DT Lenneng

Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

DT Lenneng Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de DT Lenneng, Équipe sportive, Canach.

Mir kënnen op eng erfollegräich Regionalmeeschterschaft zeréckblécken, mat staarke Leeschtungen a vill verdéngte Medaill...
22/11/2026

Mir kënnen op eng erfollegräich Regionalmeeschterschaft zeréckblécken, mat staarke Leeschtungen a vill verdéngte Medaillen: 🥇🥈🥉

Préminimes
* Noah – Gewënner 🥇
* Jendrik – 3. Plaz 🥉

Minimes
* Georges – Gewënner 🥇
* Benoît – 2. Plaz 🥈

Cadets
* Magnus – Gewënner 🥇
* Anna-Lena – 2. Plaz 🥈
* Max – 3. Plaz 🥉

Juniors/U21
* Gilles – Gewënner 🥇

C1/C2
* C1/C2: Bob – Gewënner 🥇
* C1/C2: Benoît – 3. Plaz 🥉

B2/B3
* B2/B3: Mara – Gewënner 🥇
* B2/B3: Georges – 2. Plaz 🥈

Doubles
* Double Dames: Lynn/Mara – 2. Plaz 🥈
* Double Dames: Claire/Michi – 3. Plaz 🥉
* Double Dames: Anna-Lena – 3. Plaz 🥉
* Double Mixte: Mara/Thierry – 2. Plaz 🥈

Stolz op all eis Spiller! 💪🏼
ALLEZ LENNENG ❤️‍🔥❤️‍🔥❤️‍🔥

Den aachte Spilldag steet vierun der Dier 🏓 Et spillen L1, L2, L3, an L7 doheem. 🏓 Ab 19h30 ⏱️✨DTL SPECIAL✨ VUM WEEKEND:...
20/11/2026

Den aachte Spilldag steet vierun der Dier 🏓
Et spillen L1, L2, L3, an L7 doheem. 🏓
Ab 19h30 ⏱️

✨DTL SPECIAL✨ VUM WEEKEND: Croque Monsieur 😋

——————————————————————————————

‼️ E Sonndeg si mir bei de Regionalmeeschterschaften zu Berbuerg aktiv‼️

——————————————————————————————
Och dës Woch ginn et nees 3 Adventskalenneren an eiser Buvette ze gewannen 🎁🎄

A sou funktionéiert et:
Wanns du wëlls matmaachen, kanns du fir 0.50€ däi Numm op e klengen Ziedel vun eis schreiwen ✍️, an an eng Schossel maachen. 📝(Et kann een och puermool matmaachen, deemno: 2€ = 4 Ziedelen mat dengem Numm) 🥳
Herno ginn all d’Ziedelen gemixt an pro Adventskalenner 1 per Zoufall gezunn, déi kënnen dann déi ausgewielten Adventskalenner mat Heem huelen 🥳🎄🎁

PS: dës Woch gëtt et den Nutella, de Redbull & de Funnyfrisch Adventskalenner ze gewannen ✨😍

De siwente Spilldag steet vierun der Dier 🏓 Et spillen L4, L5, L6, an L8 doheem. 🏓 Ab 19h30 ⏱️✨DTL SPECIAL✨ VUM WEEKEND:...
13/11/2026

De siwente Spilldag steet vierun der Dier 🏓
Et spillen L4, L5, L6, an L8 doheem. 🏓
Ab 19h30 ⏱️

✨DTL SPECIAL✨ VUM WEEKEND: Kürbiszopp 🥣🎃

——————————————————————————————

‼️ E Sonndeg spillt eis éischt Ekipp d’1/8 Finall vun der Coupe de Luxembourg (SENIORS) um 15h géint Ettelbréck, kommt sie ënnerstëtzen ‼️

——————————————————————————————
Fir de Countdown bis den Dezember ze verschéineren an ze verkierzen gëtt dës an d‘nächst Woch all Spilldag 3 Adventskalenneren an eiser Buvette ze gewannen 🎁🎄

A sou funktionéiert et:
Wanns du wëlls matmaachen, kanns du fir 0.50€ däi Numm op e klengen Ziedel vun eis schreiwen ✍️, an an eng Schossel maachen. 📝(Et kann een och puermool matmaachen, deemno: 2€ = 4 Ziedelen mat dengem Numm) 🥳
Herno ginn all d’Ziedelen gemixt an pro Adventskalenner 1 per Zoufall gezunn, déi kënnen dann déi ausgewielten Adventskalenner mat Heem huelen 🥳🎄🎁

