer auf dem Laufenden zu sein und um Nichts zu verpassen.

____________________________________________

Bienvenue à 11F Sport. Nous représen

tons la plus grande communauté de sport au Luxembourg où les joueurs, entraineurs et fans se rejoignent. Nous organisons régulièrement des évènements tout au long de l'année. Cela peut être des voyages dans des stades, des tournois de loisirs ou des tournois E-Sport. Aimez cette page et partagez-la avec tous vos amis pour ne rien manquer.

🇱🇺⚽️ Enzo dos Santos steet am BVB Kader fir d'Champions League. Domad kéint de 17-jähregen den 5. Lëtzebuerger sinn, dee...
07/09/2026

🇱🇺⚽️ Enzo dos Santos steet am BVB Kader fir d'Champions League.

Domad kéint de 17-jähregen den 5. Lëtzebuerger sinn, deen an der Kineksklass zum Asatz kënnt🔥🙏

Borussia Dortmund spillt muer den Owend um 21h00 géint Villarreal.

🇱🇺 Chester Kieffer ass Rookie-Champion am Porsche Supercup🏆No engem Chaos-Start, gouf déi lescht Course zu Monza schonn ...
06/09/2026

🇱🇺 Chester Kieffer ass Rookie-Champion am Porsche Supercup🏆

No engem Chaos-Start, gouf déi lescht Course zu Monza schonn no der 2. Ronn ofgebrach. Um 12:20 Auer koum dunn d'Meldung vun de Responsablen, dass d'Course net méi gestart gëtt, well den Zäitplang hannendrun et net erlaabt.

Gratulatioun Chester💪

📸 IG / chester_kieffer

🇱🇺🏃‍♀️Zwee super 4. Plazen an der Finale vun der Diamond League zu Bréissel! 💎​En aussergewéinlechen Owend fir d'Lëtzebu...
06/09/2026

🇱🇺🏃‍♀️Zwee super 4. Plazen an der Finale vun der Diamond League zu Bréissel! 💎

​En aussergewéinlechen Owend fir d'Lëtzebuerger Liichtathletik wou d'Patrizia van der Weken eng exzellent 4. Plaz am 100 m an 11,08 Sekonnen hëllt.

De Ruben Querinjean kënnt ebenfalls op déi 4. Plaz am 3000 m Steeple (8:11,97) an ass domat beschten Europäer!

​Zwee Lëtzebuerger Athleeten un der Weltspëtzt! 🇱🇺👏

Häerzleche Gléckwonsch un de Ruben an d'Patrizia!

📸FLA

😀🔥 Barreiro an Topform mat 2 Goler fir Benfica an MOTM 🦅💪SLB gewennt den Owend géint Maritimo Funchal mat 3-0. Dobäi sch...
05/09/2026

😀🔥 Barreiro an Topform mat 2 Goler fir Benfica an MOTM 🦅💪

SLB gewennt den Owend géint Maritimo Funchal mat 3-0. Dobäi schéisst eisen 🇱🇺 Nationalspiller déi éischt 2 Goler.

🟪Wat fir eng gäil Choreo vun de Supporter vum VFL Osnabrück gëschter Owend🔥
03/09/2026

🟪Wat fir eng gäil Choreo vun de Supporter vum VFL Osnabrück gëschter Owend🔥

❌️Gerson Rodrigues confirméiert Depart vu Vardar Skopje!🇱🇺 Den Ex-Nationalspiller ass deemno op der Sich no enger weider...
03/09/2026

❌️Gerson Rodrigues confirméiert Depart vu Vardar Skopje!

🇱🇺 Den Ex-Nationalspiller ass deemno op der Sich no enger weiderer Challenge.

