D'Bommeleeër

D'Bommeleeër Beach volley team touring Luxembourg since 2014 !

Surely more competitive in drinking than in sports, but who cares ... ;)
Feel free to join and share a good drink with us !

De Moien wollte mer spontan aus dem Minett op Pënsch bei de Bäcker fueren🥐🥖, an do si mer iergendwou ënnerwee falsch ofg...
02/08/2026

De Moien wollte mer spontan aus dem Minett op Pënsch bei de Bäcker fueren🥐🥖, an do si mer iergendwou ënnerwee falsch ofgebéit 🙄 op alle Fall si mer,kee wees wéi, op de BeachDays am Kiischpelt geland ! 🤯😇

Mir sinn enorm frou, dass dëse gäilen Tournoi weiderhinn stattfënt ! 😁🏐🌴🍹

Lescht Joër humer eis domat offonnt, fir e puer Joër Paus ze man. Glécklecherweis ass dat ausbliwwen, an mir därfen weiderhinn eis 1-Dageswakanz an de schéine Norden untrieden 😎😍

Mat dem beschte Caïpi vun der Welt 🍹 an enger Animatioun, déi hiresgläiche sicht, probéire mir lo just nach, um gliddegen Terrain de Ball ze treffen 🔥🥵🏐

Op nach viller, gäiler Joren am Kiischpelt 🫶🏼😍

E grousse Merci och un Skydive Luxembourg fir dee gäile Flyby 🤘🏼😎✈️ !

Guy Schanen Lynn Wagener Jeanne Klein Den Gee

Well... it's that time of the year again 😍🥵😁😎🍹🍛🍻🏐🥳🏕 💧☀️Mixed Open Air (Bertrange)
10/07/2026

Well... it's that time of the year again 😍🥵😁😎🍹🍛🍻🏐🥳🏕 💧☀️

Mixed Open Air (Bertrange)

28/11/2025

🔥🔥🔥😍😍😍

Wat soll ee soen... Laanger Joren ass et hir, wéi eis de Wee fir d'Eischt erop an den héijen Norden, méi genee "an de Ki...
03/08/2025

Wat soll ee soen...

Laanger Joren ass et hir, wéi eis de Wee fir d'Eischt erop an den héijen Norden, méi genee "an de Kiischpelt", gefouert huet 🚕🏞🏕

Ween hätt deemols geduet, dass mer hei esou laang géifen hänkebleiwen 🥹🥹🏐🌴🌳

An dann schreiwen déi fein Leit vun der Jeunesse Kiischpelt einfach 3 Wochen virun de BeachDays am Kiischpelt, dass et déi Lescht wieren... 😳🤯😪

Et wäert wéi doen, d'neechst Joër den 1. Weekend am August den Auto net méi ze paacken... Mir wäerten netméi zu Dikkrech riichtaus fueren (Hä ? Geet dat iwwerhaapt ? 🧐), netméi laanscht der déi riese Villa op der Houschterdéckt an de Koeppe Jemp, netméi laanscht de Computer Shop an netméi duerch Pënsch bis erof laanscht d'Gare fueren 🥺☹️

Sonndes wäerten d'Wieder "Zeelkëst", "Landjugend" an "Nööchtmaanicht" netméi an eisen Oure kléngen, genausou wéineg wéi déi ominéis Velostuut, däer hiren 2. leschten Toun säit all deene Joren esou wonnerbar falsch kléngt 😅🎵📣

Mee Jongen a Meedecher... et war gäil !!! 🤩🥰😍

Merci fir all déi gäil Sonndeger, déi mer iwwer all déi Joren den 1. Weekend am August haten ! Merci fir dée frëndlechen Empfang an déi gudd Caipï'en 🍹🍻

Mir hunn nie eppes matbruet, well mir woussten ëmmer, dass genuch vun Allem do wier ! An awer hiewe mer haut eist Glas Porto op dat, wat dir all déi Joren hei oogebaut an ofgeliwwert hudd ! 🍷👏🏼🙌🏼

Et war richteg gäil ! 😎🥳

That's all folks ! ... a bis geschwënn ! 🤜🏼🤛🏼👋🏼😎❤️

Et ass den 3. Weekend am Juli... Wann een eis sicht, mir sëtzen op deeër üblecher Plaatz 😍🏕🍻🍹🥳🏐🫶🏼🥵🌡🤷🏻‍♂️--> @ Mixed Open...
18/07/2025

Et ass den 3. Weekend am Juli...

Wann een eis sicht, mir sëtzen op deeër üblecher Plaatz 😍🏕🍻🍹🥳🏐🫶🏼🥵🌡🤷🏻‍♂️

--> @ Mixed Open Air (Bertrange)

Fran Tschi
Guy Schanen
Eli Ane
Jeanne Klein
De Klengen
Becki La Flora
Den Jimbo
Ta Nia
Lynn Wagener
Den Gee

Verschiddener behaapten, d'Bommeleeër hätt een säit bal 1 Joer netméi am Sand gesinn... mir soen, mir hätte gudd Grënn g...
28/06/2025

Verschiddener behaapten, d'Bommeleeër hätt een säit bal 1 Joer netméi am Sand gesinn... mir soen, mir hätte gudd Grënn gehat 😁😜👶🏼👶🏼

Egal... léiwer ze spéit wéi nie ! Haut sinn d'Bomen an d'Bopen traditionell zu Lamadelaine beim Volley 80 Pétange um Start ! Bei e puer gudde Margharita Fraise 🍓🍹 an deem engen oder aneren Béierchen ginn d'Scharnéieren mol entkalléckt 👴🏼👵🏼

