BBC Arantia Larochette

BBC Arantia Larochette Basketball Club, Luxembourg

🏀 Assemblée Générale 2026De BBC Arantia Larochette invitéiert all seng Memberen, Spiller, Elteren, Fräiwëlleger, Support...
25/06/2026

🏀 Assemblée Générale 2026

De BBC Arantia Larochette invitéiert all seng Memberen, Spiller, Elteren, Fräiwëlleger, Supporter a Sponsoren op d'Assemblée Générale 2026.

📅 Donneschdeg, den 9. Juli
🕢 19:30 Auer
📍 Centre Culturel Larochette "An der Kleederfabrik"

Mir freeën eis op är Präsenz! 🔴⚪️

✍️ WELCOME COACH 🏀🇱🇺 De BBC Arantia ass frou, den Daniel Brandão als neien Head Coach vun eiser Härenekipp virzestellen....
18/06/2026

✍️ WELCOME COACH 🏀

🇱🇺 De BBC Arantia ass frou, den Daniel Brandão als neien Head Coach vun eiser Härenekipp virzestellen. 🔴⚪️

Den Daniel ass am Lëtzebuerger Basket kee Friemen. Hien huet schonn ënner anerem bei Hiefenech, Bascharage an Amicale Steesel gecoacht, wou hien an der Saison 2023/24 de Championstitel mat Amicale gewonnen huet. Mat senger grousser Erfarung am nationale Basket kennt hien d’Liga an d’Spillkultur zu Lëtzebuerg ganz gutt.

Nieft der Härenekipp wäert den Daniel och eng wichteg Roll am Jugendprogramm iwwerhuelen an eis U22 an U18 Jongen Equipen betreien.

Mir freeën eis op déi nei Zesummenaarbecht a wënschen him vill Erfolleg bei eisem Veräin. 💪

🇬🇧 BBC Arantia is pleased to introduce Daniel Brandão as the new Head Coach of our men’s team. 🔴⚪️

Daniel is no stranger to Luxembourg basketball. He has previously coached at Heffingen, Bascharage, and Amicale Steinsel, where he won the national championship with Amicale in the 2023/24 season. With his strong experience in Luxembourg basketball, he has a deep understanding of the league and its playing style.

In addition to the senior team, Daniel will also play an important role in our youth program, coaching our U22 and U18 boys teams.

We look forward to working together and wish him a lot of success at our club. 💪

📣 COACHING UPDATE 🏀🇱🇺 No eiser Ukënnegung virun e puer Wochen, dass de Karolis Abramavicius och an der kommender Saison ...
18/06/2026

📣 COACHING UPDATE 🏀

🇱🇺 No eiser Ukënnegung virun e puer Wochen, dass de Karolis Abramavicius och an der kommender Saison als Head Coach aktiv wäert sinn, hu sech leider perséinlech Ëmstänn erginn, déi et him net erlaben, seng Funktioun beim BBC Arantia weider auszeféieren.

Mir respektéieren seng Entscheedung a soen him e grousse Merci fir seng zwee intensiiv an erfollegräich Joer beim BBC Arantia Larochette.

Ënner senger Leedung konnt eis Härenekipp d’Coupe de Luxembourg gewannen, an eis U22 sech de Championstitel sécheren – Leeschtungen, déi eis nach laang a gudder Erënnerung bleiwen.

Mir wënschen dem Karolis fir seng weider perséinlech a sportlech Zukunft nëmmen dat Bescht. ❤️🤍

🇬🇧 Following our announcement a few weeks ago that Karolis Abramavicius would also be Head Coach for the upcoming season, personal circumstances have unfortunately come up that prevent him from continuing his role at BBC Arantia.

We respect his decision and would like to sincerely thank him for his two intense and successful years at BBC Arantia Larochette.

Under his leadership, our men’s team won the Coupe de Luxembourg and our U22 team became champions – achievements we will remember with pride.

We wish Karolis all the very best for his future, both personally and professionally. ❤️🤍

🇱🇺🏀 Mir gratuléieren eisem Spiller Edson de Sousa Silva fir seng alleréischt Selektioun an d'Hären-Nationaléquipe vu Lët...
10/06/2026

🇱🇺🏀 Mir gratuléieren eisem Spiller Edson de Sousa Silva fir seng alleréischt Selektioun an d'Hären-Nationaléquipe vu Lëtzebuerg!
Mir si stolz op dech a wënschen dir vill Erfolleg am Roude Léiw-Trikot! 🦁

16 players in the provisional roster for the games in July

05/06/2026

🏃‍♀️🏀⚽ Muer ass et endlech esou wäit! ⚽🏀🏃‍♂️

D'Nuit du Sport 2026 fënnt statt, a mir freeën eis immens, Iech do begréissen ze kënnen!

Kommt laanscht a verbréngt mat eis e flotte sportlechen Owend voller Beweegung, Spaass a gudder Stëmmung.

📍 Wou: FILANO, Fiels
🕡 Zäit: 18:30 – 22:00 Auer

Mir freeën eis op Iech an op e schéinen Owend zesummen! 💪😊



🏃‍♀️🏀⚽ Demain, c'est enfin le grand jour ! ⚽🏀🏃‍♂️

La Nuit du Sport 2026 aura lieu demain et nous sommes impatients de vous accueillir !

Venez partager avec nous une belle soirée sportive, placée sous le signe du mouvement, du plaisir et de la convivialité.

📍 Lieu : FILANO, Larochette
🕡 Horaire : de 18h30 à 22h00

Nous nous réjouissons de passer une agréable soirée sportive en votre compagnie ! 💪😊

📣 Kommt muer eis Frënn vun der AS Rupensia Lusitanos Larochette  op Jonglënster bei hirem Barragematch ënnerstëtzen! 💪⚽
30/05/2026

📣 Kommt muer eis Frënn vun der AS Rupensia Lusitanos Larochette op Jonglënster bei hirem Barragematch ënnerstëtzen! 💪⚽

Dëse Sonnden um 15h00 zu Jonglenster. De wichtegsten Match vun der Saison"! Kommt all eis Farwen ennerstëtzen!!! ALLEZ RUPENSIA ⚫️🔴

🏀 WOMEN TEAM 2026/27 🏀🇱🇺 Mat grousser Freed kënne mir Iech matdeelen, dass de BBC Arantia Larochette no 5 Joer nees mat ...
20/05/2026

🏀 WOMEN TEAM 2026/27 🏀

🇱🇺 Mat grousser Freed kënne mir Iech matdeelen, dass de BBC Arantia Larochette no 5 Joer nees mat enger Dammenequipe am Championnat wäert vertrueden sinn. 🙌

Dëse wichtege Schrëtt ass d’Resultat vun der Jugendarbecht, déi an de leschte Joren am Meederchersberäich geleescht ginn ass, an op déi mir immens houfreg sinn.

Als Trainer vun eiser neier Dammenequipe wäert den João Osório iwwerhuelen, deen déi lescht Joren schonn eis weiblech Jugendequipen betreit huet. 

Mir freeën eis immens op dëst neit Kapitel an wënschen eiser Equipe an dem Staff vill Erfolleg fir déi kommend Saison! 💪

🇬🇧 We are very happy to announce that after 5 years, BBC Arantia Larochette will once again compete with a women’s team in the championship. 🙌

This important step is the result of the youth development work carried out in recent years within our girls’ program, something we are very proud of.

Our new women’s team will be coached by João Osório, who has already been working with our girls’ youth teams over the last few years. 

We are excited to start this new chapter and wish the team and staff all the best for the upcoming season! 💪

De 6.Juni si mir bei der Nuit du Sport mat engem Atelier vertrueden. Kommt laanscht fir eis oder eng aner Sportaart ausz...
19/05/2026

De 6.Juni si mir bei der Nuit du Sport mat engem Atelier vertrueden. Kommt laanscht fir eis oder eng aner Sportaart auszeprobéieren! 🏀

🌟 Nuit du Sport 2026 🌟
Kommt laanscht a verbréngt mat eis e sportlechen Owend voller Action a Spaass! 💪⚽🏀
📅 Datum: 06.06.2026
🕕 Auerzäit: 18:30 – 22:00 Auer
📍 Plaz: Fiels – um Fussballsterrain an an der Hal FILANO

Et gëtt e flotte Programm mat ville verschiddene Sportaarten:
⚽ Fussball
🏀 Basket
🤸 Parcours
🏓 Dëschtennis
🥋 Taekwondo
🔴 Bubble Ball

Programm -> https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/larochette

Dobäi sinn dës Veräiner:
• BBC Arantia
• ASRL Larochette
• DT Nommern
• Sigma 6
• Pompjeen Fiels
• Taekwondo
• NordStadt Jugend
• Cercle Pedestre Larochette

🍔 Fir Iessen (leckert Gegrills) a Gedrénks ass gesuergt!
Kommt laanscht – fir jonk a manner jonk ass eppes dobäi! 🙌
________________________________________

🌟 Nuit du Sport 2026 🌟

Venez passer une soirée sportive pleine d’action et de plaisir avec nous ! 💪⚽🏀

📅 Date : 06.06.2026
🕕 Heure : 18h30 – 22h00
📍 Lieu : Larochette – sur le terrain de football et dans la salle FILANO

Un programme varié avec de nombreuses activités sportives vous attend :
⚽ Football
🏀 Basketball
🤸 Parcours
🏓 Tennis de table
🥋 Taekwondo
🔴 Bubble Ball

Programme -> https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/larochette

Les clubs participants :
• BBC Arantia
• ASRL Larochette
• DT Nommern
• Sigma 6
• Pompjeen Fiels
• Taekwondo
• NordStadt Jugend
• Cercle Pedestre Larochette

🍔 Boissons et grillades sur place !

Que vous soyez jeune ou moins jeune – il y en a pour tous ! 🙌

✍️ CONTRACT EXTENSION 🏀🇱🇺 Mir freeën eis Iech matzedeelen, dass eisen Head Coach Karolis Abramavicius säi Kontrakt verlä...
14/05/2026

✍️ CONTRACT EXTENSION 🏀

🇱🇺 Mir freeën eis Iech matzedeelen, dass eisen Head Coach Karolis Abramavicius säi Kontrakt verlängert huet an domadder a seng 3. Saison beim BBC Arantia Larochette geet. 🔴⚪️

No enger staarker Saison, an där eis Hären d’Coupe de Luxembourg gewonnen hunn an eis U22 sech de Championstitel geséchert huet, freeë mir eis op déi weider Zesummenaarbecht.

De Karolis wäert och nächst Saison nees eis Härenekipp trainéieren an zousätzlech am Jugendberäich mat den U22 an U18 Jongen aktiv sinn.

Mir si frou, weider op Kontinuitéit an eng gutt Zesummenaarbecht op der Trainerbänk kënnen ze bauen. 💪

🇬🇧 We are happy to announce that our Head Coach Karolis Abramavicius has extended his contract and will enter his 3rd season with BBC Arantia Larochette. 🔴⚪️

After a successful season in which our men’s team won the Coupe de Luxembourg and our U22 team became champions, we are delighted to continue this collaboration.

Next season, Karolis will once again coach our men’s team while also remaining active in our youth program with the U22 and U18 boys teams.

We are happy to continue building on continuity and a great collaboration within our coaching staff. 💪

Adresse

Plateau Birkelt
Luxembourg
L-7633

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque BBC Arantia Larochette publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à BBC Arantia Larochette:

Partager