🗯Déi ganz Story fannt der op Instagram: gerson_rodrigues_11

🇱🇺De Gerson Rodrigues kéint Vardar Skopje, bei deen hie sech am Juni mat engem Ee-Joer-Kontrakt ugeschloss hat, schonn e...
01/09/2026

🇱🇺De Gerson Rodrigues kéint Vardar Skopje, bei deen hie sech am Juni mat engem Ee-Joer-Kontrakt ugeschloss hat, schonn erëm verloossen🤯

❌️De Spiller huet zanter Ufank August kee Pflichtmatch méi fir säin neie Club bestriden. Den Gerson hat d'Saison eigentlech gutt ugefaangen an an de sechs Asätz ee Gol an zwou Virlage verbucht, mee en Tëschefall während engem Trainingslager virun engem Match soll dozou gefouert hunn, datt hien aus der Ekipp geholl gouf❌️

💥Um Dënschdegmoie huet de Spiller op de soziale Medie säi Schweige gebrach: "Net all Kapitelen halen esou op, wéi mir et geplangt haten. Mee ech hat ni Angscht, eng nei Säit opzeschloen. Ech wäert alles ginn, mat allem, wat ech hunn. De Kontrakt respektéieren. Bezuelen, wat geschëldet gëtt. Esou einfach ass dat. Alles aneres ass just Kaméidi", huet hie geschriwwen🗯

🇱🇺 Querinjean pulveriséiert de nationale Rekord iwwert 3000 Meter Steeple💪De Ruben Querinjean huet e Sonndegnomëtteg zu ...
24/08/2026

🇱🇺 Querinjean pulveriséiert de nationale Rekord iwwert 3000 Meter Steeple💪

De Ruben Querinjean huet e Sonndegnomëtteg zu Chorzow (Polen) eng aussergewéinlech Leeschtung gewisen an ass op déi véiert Plaz an engem héichkompetitive Rennen komm.

Gewonne gouf d'Course vum Ethiopier Gemechu Godana an 8:02,74 Minutten, virum zweefachen Olympiameeschter Soufiane El Bakkali (8:04,61) an engem weidere Marokkaner, dem Salah Ben Yazide (8:05,08). De Querinjean ass direkt hannert dem nordafrikaneschen Athlet iwwer d'Arrivée komm an huet eng beandrockend Zäit vun 8:05,36 erreecht. Wahnsinn!!!👏

🇱🇺🏃‍♂️ Muer um 10h00 Treffpunkt Parking Hall Polyvalent zu Scheffleng Mir sin gespaant ween alles kënnt? Einfach ferdeg ...
22/08/2026

🇱🇺🏃‍♂️ Muer um 10h00 Treffpunkt Parking Hall Polyvalent zu Scheffleng

Mir sin gespaant ween alles kënnt? Einfach ferdeg ungedoen an equippéiert dohinner kommen. Dir erkennt eis direkt, sicht einfach no enger Grupp Leefer-innen 💪🙏

Geplangt sin 10-12km mat enger Pace vun 7min/km. Kann awer alles ungepasst gin, deemno wat Leit wellen an kennen laafen. Och méi Gruppen sinn méiglech mat engem Pacemaker, also enger Persoun wou den Tempo virgëtt🏃‍♀️⏱️

Mir freehen eis op iech 😁😍 Een Strava Link fannt dir an den Comments👇

😵‍💫Lautern wënnt Chaos-Match mat 1:0 zu Mannheim.Virun der Verlängerung am DFB Pokal-Match ass et lassgaangen. Nodeems d...
21/08/2026

😵‍💫Lautern wënnt Chaos-Match mat 1:0 zu Mannheim.

Virun der Verlängerung am DFB Pokal-Match ass et lassgaangen. Nodeems d'Spiller a Mataarbechter vu Kaiserslautern, no enger Rudelbildung, vun der Haapttribün mat Objeten beschoss goufen, goufen d'Fackelen aus Richtung Haapttribün ofgeschoss, wouduerch d'Mannheimer Fans probéiert hunn, d'Spillfeld ze stiermen. Den Arbitter Schröder huet béid Équipen an den Tunnel geschéckt, an d'Police ass, mat Päerd, op den Terrain gaangen🤨

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque 11F Sport publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager