Centre Equestre Mariendallerhaff

Centre Equestre Mariendallerhaff Reitstall

🌟🐴 WBO MARIENDALLERHAFF 2026 🐴🌟Et ass nees esou wäit! 🎉 Den 28. Juni 2026 verwandelt sech de Mariendallerhaff nees an de...
09/06/2026

🌟🐴 WBO MARIENDALLERHAFF 2026 🐴🌟

Et ass nees esou wäit! 🎉 Den 28. Juni 2026 verwandelt sech de Mariendallerhaff nees an de perfekte Treffpunkt fir all Päerdsfrënn mat hieren Familjen. 🏆🥇🥈🥉

Freet Iech op spannend Prüfungen, schéi Momenter ronderëm d’Päerd an e gemittlechen Dag an enger super Atmosphär. 🐎✨

🍹 Nei dëst Joer ass eis Cocktailbar! Kommt laanscht a genéisst lecker Cocktailen.

Natierlech ass och fir Iessen, Gedrénks a gutt Stëmmung de ganze Dag iwwer beschtens gesuergt! 😃🥳

Also: Markéiert Iech den Datum am Kalenner, huelt Frënn a Famill mat a verbréngt e flotte Moment bei eis um Haff. ❤️

Mir freeën eis op Iech a wënschen allen Participant‘en vill Gléck a vill Erfolleg! 🍀✊🏼

Kommt laanscht a sidd dobäi – mir verspriechen Iech e flotten Dag voller Sport, Spaass a gudder Laun! 🐴🥂

🐴 EQUI DAY 2026 – sierf och du derbäi! 🐴Léif Päerdsfrënn,Den 20. Juni kënnt de Bestseller Autor Michael Geitner vun de B...
04/06/2026

🐴 EQUI DAY 2026 – sierf och du derbäi! 🐴

Léif Päerdsfrënn,

Den 20. Juni kënnt de Bestseller Autor Michael Geitner vun de Bicher Be Strict, Equikinetic, DualAktivierung a villes méi fir en Equiday bei eis ob den Märjendaller Haff.

Hei kritt een net nëmmen déi verschidden Trainingsmethoden aus der blo🔵/gieler🟡 Trainingswelt gewisen an erklärt, mä et gëtt een och villes iwwer d'Anatomie an de Fonctionnement vum Päerdsgehier gewuer.

Wann Dir e puer flott Aha-Momenter wëllt erliewen, da besuergt Iech nach séier Är Tickets. Dëst ass villäicht déi eenzeg Chance, fir hien hei an der Géigend live ze erliewen.

Wëllt Dir Äre Päerd net och heiansdo eppes Guddes doen? Iech duerch de richtege Muskelopbau eventuell de Vétérinaire oder den Osteopath erspueren? Da sidd Dir hei genee richteg.

Quizfro: Wee wees dann z.B, virwat mir nëmme mat bloen🔵 a giele🟡 Gaase schaffen an net mat z.B. rosanen🩷?

Dat a villes méi gitt Dir um Equiday gewuer.
Et sinn nach e puer Plaze fräi.

https://michael-geitner.ticketbro.com/products/c04cc7b2-6234-42c0-b6f5-38f0e9c8712b

Mir fréen eis ob Är Präsenz✨✨

Willkommen in der Blau–Gelben Trainingswelt

03/05/2026

Eis Pärd fréen sech iwer hier Fräiheet ob den Summerwiesen 😍🐎🐴🌿

13/03/2026
04/01/2026

🐴✨ Mir wënschen Iech e ganz schéint a glécklecht Neit Joer 🍀 Vill Gesondheet, Erfolleg a Freed – fir Ierch an Är Päerd.🐴✨

07/12/2025
18/09/2025
01/08/2025
24/05/2025

Adresse

7, Rue De Keispelt
Marienthal
L-7411

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre Equestre Mariendallerhaff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager