09/12/2022
Introducing our coach, National Team player Thomas Grün! 👏
Moien, mäin Numm ass Thomas Grün (ausgeschwat Thoma ouni den S)
Ech hunn am Alter vun 5 Joer zu Zolwer ugefaangen mat Basket spillen.
Nodeems ech meng Septième nach zu Esch am LHCE gemaach hunn, sinn ech ab der Sixième an den Sportlycée gaangen, vir Schoul an Sport optimal verbannen ze kennen.
Wéi ech wärend menger éischter U16 B-EM gutt gespillt hunn, krut ech Proposen vun auslänneschen Basketschoulen.
Sou koum et, dass ech mech mat 16 Joer derzou entscheet hunn op Urspring ze goen.
Hei huet sech mäin Dram Profispiller ze ginn ëmmer méi zu engem Ziel entwéckelt vir dat ech all Dag trainéiert hunn.
No mengem Abitur-Ofschloss ass et vir mech dunn weider bei den SLUC Nancy gaangen, wou ech zwee Joer Espoirs gespillt hunn an bei der Profiequipe ëmmer erëm Erfarungen sammelen konnt.
Wei ech den Alter vir Espoirs iwwerschratt hat, war den nächsten Schratt op Treier ze goen an hei mäin éischten richtegen Profikontrakt ze ënnerschreiwen.
Sechs Joer hunn ech dunn als Profi zu Treier gespillt. Iergendwann war dunn den Zäitpunkt komm, aner Prioritéiten an mengem Liewen ze setzen. Dofir sinn ech säit dem Ufank vun der Saison bei den Basket Esch gewiesselt an hunn ugefaangen an Lëtzebuerg ze schaffen an ze liewen.
Sou koum et, dass ech elo mëttlerweil vir déi drëtten Kéier beim Luxembourg Ballers Camp als Coach derbäi sinn. Ech freeën mech ëmmer erëm duerch meng Erfarungen jonken Spiller derbäi ze hëllefen hiren Basket op den nächsten Niveau ze bréngen an virun allem zesummen Freet um Camp ze hunn
Mir gesinn eis an der Hal.
-Thomas
Photos by 📸