Droberodung a Stoffwëndelberodung Félicie Wietor

Droberodung a Stoffwëndelberodung Félicie Wietor Trageberatung, Stoffwindelberatung,
Hebammenbetreuung und vieles mehr. Für werdende Eltern und Babyzeit. Pour futurs parents et parents avec bébé.

Consultation bébé-portage, couches lavables,
accompagnement sage-femme et plus. Trageberatung und Stoffwindelberatung - Consultations en bébé-portage et couches lavables

Haut war e ganz produktiven Dag.De Moien hunn ech e Geburtsvirbereedungscours gehaalen.Mëttes hunn ech vun menge Kanner ...
19/09/2026

Haut war e ganz produktiven Dag.
De Moien hunn ech e Geburtsvirbereedungscours gehaalen.
Mëttes hunn ech vun menge Kanner op eng Competitioun begleed.
Während dems hunn ech Kursplanung vun 2027 ugefangen, Posts geschriwen, meng Powerpoints iwerschafft a Komptabilitéit gemach.
An daat a gudder Gesellschaft!

Gutt Néiegkeet !Och no 9 Méint kann een bei Stëllproblemer, Problemer mat der Fläsch oder Beikostproblemer Hëllef bei en...
18/09/2026

Gutt Néiegkeet !
Och no 9 Méint kann een bei Stëllproblemer, Problemer mat der Fläsch oder Beikostproblemer Hëllef bei enger Hiewan froen a kritt d'Berodung rembourséiert. Mir sinn lang ären Uspriechpartner!

Stëllvirbereedungscours an der Praxis Mëttelpunkt. Informationen an nëtzlech Techniken rondërem d'Stëllen fir een entspa...
18/09/2026

Stëllvirbereedungscours an der Praxis Mëttelpunkt.
Informationen an nëtzlech Techniken rondërem d'Stëllen fir een entspannten Start.
Een vun mengen Lieblingsthemen. ;-)
Terminer fannt dir op menger Homepage oder schréift mech via E-Mail oder WhatsApp un.






Als Hiewan sinn regelméisseg Fortbildungen wichteg a ech fannen et immens spannend emmer erëm néi Sachen ze léieren. Dof...
16/09/2026

Als Hiewan sinn regelméisseg Fortbildungen wichteg a ech fannen et immens spannend emmer erëm néi Sachen ze léieren.
Dofir sinn ech frou, des 2 Fortbildungen, déi mäin Wëssen zum Beckenbuedentraining ergänzen, ofgeschloss ze hunn.



ATELIER PORTE-BEBES : trouve le porte-bébé adapté à tes besoins !Vous êtes enceinte ou vous venez d'accueillir votre béb...
13/09/2026

ATELIER PORTE-BEBES : trouve le porte-bébé adapté à tes besoins !

Vous êtes enceinte ou vous venez d'accueillir votre bébé ?
Venez apprendre à porter votre enfant en toute sécurité , confortablement et avec amour.
Dans cet atelier, vous pourrez :
– découvrir différents types de porte-bébés
– tester ce qui vous convient vraiment à vous et à votre bébé
– apprendre à bien installer et ajuster le porte-bébé pour un confort optimal

📅 Date : 13.10.26
⏰ Horaire : 09:30-11:30
💶 Prix : 52 € par participant(e)
📍 Où ? Dans la salle de Yogatime à Schwebach
📩 Inscription par e-mail : [email protected]
ℹ️ Plus d’infos : liewensliicht.carrd.co

Di nächst Deeg hunn ech Terminer am Studio fir Meditatiounen opzehuelen.Des Meditatiounen sinn Deel vun mengem Gebuertsv...
13/09/2026

Di nächst Deeg hunn ech Terminer am Studio fir Meditatiounen opzehuelen.
Des Meditatiounen sinn Deel vun mengem Gebuertsvirbereedungscours.
Niewent der Virbereedung op d'Gebuert kennen se och am Kader vum Bonding a vum Stëllen genotzt ginn.
Hannert dësem Projet stecht immens vill Arbecht, fir esouwuel Musék an Texter ze schréiwen an unzepassen.
Elo geet et an den Endspurt.... Ech frëen mech!




Dest as d'Yuna. Zesummen mat 2 aneren Demopoppen as hatt am Gebuertsvirbereedungscours an am Stëllvirbereedungscours am ...
11/09/2026

Dest as d'Yuna.
Zesummen mat 2 aneren Demopoppen as hatt am Gebuertsvirbereedungscours an am Stëllvirbereedungscours am Asaatz. D'Koppel kennen mat him den Handling vum Puppelchen, d'Wéckelen an Stëllpositiounen üben.
Et kann een berougend Gefill sinn, verschidden Handgrëffer ze üben an et stärkt zukünfteg Elteren an hirer Kompetenz.



Am Kader vun 10 Joër Haus um Sand huet d'Stephanie Reduktiounen op villen Offeren! Eng gutt Occasioun fir e Cours, Berod...
02/09/2026

Am Kader vun 10 Joër Haus um Sand huet d'Stephanie Reduktiounen op villen Offeren!
Eng gutt Occasioun fir e Cours, Berodung oder Massage ze buchen.

HAUS UM SAND
FEIERT 10 JOER

Wat 2016 ganz kleng ugefaangen huet, ass mat der Zäit gewuess an wäert sech och haut nach ëmmer weiderentwéckelen.

Säit 10 Joer begleeden ech Elteren dobäi, hir Kanner besser ze verstoen an hiren Familljenalldag méi bindungs- a bedierfnisorientéiert ze gestalten ouni sech selwer ze vergiessen.

A menge Berodungen an Elteren-Kand Coursen ginn ech den Eltere Wëssen, Erfarung, Impulser a konkret Iddie mat op de Wee, déi hinnen hëllefen, hiren ganz eegene Wee als Famill ze fannen. Dobäi ass et mir wichteg, d’Elteren an hire Ressourcen ze stäerken, hinnen awer och nei Ressourcen mat op de Wee ze ginn a gemeinsam ze kucken, wéi passend Ritualer ganz natierlech an den Alldag integréiert kënne ginn. Esou kënnen am Familljeliewe kleng Anker entstoen, déi Sécherheet, Gebuergenheet a méi Rou an den Alldag bréngen.

Fir Elteren och schonn an der Zäit virdrun begleeden ze kënnen, hunn ech decidéiert, eng intensiv Doula Ausbildung an Däitschland ze maachen. Domat huet sech fir mech alles stëmmeg zesummegefügt. Säit 2019 begleeden ech vill Koppelen an elengerzéiend Fraen duerch Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett.

Ech halen och Fraekreesser, hu vill ganz intim Geschichten héieren, Momenter vun Onsécherheet, Freed a grousser Emotioun mat erlieft, Kraaft a Vertrauen wuessen gesinn a ganz besonnesch Transformatiounen dierfe mat erliewen. Et geet hei ëm “helleg” Räim, déi mech ëmmer erëm beréieren a mir weisen, wéi wäertvoll et ass an dëse sensiblen a prägenden Zäiten einfach do ze sinn, ze halen an ze stäerken.

Zesumme mat 4 aneren engagéierten Doulaen hu mir d’Associatioun Doula Lëtzebuerg gegrënnt. Als Presidentin wäert ech mir mat deenen aneren Méi ginn, den Doulaën zu Lëtzebuerg méi Visibilitéit a Gewiicht ze ginn, fir méi Transparenz an Opklärung ze suergen an eis Aarbecht ëmmer méi bekannt ze maachen. Mir wëllen eis vernetzen, sensibiliséieren an de Famille weisen, wat eng Doula ass a wéi si wierkt. Ab September lancéieren mir eis Homepage a wäerten méi präsent sinn.

A vläicht ass genee dat eng vun de gréisste Verännerunge vun “Haus um Sand” no 10 Joer. Laang war “Haus um Sand” virun allem: ech…a mat de Joren si wäertvoll Collaboratioune mat der Waldorfschoul, enger Konschttherapeutin, Doulaën, Hiewanen, dem Eltereforum an anere Mënschen aus anere Strukturen entstanen. Mënschen, déi sech ergänzen an dobäi e gemeinsamt Zil hunn: Koppelen, Familljen a elengerzéiend Elteren ze begleeden an ze stäerken.

Trotz all deem war 2025/2026 fir mech dat herausfuerderndst Joer. Ech hu mech net ëmmer a menger Mëtt gefillt an hunn ugefaangen ze zweifelen. Villes huet sech an de leschte Joren an de Beräicher, an deenen ech schaffen, zu Lëtzebuerg verännert. Eng Zäitchen hunn op eemol manner Leit de Wee bei mech fonnt. Dat huet natierlech eppes mat mir gemaach. Ech hu mech gefrot, ob dat, wat ech maachen, nach gebraucht gëtt an hat wierklech d’Gefill, meng Plaz e bëssen verluer ze hunn.

Haut mierken ech awer ëmmer méi: “Haus um Sand” evoluéiert. A vläicht huet et genee dës Phas gebraucht, fir z’erkennen, datt Verännerung net bedeit, seng Plaz ze verléieren. Heiansdo bedeit et einfach, datt eppes “Neies” entsteet.

“Haus um Sand” soll eng Plaz bleiwen, wou mir eis wierklech begéinen a vernetzen. Mir liewen an enger Zäit, wou Villes iwwer Bildschiermer leeft. Ëmsou méi wäertvoll fannen ech déi Momenter an deene mir zesummekommen, eis Zäit firenee huelen a richteg a Kontakt trieden. Et entsteet eng Gemeinschaft an d’Gefill, mat senge Froen, Gedanken an Erfarungen net eleng ze sinn.

No 10 Joer fillt et sech dofir net un, wéi wann eppes op en Enn geet. Am Géigendeel. Et fillt sech un, wéi wann déi lescht 10 Joer d’Fundament waren. An elo wäert et weidergoen, wuessen a sech weiderentwéckelen.

E grousse Merci geet un all Eenzelnen, deen an deene leschten 10 Joer en Deel vun dësem Wee war. Merci fir äert Vertrauen. Merci fir all Gespréich, all Fro, all Kritik, all Tréin, all Laachen an all déi kleng a grouss Momenter, déi “Haus um Sand” zu deem gemaach hunn, wat et haut ass.
An och e Merci un all déi Mënschen, déi elo mat mir nei Weeër ginn a matgestalten.

A well “Haus um Sand” haut Gebuertsdag feiert, kritt dir 10 Deeg laang 10% Reduktioun op all meng Offeren.

10 JOER – 10 DEEG – 10 PROZENT
1 SEPTEMBER - 10 SEPTEMBER
CODE: Hausumsand10

Happy birthday. Wat eng Rees, wow!!! Op déi nächst 10 Joer. Ech freeë mech ✨💛✨

Illustratioun: Patrick Hallé

Adresse

Brouch

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Droberodung a Stoffwëndelberodung Félicie Wietor publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager