19/05/2026
𝑭𝑨𝑵𝑩𝑼𝑺𝑺𝑬𝑹 𝑪𝑶𝑼𝑷𝑬-𝑭𝑰𝑵𝑨𝑳𝑳 🏆🚌🚎🏆
𝑭𝑪 𝑽𝑰𝑪𝑻𝑶𝑹𝑰𝑨 𝑹𝑶𝑼𝑺𝑷𝑬𝑹𝑻 - 𝑭𝑪 𝑫É𝑰𝑭𝑭𝑬𝑹𝑫𝑬𝑵𝑮 𝟎𝟑 (𝟐𝟗.𝟎𝟓.𝟐𝟎𝟐𝟔, 𝟏𝟗.𝟑𝟎 𝑨𝒖𝒆𝒓 @𝑺𝒕𝒂𝒅𝒆 𝒅𝒆 𝑳𝒖𝒙𝒆𝒎𝒃𝒐𝒖𝒓𝒈) 🔴⚽🔴
Fir de groussen Dag vun der Coupe-Finall de 29. Mee huet den FC Victoria Busreessen fir seng Supporter organiséiert.
👉‼️Umelle kanns du dech iwwer de Formulaire ënner dësem Link (https://forms.gle/uFi5Xz3cfrDL8iWt6), resp. iwwer de QR-Code op der Foto, wous du och op de Formulaire kënns.
Bezuele funktionéiert iwwer Payconiq op der Nummer +𝟑𝟓𝟐 𝟔𝟐𝟏 𝟑𝟗𝟎 𝟕𝟕𝟗. De Präiss ass fir Erwuessener ab 18 Joer bei € 10,00 a fir déi Jonk ënner 18 Joer bei € 5,00. Des weideren ass et wichteg um Formulaire unzeginn, ob et fir Bus 1 (iwwer d’Iechternacher Streck an d’Stad) oder Bus 2 (Richtung Waasserbëlleg iwwer d’Autobunn an d‘Stad) ass. Arrêten, déi ugefuer ginn, stinn hei ënnendrënner.
De Plang ass, dass d‘Busser fir 18.00 Auer beim Auchan op der Cloche d’Or sinn, wou et am Fanmarsch Richtung Stadion geet. Et besteet awer och d’Méiglechkeet direkt virum Stade de Luxembourg erauszeklammen.
Deadline fir sech fir de Fanbus anzeschreiwen, ass nächst Woch e Mëttwoch, 27. Mee um 17.00 Auer.
👉 𝗕𝗨𝗦 𝟭
16.45: Rouspert (Sauerpark)
16.50: Steenem (route d’Echternach)
16.55: Iechternach (rue des Remparts, vis-à-vis vum Cactus)
17.00: Iechternach (Nonnemillen)
17.10: Altréier (Kreizenhéicht)
17.15: Jonglënster (Park & Ride)
👉 𝗕𝗨𝗦 𝟮
16.45: Rouspert (Sauerpark)
16.50: Hénkel (route d‘Echternach)
16.53: Buer (Kapell)
16.56: Méischdref (Olek)
17.05: Waasserbëlleg (Gare)
17.08: Mäertert (Copal)
17.10: Gréiwemaacher (Gare)
17.15: Gréiwemaacher (Potaschbierg)