CHEV Handball Diekirch

CHEV Handball Diekirch CHEV Handball Diekirch
BP 106
L-9202 Diekirch
fondé en 1964

Coupe de Luxembourg Häeren:
1990
Champion Häeren:
1993

Coupe de Luxembourg Dammen:
2011, 2012, 2020
Champion Dammen:
2012, 2021

Den Sonndeg, 20. September organiséieren mir nees eisen Season-Opening mat Sponsorslaaf um Stadion fir eis Spiller(innen...
09/09/2026

Den Sonndeg, 20. September organiséieren mir nees eisen Season-Opening mat Sponsorslaaf um Stadion fir eis Spiller(innen), Memberen an Frënn vum CHEV Handball Dikrich.
Mir géifen eis frée‘en, Iech all op eisem Season-Opening dobäi ze hun an ë puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen.
Weider Informatiounen an Umelden iwwert eisen Internet-Site: https://bit.ly/4q8AEk2

Dësen Weekend fängt d'Championnat bei den U17 Jongen an U17 Méedercher un an eis Dammen wäerten um Standard ëm déi éisch...
09/09/2026

Dësen Weekend fängt d'Championnat bei den U17 Jongen an U17 Méedercher un an eis Dammen wäerten um Standard ëm déi éischt Punkten kämpfen.
Eis Häeren spillen hei heem géint Rëmeleng an hoffen och hei 2 wichtig Punkten ze huelen.

Eis Equipen zielen op Äer Ënnerstëtzung.

Let's go 💪💪💪

Um 1. Spilldaag an der AXA-League hun eis Häeren den Owend géint Bierchem gespillt. Eis Equipe zitt mat 35 -19 den Kierz...
05/09/2026

Um 1. Spilldaag an der AXA-League hun eis Häeren den Owend géint Bierchem gespillt. Eis Equipe zitt mat 35 -19 den Kierzeren.

An der Auslousung vun der Coupe de Luxembourg 1/8 Final haten eis Häeren keen Lousgléck an mussen nees bei den HC Berchem.

Eis Dammen sin zréck an der AXA-League an haaten géint Diddeleng een schwéieren Géigner op Besuch. Eis Equipe  huet awer...
05/09/2026

Eis Dammen sin zréck an der AXA-League an haaten géint Diddeleng een schwéieren Géigner op Besuch. Eis Equipe huet awer bis zum Schluss gekämpft an verléieren mat 23 - 34.

Bei der Auslousung vun der Coupe de Luxembourg hun eis Dammen een Fräilous an stin direkt an der 1/4 Final.

Muer den Owend spillen eis Häeren den 1. Championnats-Mätch vun der Saison 2026/27 an der Axa-League zu Crauthem géint d...
04/09/2026

Muer den Owend spillen eis Häeren den 1. Championnats-Mätch vun der Saison 2026/27 an der Axa-League zu Crauthem géint den HC Berchem.

Eis Equipe zielt op Äer Ënnerstëtzung.

Dësen Samsdeg zielen eis Dammen um 1. Spilldaag vun der AXA-League op Äer Ënnerstëtzung an der Dikricher Sportshâl géint...
04/09/2026

Dësen Samsdeg zielen eis Dammen um 1. Spilldaag vun der AXA-League op Äer Ënnerstëtzung an der Dikricher Sportshâl géint den HB Diddeleng.

Dësen Samsdeg geet d'Championnat bei eisen Dammen an Häeren lass an eis Equipen zielen op Äer Ënnerstëtzung.Let’s go 💪💪💪...
02/09/2026

Dësen Samsdeg geet d'Championnat bei eisen Dammen an Häeren lass an eis Equipen zielen op Äer Ënnerstëtzung.

Let’s go 💪💪💪

Fir d’Saison 2026/2027 proposéieren mir eisen Memberen an Frënn nees eng Supporter-Kaart zum Präis vun 125€ fir all d’Ch...
02/09/2026

Fir d’Saison 2026/2027 proposéieren mir eisen Memberen an Frënn nees eng Supporter-Kaart zum Präis vun 125€ fir all d’Championnats-Mätcher vun eisen Dammen an Häeren an der Dikricher Sportshâl ze kucken.

Dir könnt d’Supporter-Kaart ganz einfach per E-Mail op [email protected] bestellen an eng Iwwerweisung op den CHEV Konto vun der BCEE LU46 0019 3000 0359 2000 maachen oder an der Entrée vun der Sportshâl froën.

Trainingsufank bei den U11 Jongen an U11 Méedercher mat dem Trainer Joé Faber.Hei ass den 1. Training haut Méindeg, 31.0...
31/08/2026

Trainingsufank bei den U11 Jongen an U11 Méedercher mat dem Trainer Joé Faber.

Hei ass den 1. Training haut Méindeg, 31.08 um 17.00 Auer an der Sportshâl vun der Nouvelle Ecole Primaire (Place Stehres).
En weideren Training ass dës Woch den Donneschdeg, 03.09 um 17.00 Auer Auer an der rouder Sportshâl (rue Joseph Merten).

Fir weider Infos betreffend Traininger könnt Dir Iech gäeren per E-Mail op [email protected] un eis wenden.

Den Trainingsufank vun eisen Jugendéquipen U9 an U7 wäerten mir och déemnächst public maachen.

E flotten an intensiven Handball-Stage läit hannert eiser Dammen Equipe! 💙Si hunn zwou Nuechten an der Jugendherberg zu ...
28/08/2026

E flotten an intensiven Handball-Stage läit hannert eiser Dammen Equipe! 💙

Si hunn zwou Nuechten an der Jugendherberg zu Befort verbruecht an haten nieft dem Training och vill Geleeënheet, als Ekipp zesummenzewuessen, ze laachen an eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. ❤️

Nieft dem sportlechen Deel stoung och d’Thema Ernährung am Sport um Programm. Den Här Gauthier Mathieu – Diététicien, spécialisé dans la nutrition du sportif – huet eiser Ekipp an engem interessante Virtrag vill wäertvoll an nëtzlech Tipps mat op de Wee ginn. 🥗🍎💧

Natierlech koum den Handball och net ze kuerz! 🤾‍♀️🔥
Si hunn e klengen Tournoi géint HSG Wittlich an den HB Esch gespillt. Dat war eng gutt Geleeënheet, fir dat am Training Geübten ënner Matchbedéngungen ëmzesetzen an weider un hierem Zesummespill ze schaffen.

No dësem Stage sin si motivéiert a voller Energie, fir sëch weider op déi nei Saison an der Axa-League virzebereeden! 💪🔥

E grousse Merci un all déi, déi dëse Stage méiglech gemaach hunn, a besonnesch un eis Spillerinnen fir hiren Asaz, hir Energie an de super Teamspirit! 💙🤾‍♀️

Vill Foto’en vum Stage an vun den Mätcher sin ze fannen op eisem Internet-Site: https://bit.ly/4zIFcC7

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CHEV Handball Diekirch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager