04/09/2026
Dag 4 an 5 vun eiser gemittlecher Rees:
Gëschter Moien si mir nom Kaffi a Richtung Friedrichshafen gestart. Vun do aus si mir mam Schëff op Meersburg gefuer. Do war de Mëtteg zur fräier Verfügung.
Nomëttes si mir dunn déi beandrockend Wallfahrtskiirch op Birnau kucke gefuer.
Duerno goung et dunn erëm zréck an den Hotel op Langenargen, wou mir eisen leschten Owend an enger gemittlecher Ronn ausklénge gelooss hunn.
Haut hu mir eis dunn erëm op den Heemwee gemaach. No enger gemittlecher Rees mat beschtem Wieder ☀️