05/12/2021
Ohjo d’Vëlosbouwe liewen nach a se komme mat Big News!
Nodeems mir eis Spendenaktioun no der Course nach puer Woche weider lafe gelooss hunn, kënne mir Iech haut endlech de finale Chiffer nennen, dee mir mat eisem Projet zesumme kruten.
Mir sinn immens houfereg datt mir déi magesch Zuel vun 10.000€ konnte knacken.
Fir Le Soleil dans la Main sinn 5.555€ zesummen komm.
Fir Catch a Smile asbl krute mir 4.535€ zesummen.
Dat mëscht en total vun 10.090€. Eng Zuel déi eis immens glécklech mëscht.
Als Ofschloss wëlle mir nach eng Kéier all eenzele Merci soen, deen eis mat enger Spend ënnerstëtzt huet.
Dann e ganz grousse Merci un all déi Leit déi eis an der Preparatioun an och wärend der Course ënnerstëtzt hunn!
An zu gudder Lescht e ganz grousse Merci un all eis Sponsoren, ouni déi de Projet vun de Vëlosbouwen net realiséierbar gewiescht wär.
Een Deel vun den Spenden konnten mir och vun hierem Sponsoring generéieren! Grousse Merci dofir!
Op et ee weidere Projet vun de Vëlosbouwen an Zukunft nach eng Kéier an deser Forme wäert ginn, steet nach an de Stären.
Mee vläicht hutt dir jo eng Iddi fir en nächste Challenge? ;)
JANS Opyos Beverages Natur • Beweegung • Entwécklung FRU Fromagerie de Luxembourg Coplaning neon marketing technology
://www.jutta-reusch.lu/
://knaf-buchler.lu/
://www.g-art.lu/
- Transport de Personnes