Hesper Bouwen

Hesper Bouwen Inoffiziellen Supporter Club vum FC Swift Hesper!

Eis bäscht Vue op de Match haut zu Diddeleng
23/11/2024

Eis bäscht Vue op de Match haut zu Diddeleng

Heiansto muss een Décisiounen huelen, déi net einfach sinn. No laangem Iwerleen hun mir entscheed eis Aktivitéit beim Sw...
01/04/2024

Heiansto muss een Décisiounen huelen, déi net einfach sinn. No laangem Iwerleen hun mir entscheed eis Aktivitéit beim Swift op Äis ze leeën. Mir werten an Zukunft awer weiderhin an der Gemeng aktiv bleiwen!

Am Häerz ware mir schon emmer blo a wäiss!

Allez Izeg! Allez Blo a Wäiss!

Nom Match ass virum Match. Fir den Heemmatch den 01.August 2023 géint The New Saints FC aus Wales werten dHesper Support...
26/07/2023

Nom Match ass virum Match. Fir den Heemmatch den 01.August 2023 géint The New Saints FC aus Wales werten dHesper Supporter sech an dem Beräich installéieren. Jiddereen den eis Farwen ennerstetzen wëll ass Wëllkomm, huelt ierg einfach Ticketen an der Géigend!

Och wann mer onglecklech no 2 11m géint Bratislava verluer hunn, sinn mir stolz! Géint een um Pobeier komplett iwermächt...
20/07/2023

Och wann mer onglecklech no 2 11m géint Bratislava verluer hunn, sinn mir stolz! Géint een um Pobeier komplett iwermächtegen Géigener huet d’Ekipp gewisen dat se absolut gläichwerteg ass an mathaalen kann! Wahnsinn! Iwer 3000 Supporter, super Leeschtung vun der Ekipp, a mir sinn hees! 🫡🙏🏻

Vielen Dank an unsere Freunde aus Neunkirchen!
Hesper & der VFB!

Leonidas Zalorakis  op Witzer steet Retour ;) An der Coupe kënnt et dozou, de Swift spillt géint Izeg!Den Hesper Trainer...
13/05/2023

Leonidas Zalorakis op Witzer steet Retour ;)

An der Coupe kënnt et dozou, de Swift spillt géint Izeg!
Den Hesper Trainer stellt fest: "Bon ok Männer, daat do kréien mer hinn, ech wëll ierch elo net all Midd maachen, dofir setzen ech just eise Keeper, den Dupire op. Den mecht daat schonn."
De Recht vun der Ekipp geet gemitterlech an d‘Duerf een huelen a kuckt gelegentlech um Liveticker wéi et esou leeft.
14 Minutt: 1:0 fir de Swift
39 Minutt: 2:0 fir de Swift
Paus.
52 Minutt: 3:0 fir de Swift.
De Keeper schéint de Match am Grëff ze hunn.

Opeemol den 3:1, 69 Minutt.
Den 3:2 an der 83 Minutt.

D Ekipp get esoulues nervös a rennt op den Holleschbierg fir ze kucken waat lass ass, a fannen den Dupire ganz traureg op der Bänk sëtzen:
Dupire: "Jo ech kann och net dofir, mech huet de Schiri virun der Halbzeit ma Giel-Roud vum Terrain gescheckt, säitdem kucken ech och just den Ticker...."

30/04/2023

+++Supporterbus op Wolz!+++

Fir den nächsten Match, e Sonden den 7.Mee, organiséiert de Swift e Supporterbus! Départ um Holleschbierg an natierlech nom Match och erem zeréck op den Holleschbierg! Interesséiert? Dann mell dech per Noricht hei op Facebook!

Départ ass um 14h00 um Holleschbierg!
Den Bus ass gratis!

D‘Platzen sinn begrenzt, déi 1. sinn fir!

++Allez Swift!++

16/04/2023
31/12/2022

D‘Joer 2022 geet mat enger traureger Noricht op en Enn. Den Dan Theis ass am Alter vun nëmmen 55 Joer vun eis gaang. An der lëtzebuerger Futtballwelt war den Dan net eweg ze denken, dat souwuel a senger Roll als aktiven Spiller an der Nationalekipp wéi och duerno a senger Funktioun als Trainer, ënnert anerem och um Holleschbierg.
Mir drécken heimat dem Dan senger Famill a sengen Frënn eist häerzlechst Bäileed aus, a wënschen vill Kraaft an dëser schwéierer Zäit.

Rou a Fridden, Dan.

Adresse

Hesperange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Hesper Bouwen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager