CSN Clervaux

CSN Clervaux Den CSN Clervaux ass den 18. Abrëll 1999 gegrënnt ginn. Mir maachen Liichtathletik, Triathlon a méi

Den CSN war geschter mat 19 Athleten um Aquathlon zu Mamer vertrueden. Bei ganz ☀️☀️☀️Konditiounen hun eis Kanner eng ex...
21/06/2026

Den CSN war geschter mat 19 Athleten um Aquathlon zu Mamer vertrueden. Bei ganz ☀️☀️☀️Konditiounen hun eis Kanner eng exzellent Course ofgeliwwert😉.

Resultater:

Youth A garçons
1 Lucas Arthur

Youth B garçons:
2 Keller Joao
4 Schaus Jempy
6 Collienne Hugo

Youth B filles:
1 Simon Nora

Youth C garçons:
5 Simon Luca
10 Belharkat Alaa

Youth C filles:
1 Kreins Julie
3 Deckenbrunnen Eve
5 Rinnen Anna
6 Schanck Sophie
9 Daman Dana

Kids A Garçons
1 Schmit Noah
7 Knauf Pit
8 Friedrichs Bob

Kids B garçons
2 Schmit Michel

Bambini filles
1 Schumacher Lucie
3 Kreins Claire

Bambini garçons
1 Belharkat Haitam

Gratulatioun un eis Athleten💪🙂

D'Francine Colles an d'Nadine Junker hunn gester den CSN bäi eisen Kolleegen vun den SauerBeen bäi der Aweiung vun de No...
18/06/2026

D'Francine Colles an d'Nadine Junker hunn gester den CSN bäi eisen Kolleegen vun den SauerBeen bäi der Aweiung vun de Nordstad Lafwëeer vertrueden. Merci🏃‍♀️🏃‍♂️🙂💪

De Johan Boucher huet um Ironman zu Tours deelgeholl an eng staark Leeschtung gewisen. Mat enger Gesamtzäit vun 10:10:06...
15/06/2026

De Johan Boucher huet um Ironman zu Tours deelgeholl an eng staark Leeschtung gewisen. Mat enger Gesamtzäit vun 10:10:06 Stonnen konnt hien sech eng ganz gudd 349. Plaz am Klassement sécheren.

D´Francine Colles war d`CSN Faarwen um Eifel-Marathon an Däitschland vetrieden an ass do op den 10 km op déi 16. Plaz  (...
14/06/2026

D´Francine Colles war d`CSN Faarwen um Eifel-Marathon an Däitschland vetrieden an ass do op den 10 km op déi 16. Plaz (1. an sénger Alterskategorie🥇🏆) gelaf.
Gratulatioun💪🏃‍♀️🙂

Eis Athleten sinn och alt mol ganz fläisseg ausserhalb den typischen CSN-Disziplinen ennerwee, an zwar war de Martin Hil...
14/06/2026

Eis Athleten sinn och alt mol ganz fläisseg ausserhalb den typischen CSN-Disziplinen ennerwee, an zwar war de Martin Hilgers mam Gravelbike a Portugal an huet sech bäi theGOATS 2026 op der iwwert 730 km langer Streck déi 2. Plaz erkämpft.
Top💪🥈🚵

Mir waren dann och de Weekend international vertrueden, an zwar um Ironman zu Hamburg duerch de Pierre Feller, deen am G...
08/06/2026

Mir waren dann och de Weekend international vertrueden, an zwar um Ironman zu Hamburg duerch de Pierre Feller, deen am Gesamtclassement op eng ganz staark 311. Plaz ( 34. an sénger Alterskategorie) kommen ass an enger Zäit vun 10:00:57.
Gratulatioun! 🏊‍♂️🚴‍♀️🏃💪

Den CSN huet och op der Nuit du Sport vun der Gemeng Cliärref net däerfen feelen an war mat engem Stand vertrueden an op...
08/06/2026

Den CSN huet och op der Nuit du Sport vun der Gemeng Cliärref net däerfen feelen an war mat engem Stand vertrueden an op der Sportleréierung geéiert ginn.
Niewt dem Sonny Eschette an dem Xing Xing, déi fir hir vill Podiumer an aussergewéinlech Leestungen op der Trail Laangdistanz geéiert goufen, huet och eis Triathlon-Jugend mat hirem engagéierten Trainer, dem Romain Simon, fläisseg Präisser agesammelt. Si woren souwuel an der Eenzelwertung wéi och an der Clubwertung dobäi:

Belharkat El Mire Alaa
Bertemes Mett
Bethke Nelly
Collienne Arthur
Collienne Hugo
Cougnet Noah
Daman Dana
Daman Dave
De Andrade Iris
Deckenbrunnen Eve
De Dood Lisa
Dormans Susanne
Feller Emelie
Frères Matt
Friedrichs Bob
Greisch Charel
Keller Joao
Knauf Mil
Knauf Pit
Konen Martin
Kreins Julie
Kunz Tim
Laplume Yann
Leonardy Fynn
Lucas Arthur
Majerus Anna
Rachid Khalil
Recken Svea
Rinnen Anna
Schanck Hannah
Schanck Lysiane
Schanck Philippe
Schanck Sophie
Schares Philippe
Schaus Fränz
Schaus Jempy
Schenk Giulia
Schmit Michel
Schmit Noah
Simon Luca
Simon Nora

Gratulatioun un all eis Athleten an Traineren, top geschafft an Merci!💪🙂🏆
Merci och un d` Cliärref fir d´Organisatioun an und d` Martine Hansen fir hier Präsenz bäi der Präisverdeelung.

Och op net competitiven Evenementer ass den CSN gären dobäi, des Kéier huet d`Mariana Cravo Valente eis um Community Run...
08/06/2026

Och op net competitiven Evenementer ass den CSN gären dobäi, des Kéier huet d`Mariana Cravo Valente eis um Community Run an der Stad vertrueden🏃‍♀️
Merci dofir🙂

D‘Nora Simon huet geschter un den franséischen Triathlonsmeeschterschaften an den Vogesen deelgeholl. Mat enger 51. Plaa...
08/06/2026

D‘Nora Simon huet geschter un den franséischen Triathlonsmeeschterschaften an den Vogesen deelgeholl. Mat enger 51. Plaatz an engem groussen Starterfeld as d‘Nora ganz zefridden an et war eng top Erfahrung👍👍
Gratulatioun💪🏊🚴‍♀️🏃‍♀️

Den CSN wor gester um Berdorfer Laf asbl vertrueden, mat ganz gudden Resultater: 6,7 km: 73. Svea Recken ( 3. an sénger ...
07/06/2026

Den CSN wor gester um Berdorfer Laf asbl vertrueden, mat ganz gudden Resultater:

6,7 km:

73. Svea Recken ( 3. an sénger Alterskategorie💪🥉)
114. Recken-Schroeder Sandy

13 km :

6. Xing Xing Pan

Gratulatioun un d´Athleten💪🏃‍♀️🏃

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSN Clervaux publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à CSN Clervaux:

Partager