Fir all déi, déi deem Misère musse nokucken... we're sorry 😇😅

Jeanne Klein
De Klengen
Guy Schanen
Lynn Wagener
Fran Tschi
Eli Ane
Den Jimbo
Ta Nia
Becki La Flora
Den Gee

🚨 Here we go ! 🚨Präzis zum Enn vun der Saison, an domat genau richteg fir d'Transfertsperiod hunn d'Bommeleeër déi riese...
30/05/2025

🚨 Here we go ! 🚨

Präzis zum Enn vun der Saison, an domat genau richteg fir d'Transfertsperiod hunn d'Bommeleeër déi riesegrouss Freed, eisen 2. Transfert op der Dammepositioun fir dëst Joer virzestellen:

De 7. Mee um genau 16h16 huet d'Millie Vosahlo sech mat stolzen 54cm an 4050 Gramm dem Medical gestallt, an direkt duerno ... mol gudd vollgefrupst eng Näipi gehalen 😴😅😍 Nodeems et kuerz duerno erem fit a monter war, gouf direkt e Krop ënnert de Kontrakt bei de Bommeleeër gesat 🙌🏼😎

Mir heechen d'Millie ganz häerzlech wëllkomm an wënschen séngen Elteren Eliane a Franz nëmmen dat Allerbescht. 👶🏼❤️🥂

Ahjo ganz niewebäi... Ween op déi suicidär Idee géif kommen, dem Millie ze no ze trieden, dee siew gewarnt, dass dem Millie säi grousse Brudder, de Jonas, un deene Leit wäert ganz ëmsoss eng Rectificatioun vun der Nues virhuelen ✊🏼😎🥳☠️

⚠️⚠️⚠️ ❤️👶🏼❤️ ⚠️⚠️⚠️Dat neit Joer war grad eemol ee Mount a 4 Deeg aal, wéi d'Bommeleeër déi erfreelech Noricht kruten, ...
22/02/2025

⚠️⚠️⚠️ ❤️👶🏼❤️ ⚠️⚠️⚠️

Dat neit Joer war grad eemol ee Mount a 4 Deeg aal, wéi d'Bommeleeër déi erfreelech Noricht kruten, dass eise éischten Neizougang fir d'Joër 2025 ënner Dach und Fach wier 😍🍾📃🖋

Nodeems et seng Elteren, a virun Allem séng Mamm laang genuch waarde gelooss hat, huet d'Noa Klein pünktlech de 4. Februar (iwwregens ee perfekten Datum 😜) um 02.39h eng éischte Kéier dës Welt erbléckt ! 👶🏼❤️🤗

Mat stolzen 53cm an 3720 Gramm huet hatt de Sam zu engem houffregen grousse Brudder gemaach 🤩

D'Bommeleeër gratuléieren den Elteren Jeanne an Yves, an dem grousse Brudder Sam ganz häerzlech, an sin stolz, d'Noa zu eisen Nowuesstalenter ze zielen 🙌🏼😍💣❤️

Hënt um 3 am Minett fortgefuer 🕒, um 6 zu Dikkrich d'Schnéiketten opgeluecht ❄️☃️⛓️, um 8 op der Houschter Déckt an der ...
04/08/2024

Hënt um 3 am Minett fortgefuer 🕒, um 6 zu Dikkrich d'Schnéiketten opgeluecht ❄️☃️⛓️, um 8 op der Houschter Déckt an der Grenzkontroll bal festgeholl ginn (eisen "Éisléck-Pass" war bal netméi gëlteg)🚓🖐🏼👮🏻‍♂️, an awer si mer hei !!! 😍🥰😎

Hei gëtt et eng Zeelkëst, an der Wiss get eng Attache-Remorque vun engem Quad fonnt, se behaapten, d'"Weeder" wier hei ëmmer gudd' an et spillt een géint "4 Stonne Velo Grooljen 2"... 🌞🌧😍

Säit ville Joren kommen D'Bommeleeër ganz gären op d' BeachDays am Kiischpelt ! Hei get esouguer den elektresche Kabel zu engem Stréihallem am Caïpi emgewandelt 😁🤗🍹

Op nach viller Joren ! 🖐🏼😎🏐💣

🚨 HERE WE GO ! Loïc Schanen agrees long-term deal with the Bommeleeër ! 😎🔥💣Mat grousser Freed an nach vill méi Stolz ste...
31/07/2024

🚨 HERE WE GO ! Loïc Schanen agrees long-term deal with the Bommeleeër ! 😎🔥💣

Mat grousser Freed an nach vill méi Stolz stellen D'Bommeleeër ierch eisen neisten Transfert fir déi kommend 40 Saisonen vir 😎

D'Agenten Lynn Wagener a Guy Schanen hun no laangen Verhandlungen de Kontrakt fir ganz vill Joër ënnerschriwwen 📄🖋

Mat staarken 3912 Gramm an 52cm huet de Loïc am Medico iwwerzeegt, obwuel et der mëttlerweil schon esou munch méi dierfte sin 💪🏼😁

Elo schon eng Maschinn un de Bäll, wäert de Loïc zesummen mam Jonas a mam Sam fir räichlech Terror um an och nierwt dem Terrain suergen ✊🏼😈 Mammen, bréngt är Meedecher a Secherheet... 🙆🏻‍♂️

Wëllkomm bei de Bommeleeër, Loïc ! 🫱🏻‍🫲🏼😊

Adresse

21 A Millefeld
Wilwerwiltz
9776

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque D'Bommeleeër publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager