Tennis Club Grevenmacher

Tennis Club Grevenmacher Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Tennis Club Grevenmacher, Court de tennis, Promenade de la Moselle, Grevenmacher.

Welcome to Tennis Club Grevenmacher!
📍 Local tennis club in the beautiful Mosel region, Luxembourg
🎾 4 outdoor (clay) and 4 indoor (granulate) courts
🤝 Open to everyone—feel free to join us!

Déi éischt Hallschent vum Championnat ass eriwwer! ✅Hei d’Resultater:U12 Filles: 3. Plaz Poule Champion Nat. IU12 Jongen...
20/05/2026

Déi éischt Hallschent vum Championnat ass eriwwer! ✅

Hei d’Resultater:

U12 Filles: 3. Plaz Poule Champion Nat. I
U12 Jongen: 4. Plaz Poule Champion Nat. I
U12 Jongen II: 6. Plaz Poule B Nat. III
U14 Filles: Vize-Champion
U14 Filles II: 4. Plaz Poule Relegatioun Nat. I
U14 Jongen: 2. Plaz Poule Relegatioun
U14 Jongen II: 1. Plaz Poule Relegatioun Nat. II
U18 Filles: Vize-Champion
U18 Filles II: 4. Plaz Poule Champion Nat. I
U18 Jongen I: 1. Plaz Poule Relegatioun Nat. I
U18 Jongen II: 6. Plaz Poule A Nat. II
45+ Dammen: 2. Plaz Poule A Nat. II
45+ Hären: Vize-Champion

E grousse Merci un all Traineren an Eltere fir hiren Asaz an d’Ënnerstëtzung wärend der éischter Hallschent vun der Saison👏

Dëse Weekend geet et weider mat der zweeter Saisons-Hallschent mat den Erwuessenenekippen souwéi eisen U10- an U8-Ekippe bei de Jéngsten!👀

Mir wënschen weiderhin allen Ekippe vill Erfolleg🤝

12/05/2026
Virun zwou Woche war den Tennis Club Gréiwemaacher mat ronn 40 Membere fir seng järlech Interclub-Virbereedung zu Sissi ...
20/04/2026

Virun zwou Woche war den Tennis Club Gréiwemaacher mat ronn 40 Membere fir seng järlech Interclub-Virbereedung zu Sissi op Kreta 🇬🇷

Trotz e puer onerwaarten Erausfuerderungen (ënner anerem engem staarke Sandstuerm) gouf intensiv trainéiert: Nieft vill Tennis stoungen och Koordinatioun an Athletik um Programm. Fir d’Kanner gouf et zousätzlech ofwiesslungsräich Aktivitéiten ewéi Padel, Aquagym an e Karate-Workshop.

Bei beschter Stëmmung a vill Spaass ass de Club elo optimal op d’Saison virbereet, déi fir d’Nowuessspiller an e puer Senioren-Equippe schonn de leschte Weekend gestart ass.

Merci un alleguer an virun allem un eis Trainer fir déi flott Woch, a mir wënsche jidderengem e gudde Start an eng erfollegräich Saison! 💪

Mat dem Joer 2025 geet och e ganz speziellt Joer fir den Tennis Club Gréiwemaacher op en Enn: d’Jubiläumsjoer vum 50. An...
31/12/2025

Mat dem Joer 2025 geet och e ganz speziellt Joer fir den Tennis Club Gréiwemaacher op en Enn: d’Jubiläumsjoer vum 50. Anniversaire.

Gegrënnt gouf den Tennis Club Gréiwemaacher am Joer 1975. D’Iddi koum vum Paul Schmitz, deen zesumme mat 13 weidere Membres fondateurs eng Versammlung organiséiert huet, fir Leit zesummenzebréngen, déi Interesse um Tennisspill haten. Zu där Zäit gouf et zu Gréiwemaacher nach keng Tennisterrainen, soudass de Gros vum Training am ale Centre Culturel stattfonnt huet. Am Summer ass een och heiansdo an d’Nopeschgemengen spillen gaangen.

Am Fréijoer 1978 goufen dunn zu Gréiwemaacher déi éischt dräi Tennisterrainen, ënne bei der Musel, gebaut. Am Wanter gouf weiderhin am Centre Culturel gespillt. Eréischt méi spéit, op Initiativ vum René Haas, deemolege Member am Gemengerot, gouf d’Tennishal Op Flohr gebaut, soudass och am Wanter op richtegen Tennisterrainen konnt trainéiert ginn.

Als Clubhaus huet am Ufank eng Baubud gedéngt, déi tëscht dem éischten Terrain an der Leiteschbaach stoung. Dat éischt richtegt Clubhaus, op der Plaz vum haitege véierten Terrain, gouf aus Stecker vun ale Büroe vun der Provencale gebaut. Am Joer 2014 ass dunn op där Plaz de 4. Terrain entstanen an en neit Clubhaus gebaut ginn.

Weider wichteg Momenter an der Clubgeschicht:

* Éischt Trainerin: Madame Eliane Radoux (1978–1984)
* Éischte Frou-Frou: Januar 1976
* Éischte Museltournoi: Juli 1987
* Éischte President: Monsieur Robert Weiler

Fir den Tennisveräin ze finanzéieren, hat de Paul Schmitz d’Iddi, e Fuesbal mam Numm Frou-Frou z’organiséieren. Dësen huet vun 1976 bis zur Covid-Pandemie all Joer stattfonnt a war mat immens vill Aarbecht a Benevolat verbonnen. Fir d’Veräinsliewen zousätzlech ze stäerken, goufen och vill Frëndschaftsmatcher an Ausflich am In- an Ausland organiséiert.