PS: dës Woch gëtt et den Nutella, de Kinder & de Pringles Adventskalenner ze gewannen ✨😍

Dëse Weekend - SPILLDAG 6 🏓 Doheem spillen LENNENG 1, LENNENG 2, LENNENG 3 a LENNENG 4 💪🏼 Als ✨DTL SPECIAL✨ hu mir Chick...
23/10/2026

Dëse Weekend - SPILLDAG 6 🏓

Doheem spillen LENNENG 1, LENNENG 2, LENNENG 3 a LENNENG 4 💪🏼

Als ✨DTL SPECIAL✨ hu mir Chicken Nuggets a Fritten 🍟

ALLEZ LENNENG 🏓

Och dëst Joer ass et nees esou wäit…mir organiséiere scho fir déi 6. Kéier eist Hierschtfest 🎃🍁 an dat SAMSDES DE 07. NO...
17/10/2026

Och dëst Joer ass et nees esou wäit…mir organiséiere scho fir déi 6. Kéier eist Hierschtfest 🎃🍁 an dat SAMSDES DE 07. NOVEMBER ab 18h❗️

Wéi och déi Jore virdru kënnt dir nees am viraus wielen, wéie vun deenen 3 Menu’er dir wëllt 🍽️
Zur Auswiel stinn:
- Rëndsbaken am Pinot Noir 🥩
- Prince Orloff de Dinde 🥩
- vegetaresche Chili 🌱

- Bréitche mat Wirschtchen 🌭 (Kannermenü)

Also vergiesst Iech net❗️ bis den 30.10.❗️ unzemellen, d’Plaze si begrenzt an deen éischten ass vir! 😁
Dat geet entweder iwwert:
- d’Handysnummer: +352 621 431 147 📱
- d’Emailadresse: [email protected]

Dëse Weekend ass den 5. Spilldag 🏓. Als ✨DTL SPECIAL✨ vun der Woch hu mir Spaghetti Bolognese 🇱🇺😋🍝ALLEZ LENNENG ❤️
15/10/2026

Dëse Weekend ass den 5. Spilldag 🏓.

Als ✨DTL SPECIAL✨ vun der Woch hu mir Spaghetti Bolognese 🇱🇺😋🍝

ALLEZ LENNENG ❤️

SPILLDAG 4 🏓 Heemmatch fir LENNENG 1, LENNENG 2, LENNENG 3 a LENNENG 4 ❤️ Als ✨DTL SPECIAL✨ si mir dës Woch bayresch ënn...
08/10/2026

SPILLDAG 4 🏓

Heemmatch fir LENNENG 1, LENNENG 2, LENNENG 3 a LENNENG 4 ❤️

Als ✨DTL SPECIAL✨ si mir dës Woch bayresch ënnerwee, et gëtt Weißwurst a Brezeln 🇩🇪.

Bis dann,
DT LENNENG 🏓

Dëse Weekend ass den 3. Spilldag 🏓. Als ✨DTL SPECIAL✨ vun der Woch hu mir ee lëtzebuerger Klassiker: selwergemate Knidde...
02/10/2026

Dëse Weekend ass den 3. Spilldag 🏓.

Als ✨DTL SPECIAL✨ vun der Woch hu mir ee lëtzebuerger Klassiker: selwergemate Kniddelen 🇱🇺😋

Bis muer,
DT LENNENG ❤️

E Samsdeg war deen zweete Spilldag, an hei d’Resultater 🏓 E Sonndeg huet eis éischt Ekipp zudem de Match vum éischte Spi...
28/09/2026

E Samsdeg war deen zweete Spilldag, an hei d’Resultater 🏓
E Sonndeg huet eis éischt Ekipp zudem de Match vum éischte Spilldag nogespillt, sie hunn zu Wolz 6-2 gewonnen 🔥

ALLEZ LENNENG ❤️

Spilldag 2 🏓 Dëse Weekend spille Lenneng 1, Lenneng 2, Lenneng 3 a Lenneng 4 doheem. Als ✨DTL SPECIAL✨ hu mir Börek a Ki...
25/09/2026

Spilldag 2 🏓

Dëse Weekend spille Lenneng 1, Lenneng 2, Lenneng 3 a Lenneng 4 doheem.

Als ✨DTL SPECIAL✨ hu mir Börek a Kisir 😋

Bis muer,
DT LENNENG 🏓

Adresse

Canach

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque DT Lenneng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à DT Lenneng:

Raccourcis

Partager

Catégorie

Salles De Sport à proximité