25/11/2020
Amateuropnam vun der Péitruss an der Neier Bréck.
Liked, deelt a kommentéiert, wann iech dës Postkaart gefält.
D'Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.
Duerch d'Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d'Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d'Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D'Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.
1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.
D'Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d'Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D'Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.
Den 24. Juli 1903 ass d'Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m
De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d'Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.
Ab 1904 ass d'Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d'Bréck gefuer.
D'Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.
Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.
Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d'Bréck fueren.
Nach e puer Kuriositéiten: D'Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:
D'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d'Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d'Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.
Fotograf: Amateur.
Datum: Onbekannt.
Collection privée: Eng Postkaart den Dag.
Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.