Och haut nach spillt de Benevolat an d'Veräinsliewen am Tennis Club Gréiwemaacher eng ganz wichteg Roll. Sou fuere mir all Joer zesummen an en Trainingscamp, hu mat engem Stand um Wäifest Präsenz a organiséieren zënter 2021 all Joer en internationale Jugendtournoi.

Haut zielt den TCG eppes méi wéi 400 Memberen a bitt mat dräi fest ugestallten Trainere ronn 120 Stonnen Training d’Woch un.

Mir soe Merci fir déi lescht 50 Joer, freeën eis iwwer e flotten Ofschloss vum Jubiläumsjoer 2025 a wënschen e gudde Start an d’neit Joer 2026!

25/11/2025
Leschte Samschdeg a Sonndeg goufen zu Esch d’Finallen vum FLT Masters by Cardif Lux Vie ausgedroen. Mat gläich siwe Spil...
23/11/2025

Leschte Samschdeg a Sonndeg goufen zu Esch d’Finallen vum FLT Masters by Cardif Lux Vie ausgedroen. Mat gläich siwe Spiller war den TC Grevenmacher bei dëser Editioun staark vertrueden.

Bei den Dammen-Dubbel koumen 5 vun den 8 Halleffinallistinnen vum TC Gréiwemaacher. Esou koum et an der éischter Halleffinall zu engem Maacher-Duell tëscht dem Jo Weisen, aktuell Spillerin vum TCG, an dem Shelly Ge**er, fréier Spillerin vun eisem Club, an de spéidere Championnen Tatiana Silbereisen & Onalee Wagner. D’Tatiana an d’Onalee hunn déi ganz Woch eng staark a konzentréiert Leeschtung gewisen a konnten e Samschdeg an der Finall den Duo Correia/De Bourcy bezwéngen. Bravo! 👏
Mat de Schwësteren Lara & Lena Dimmer war den TC Gréiwemaacher och an der zweeter Dammen-Halleffinall staark vertrueden.

Bei den Hären hunn de Finn & den Tim Pauly d’Halleffinall am Dubbel erreecht, mä sie hunn sech hei missten géint de spéidere Gewënner Duo Luc Morel & Gilles Kremer geschloen ginn.

Am Eenzel huet d’Onalee Wagner sech no enger iwwerstaner Qualifikatioun bis an d’Halleffinall gekämpft a géint d’spéider Gewënnerin Laura Correia e staarke Match gespillt (2-6, 6-3, 2-6). D’Tatiana Silbereisen huet an der Gruppephas staark Matcher gewisen, konnt sech awer keng Plaz an den Halleffinallen sécheren.

Bei den Halleffinallen a Finallen gouf och mat Ballkanner gespillt – een groussen Deel fun de Ballkanner koum vum TC Gréiwemaacher. Koordinéiert goufen se vum Anouk Wagner. Mam Malou Kutten an dem Ronny Wagner koumen och zwee vun de Schiedsrichter vum TCG. E grousse Merci fir ären Asaz 💪

Mir felicitéieren all eise Spillerinnen a Spiller fir är super Leeschtung! 🔴⚪️

De Mëtteg ginn zu Esch beim FLT Masters by Cardif Lux Vie d'Halleffinallen am Simpel an d'Finallen am Dubbel gespillt🎾D'...
15/11/2025

De Mëtteg ginn zu Esch beim FLT Masters by Cardif Lux Vie d'Halleffinallen am Simpel an d'Finallen am Dubbel gespillt🎾

D'Onalee Wagner konnt sech, nodeems hat sech bereets leschte Weekend duerch Qualifikatioun fir den Haapttableau qualifizéiere konnt elo och als 2. a senger Grupp eng Plaz an den Halleffinalle sécheren. D'Onalee spillt de Mëtteg um 15 Auer géint d'Laura Correia.💪

Am Dubbel hunn d'Onalee Wagner an Tatiana Silbereisen d'Chance op den Titel. Si spillen de Mëtteg um 17 Auer géint d'Laura Correia an d'Anne De Bourcy.🙌

Verfollegt d'Matcher zu Esch um Centre National du Tennis oder am Livestream:

https://live-media.fr/fedlux/player/

Mir wënschen eise Spillerinne vill Erfolleg!
Allez TCG! 🔴⚪️

12/11/2025
Vum Samschdeg, den 8. November un, geet am Centre National de Tennis zu Esch-Uelzecht den dësjäregen FLT Masters by Card...
09/11/2025

Vum Samschdeg, den 8. November un, geet am Centre National de Tennis zu Esch-Uelzecht den dësjäregen FLT Masters by Cardif Lux Vie gespillt. Hei spillen déi Spiller a Spillerinnen, déi iwwert d'ganz Saison déi bescht Leeschtunge gewisen hunn.

Eise Club ass dëst Joer mat sechs Spiller:innen staark vertrueden!

Am Eenzel:
• Tatiana Silbereisen steet direkt am Haaptfeld.
• Onalee Wagner konnt sech geschter mat 2 Victoirë an der Qualifikatioun fir den Haapttableau qualifizéieren👏

Dammen-Dubbelen:
• Lena & Lara Dimmer
• Tatiana Silbereisen & Onalee Wagner
• Jo Weisen trëtt zesumme mam Shelly Ge**er vum TC Bonnevoie un.

Am Hären Dubbel ginn d'Bridder Finn & Tim Pauly un de Start.

Mir wënschen all eise Spiller:innen vill Erfolleg a spannend Matcher! 🍀🎾💪

Adresse

Promenade De La Moselle
Grevenmacher

Téléphone

+352758312

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Tennis Club Grevenmacher publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager