Entente CSG/Canach

Entente CSG/Canach Häerzlech Wëllkomm op iiser Facebook Säit vun der Entente CSG/Kanech

2/2! ✅Och eis zweet Ekipp packt et sech méi wéi souverän fir déi zweet Ronn an der Coupe des Réserves ze qualifizéieren!...
08/09/2026

2/2! ✅

Och eis zweet Ekipp packt et sech méi wéi souverän fir déi zweet Ronn an der Coupe des Réserves ze qualifizéieren! Nodeems mer an der Paus schonn mat 3:1 a Féierung loungen, konnten eis Jongen an der zweeter Hallschent souguer nach eng Schëpp drop leeën a Bastenduerf mat 7:2 nees heemschécken! Domat stinn eis zwou Ekippen an der zweeter Ronn!
Gäil Jungs!

HAHOHE💙

MATCHDAY!Haut wëll och eis zweet Ekipp an déi nächst Ronn anzéien an et d‘selwescht wéi déi Drëtt maachen. Zu Kanech spi...
07/09/2026

MATCHDAY!

Haut wëll och eis zweet Ekipp an déi nächst Ronn anzéien an et d‘selwescht wéi déi Drëtt maachen. Zu Kanech spiller mer an deem Kader géint den FC Baastenduerf, deen an der nämmleschter Divisioun mee am anere Bezierk spillt.
Zu engem Resultat wéi leschte Freiden géinge mer haut sécher net Nee soen!

HAHOHE💙

Golfestival zu Maacher!Mat 9:0 schécke mir den FC Préizerdaul Réiden nees heem an zéie ganz souverän an déi nächst Ronn ...
05/09/2026

Golfestival zu Maacher!

Mat 9:0 schécke mir den FC Préizerdaul Réiden nees heem an zéie ganz souverän an déi nächst Ronn vun der Coupe des Réserves an! Mat dräi Goler konnt den Jordan de Grondsteen leeën a lo ass et e Méindeg un der zweeter Ekipp fir géint Bastenduerf nozezéien!
Staark Jongen!

HAHOHE💙

Endlech geet et nees lass! Am éischten offizielle Match vun der Saison empfänkt eis drëtt Ekipp am Kader vun der éischte...
04/09/2026

Endlech geet et nees lass! Am éischten offizielle Match vun der Saison empfänkt eis drëtt Ekipp am Kader vun der éischter Ronn an der Coupe des Réserves den FC Préizerdaul Réiden!
Kommt eis Jongen op Flohr ënnerstëtzen a loosst eis zesummen d‘Weiderkommen an déi nächst Ronn perfekt maachen!

HAHOHE💙

MATCHDAY!💙Haut steet de nächsten Testmatch um Programm a fir eis Jonge geet et op Luerenzweiler. Um 20:00 gëtt ugepaff!H...
31/08/2026

MATCHDAY!💙

Haut steet de nächsten Testmatch um Programm a fir eis Jonge geet et op Luerenzweiler. Um 20:00 gëtt ugepaff!

HAHOHE💙

Batter Defaite zu Walfer.Geschter huet et net solle sinn. Eis Jonge si gutt an de Match komm mee Walfer huet zum Schluss...
22/08/2026

Batter Defaite zu Walfer.

Geschter huet et net solle sinn. Eis Jonge si gutt an de Match komm mee Walfer huet zum Schluss ëmmer weider Drock gemaach a konnt de Match mat 7:2 fir sech entscheeden. Goler vum Damien a Rico waren net genuch.
Nächst Woch geet et weider mam Training an déi nächst Matcher gi wéi ëmmer hei ugekënnegt.

HAHOHE💙

MATCHDAY!No der 2:1 Victoire e Mëttwoch géint Réimech-Bous steet haut de nächsten Testmatch um Programm. Haut fuere mer ...
21/08/2026

MATCHDAY!

No der 2:1 Victoire e Mëttwoch géint Réimech-Bous steet haut de nächsten Testmatch um Programm. Haut fuere mer op Walfer a wëllen nees eng gutt Leeschtung op den Terrain bréngen.
Um 19:30 gëtt ugepaff.

HAHOHE💙

Test bestaan!📝Zwee Goler vum Rico sécheren eis eng 2:1 Victoire géint d‘Union Réimech-Bous.HAHOHE💙
20/08/2026

Test bestaan!📝

Zwee Goler vum Rico sécheren eis eng 2:1 Victoire géint d‘Union Réimech-Bous.

HAHOHE💙

Haut steet de nächsten Testmatch um Programm!Um 20:00 sinn eis Jongen zu Bous am Asaz a fuerderen d‘Union Réimech-Bous e...
19/08/2026

Haut steet de nächsten Testmatch um Programm!
Um 20:00 sinn eis Jongen zu Bous am Asaz a fuerderen d‘Union Réimech-Bous eraus.

HAHOHE💙

Golfestival am éischten Test! An engem verréckte Match packen et eis Jongen tëschenzäitlech no engem 0:3 Réckstand mat 4...
30/07/2026

Golfestival am éischten Test!
An engem verréckte Match packen et eis Jongen tëschenzäitlech no engem 0:3 Réckstand mat 4:3 a Féierung ze goen mee um Enn sollt et awer näischt ginn a mer verléieren mat 6:4.
Man of the Match op eiser Säit war ouni Zweiwel den Hayden deen dräi Goler schéisse konnt!

3:1 Hayden (37‘)
3:2 Hayden (45+1‘)
3:3 Kevin (45+2)
3:4 Hayden (55‘)

HAHOHE💙

Adresse

Grevenmacher

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Entente CSG/Canach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager