Tu sens que quelque chose change en toi ?
🌿 Femmes 35+ en transformation
Yoga • Réflexologie • Soins naturels
Retrouve ton équilibre & ose ta liberté
Ton chemin vers plus de liberté personnelle & pro⤵️
🔗 https://boards.com/a/Kj2hh.U5lCNE Yoga hëlleft dir, dech méi ausgeglach ze fillen, d’Flexibilitéit vum Kierper a vum Geescht ze trainéieren an däin allgemengt Wuelbefannen ze stäerken. Et ass e
ng Praxis, déi dech nees mat dir selwer verbënnt an dech an deng Mëtt bréngt, do wou Rou a Kloerheet entstinn. A menge Coursë geet et ëm méi wéi nëmmen Bewegung. Eng positiv Intention, eng Inspiratioun aus der Yoga-Philosophie, eng bewosst Otempaus oder eng kuerz Meditatioun : alles fir dech bei deng bannenzeg Kraaft zreck ze brengen. Ech begleeden Mënschen déi sech méi liicht, méi vital a méi zouversiichtlech fillen wëllen. Mäi Häerz schléit besonnesch dofir Fraen ze stäerken, hinnen ze weisen, wéi vill Kraaft, Léift a Balance schonn an hinne läit. Mee jiddereen deen op e bewosst a gesond Liewen hi schafft, ass häerzlech wëllkomm. Nieft Yoga a Reflexologie schaffe ech och mat rengen pflanzlechen Pfleeg- a Vitalstoffprodukter, déi de Kierper vu banne stäerken an déi natierlech Energie ënnerstëtzen. Fir mech geet et dobäi net ëm Perfektioun, mee ëm Bewosstsinn, Authentizitéit a Selbstversuergung : Schrëtt fir Schrëtt zu engem méi bewosste Liewen. Wann s du no der Yogastonn entspaant, gestäerkt a mat engem liichte Häerz zréck an den Alldag gees, da weess ech datt mäin Zil erreecht ass. Och Ufänger sinn ëmmer häerzlech wëllkomm. Mäi Yoga Diplom, ausgestallt vun den internationale Sivananda Yoga Vedanta Zentren, ass Yoga Alliance accréditéiert a weltwäit unerkannt. Nieft dem Yoga bidden ech och Reflexzonemassage u Féiss, Hänn oder am Gesicht, souwéi Klangmassagen an aner wohltuend Behandlungen un – bequem online ze buchen iwwer www.salonkee.lu. Wann s du gären um Neitste Stand bleiwe wëlls, da hannerlooss däin Numm a deng E-Mail op www.yogatime.lu (ganz ënnen beim „Newsletter“).
🕊️ Namasté,
Christine Thill
[email protected]
+352 621153026