Racing Team Chaos Turtles

Itinéraire Contacter l'entreprise

Racing Team Chaos Turtles Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Racing Team Chaos Turtles, Équipe de sports amateur, Alzingen.

07/11/2026
Chaos Turtles hun nees alles ginn haut 🏁Deskeier sollt den Nürburgring bessen Chaos oofkreien 🚀🐢Super amusanten Dach, de...
18/10/2026

Chaos Turtles hun nees alles ginn haut 🏁
Deskeier sollt den Nürburgring bessen Chaos oofkreien 🚀🐢
Super amusanten Dach, den Auto ass ganz Heem komm 🩷🩵
Den 8.11 ginn ma naengkeier dorop Fueren 🥳 an dann begreissen awer och mir no enger langer unstrengender Saison d' Wanterrouh 🥰
Get vill zedoen an en kuerzen Wanter 😬🏁

🐢 MAT VOLLGAS AN D’ZUKUNFT! 🐢                🏁SAISON 2027🏁       🩵 MEMBEREN GESICHT 🩷            🔧 HELFER GESICHT   DEEL...
08/10/2026

🐢 MAT VOLLGAS AN D’ZUKUNFT! 🐢

🏁SAISON 2027🏁

🩵 MEMBEREN GESICHT 🩷
🔧 HELFER GESICHT

DEEL VUM TEAM GINN! 🏁🩵🩷🐢

🏁🏁🏁🏁🏁
17/09/2026

🏁🏁🏁🏁🏁

🏁🐢 Racing Team Chaos Turtles – Saison 2026 🐢🏁🩷🩵Wat fir eng éischt Saison! 🐢🔥Déi lescht Course vun eiser Saison ass hanne...
17/09/2026

🏁🐢 Racing Team Chaos Turtles – Saison 2026 🐢🏁🩷🩵

Wat fir eng éischt Saison! 🐢🔥

Déi lescht Course vun eiser Saison ass hannert eis, an mir kënnen definitiv stolz op dat zréckkucken, wat mir als Racing Team Chaos Turtles an eiser éischter Saison geleescht hunn! 💪🏽🏁

Mir sinn als Vizemeeschter aus der Saison erausgaangen – mat nëmmen engem klengen Ofstand zum Landesmeeschter. 🥈🔥

Och an der Enzelwertung hu mir eis staark geschloen:
🥉 Klein David – 3. Plaz
🏅 Ender Francois Richard Scheffen – 4. Plaz

Fir eis als Team an als éischt Saison ass dat e Resultat, op dat mir verdammt stolz kënne sinn! 🐢🩵🩷

E grousse MERCI geet awer un all déi Leit, déi hannert eis stinn. 🙏
Un eis Helfer, Memberen, Famill, Frënn a Fans, déi eis dës Saison ënnerstëtzt, ungeféier, matgeféiert an d'Daumen gedréckt hunn. Ouni iech wier dat alles net méiglech gewiescht! 🐢

Gëschter si mir nach eng Kéier alleguer zesummekomm an hunn eng definitiv Entscheedung getraff:
Nächst Joer komme mir nach méi staark zeréck! 💪🔥🐢

Mir wäerten alles ginn, nach méi zesummeschaffen an alles dofir maachen, fir eis als Team weiderzeentwéckelen an nach méi wäit no vir ze kommen. D'Zil ass kloer – mir wëllen 2027 alles eraushuelen! 🏆🐢

Mee d'Paus ass nach net ganz do! 😎🏁

Dëse Samschdeg stinn mir beim Stonnenrennen zu Helleng um Start! 🔥
Mir wäerte mat 4–5 Autoen präsent sinn a freeën eis drop, zesumme mat eise Frënn vum Motorsport Team Lippert un den Start ze goen.

Och hinne gëllt e ganz besonnesche MERCI fir déi mega Ënnerstëtzung während dëser Saison! 🤝🩵🩷
Mir si frou, esou Leit a Frënn am Motorsport un eiser Säit ze hunn!

Also: Samschdeg Helleng – Chaos Turtles sinn do! 🐢🏁🔥🩵🩷

08/09/2026

🏁🐢 D’FINAAL VUM JOER STEET UN! 🐢🏁🩵🩷

Et ass sou wäit – dei leschte Stockcar Course vun dësem Joer steet virun der Dier! 🔥

📅 Sonndeg, den 13.09.2026
📍 Rammerech

Fir eis als Racing Team Chaos Turtles geet et nach em alles! 💪
Mir kämpfen aktuell nach ëm den Titel an der Teamwäertung, an och an der Eenzelwäertung ass nach näischt entscheet. 🏆🔥

Dës lescht Course kann alles entscheeden – all Punkt, all Meter an all Dréiher zielt! Mir ginn nach emol alles a wëlle mat engem staarke Schluss d’Saison ofschléissen. 🐢

Un eis Konkurrenten: Kommt, loosst eis nach emol alles ginn an e richtegt Finale liwweren! 😉🏁
Soll de Beschte gewannen – mir si prett! 💪🔥

A virun allem wëlle mir dem Racing Team Power Bulls vill Gléck an Erfolleg bei der Organisatioun wënschen! 🍀 Mir hoffen, dass et fir iech eng gelongen a flott Course gëtt an dass alles reibungslos ofleeft. 👌

Mir freeën eis op eis Helfer, Famill, Frënn a Fans a wëllen iech alleguer e Sonndeg zu Rammerech gesinn! 🩷🩵🐢

Kommt eis ënnerstëtzen – et geet ëm den Titel! 🏆🔥

🐢🏁🩷🩵

Den Countdown leeft. 🏁Mir hoffen dir freet ierch genau sou wei mir op vill Gemuerks. 🐢🩷🩵
08/08/2026

Den Countdown leeft. 🏁
Mir hoffen dir freet ierch genau sou wei mir op vill Gemuerks. 🐢🩷🩵

Nach eng Kéier schlofen, an da ass et endlech esou wäit! 🙌Muer gëtt endlech nees Stock-Car gefuer, an dar zu Alzeng – ai...
27/06/2026

Nach eng Kéier schlofen, an da ass et endlech esou wäit! 🙌
Muer gëtt endlech nees Stock-Car gefuer, an dar zu Alzeng – aiiiii, dee Kaméidi, dat Gemuerks! 😄

Déi Hëtzt mécht eis all ze schafen. Dofir passt w.e.g. géigesäiteg openeen op, drénkt genuch Waasser a kuckt noeneen.

Da kënne mir alleguer zesummen e flotte, spannende a virun allem sécheren Dag op der FLSC-Course zu Alzeng verbréngen. 🏁☀️

🐢🏁
🩷🩵

Adresse

Alzingen

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Racing Team Chaos Turtles publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Racing Team Chaos Turtles:

Raccourcis

Partager

Salles De Sport à proximité