Gemeng Konsdref

Gemeng Konsdref Facebook officiel de l'Administration communale de Consdorf

🇱🇺 ✅ ROUTE D’ECHTERNACH NEES FIR DE VERKÉIER OPD’Aarbechten an der Route d’Echternach zu Konsdref sinn ofgeschloss an d’...
04/09/2026

🇱🇺 ✅ ROUTE D’ECHTERNACH NEES FIR DE VERKÉIER OP

D’Aarbechten an der Route d’Echternach zu Konsdref sinn ofgeschloss an d’Strooss ass nees fir de Verkéier op. 🚗🚌

Mir soen allen Awunnerinnen, Awunner a Verkéiersteilnehmer Merci fir hiert Versteesdemech an hir Gedold wärend den Aarbechten. 🙏

───────────────

🇫🇷 ✅ RÉOUVERTURE DE LA ROUTE D’ECHTERNACH

Les travaux sur la Route d’Echternach à Consdorf sont terminés et la route est de nouveau ouverte à la circulation. 🚗🚌

Nous remercions les riverains et tous les usagers de la route pour leur compréhension et leur patience pendant les travaux. 🙏

❤️‍🩹 Neie Standuert fir den AED zu ScheedgenDen automateschen externen Defibrillator (AED) zu Scheedgen gouf op enger ne...
04/09/2026

❤️‍🩹 Neie Standuert fir den AED zu Scheedgen

Den automateschen externen Defibrillator (AED) zu Scheedgen gouf op enger neier, gutt sichtbarer an zougänglecher Plaz installéiert:

📍 an der Zoufaart zum Veräinsbau an zur Kierch

Den AED ass am Noutfall fräi zougänglech a kann bei engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand Liewe retten. Den Apparat féiert Iech Schrëtt fir Schrëtt duerch d’Reanimatioun.

🚨 Am Noutfall: direkt den 112 uruffen!

❤️‍🩹 Nouvel emplacement du DAE à Scheidgen

Le défibrillateur automatisé externe (DAE) de Scheidgen a été installé dans un nouvel endroit bien visible et facilement accessible :

📍 dans la voie d’accès au bâtiment des associations et à l’église

Le DAE est librement accessible en cas d’urgence et peut sauver des vies lors d’un arrêt cardiaque. L’appareil vous guide étape par étape pendant la réanimation.

🚨 En cas d’urgence : appelez immédiatement le 112 !

🚴‍♂️ 36. Charly Gaul – Passage duerch d’Gemeng KonsdrefE Sonndeg, de 6. September 2026, féiert d’Cyclo-Sportive „La 36èm...
04/09/2026

🚴‍♂️ 36. Charly Gaul – Passage duerch d’Gemeng Konsdref

E Sonndeg, de 6. September 2026, féiert d’Cyclo-Sportive „La 36ème Charly Gaul“ duerch d’Gemeng Konsdref.

🚗 Wärend dem Passage vun de Cycliste kann et op der markéierter Streck temporär zu Verkéiersbehënnerungen a kuerze Waardezäite kommen.

Mir bieden all Verkéiersteilnehmer, virsiichteg ze fueren an d’Uweisunge vum Sécherheetspersonal ze respektéieren.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech a passt gutt op d’Cyclisten op!

--------------------------------------------------------------------------

🚴‍♂️ 36e Charly Gaul – passage dans la commune de Consdorf

Le dimanche 6 septembre 2026, la cyclosportive « La 36ème Charly Gaul » traversera la commune de Consdorf.

🚗 Lors du passage des cyclistes, des perturbations temporaires et de courts temps d’attente sont possibles sur l’itinéraire indiqué.

Nous invitons tous les usagers de la route à faire preuve de prudence et à respecter les instructions du personnel de sécurité.

🙏 Merci pour votre compréhension et votre vigilance envers les cyclistes !

🇱🇺 ⛔ ROUTE D’ECHTERNACH ZU KONSDREF – KOMPLETT GESPAART📅 Vum Méindeg, den 31. August, bis Samschdeg, de 5. September 202...
28/08/2026

🇱🇺 ⛔ ROUTE D’ECHTERNACH ZU KONSDREF – KOMPLETT GESPAART

📅 Vum Méindeg, den 31. August, bis Samschdeg, de 5. September 2026 gëtt tëscht der Kierch an dem Multisport-Terrain e faarwege Splittbelag op déi nei Asphaltschicht opgedroen.

⏳ De frësch opgedroene Splittbelag muss aushäerden an et musse nach Markéierungen opbruecht ginn. Dofir bleift de betraffene Stroossenofschnëtt och gespaart, wa grad keng Aarbechten op der Plaz stattfannen. Wgl. eréischt nees befueren, wann d’Strooss offiziell fräiginn ass.

🚧 VERKÉIER AN ZOUFAARTEN

⛔ Keng Duerchfaart tëscht der Rue du Müllerthal an der Route d’Echternach. Eng regional Ëmleedung gëtt ageriicht.
⛔ Vun dëse Stroossen aus kann een net an d’Route de Luxembourg oder an d’Rue de la Mairie ofbéien.
🚗 D’Rue de la Mairie bleift fir Persounenautoen iwwer eng provisoresch Schotterpist an der Verlängerung vun der Rue Greveneck erreechbar. Dës ass net fir grouss Gefierer gëeegent.
🏠 ZOUFAART RUE BURGKAPP
➡️ 31. August bis 2. September Moies: iwwer d’Rue du Müllerthal.
➡️ 2. September Nomëttes bis 4. September: iwwer d’Route de Luxembourg.

🚌 ËFFENTLECHEN TRANSPORT – LINNEN 211, 261 AN 262
• Linnen 211 an 261: Den Arrêt „Consdorf, Post“ gëtt net bedéngt.
• Linn 262: D’Arrêten „Consdorf, Schoul“ a „Consdorf, Konstrëfermillen“ ginn net bedéngt. D’Linn fiert eng méi grouss regional Ëmleedung.
• Provisoresch Arrêten: Rue Hicht bei den Haiser 68 a 75 an an der Rue de Berdorf bei der Kräizung mat der Rue Mélicksheck.
ℹ️ Informéiert Iech iwwer d’Upassunge vun Ärer Buslinn op mobiliteit.lu oder bei den entspriechenden Arrêten.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech. Respektéiert wgl. d’Ofspärungen an d’Signalisatioun op der Plaz.

───────────────

🇫🇷 ⛔ ROUTE D’ECHTERNACH À CONSDORF – FERMETURE TOTALE À LA CIRCULATION

📅 Du lundi 31 août au samedi 5 septembre 2026, un revêtement en gravillons colorés sera posé sur la nouvelle couche d’asphalte, entre l’église et le terrain multisports.

⏳ Le revêtement doit durcir après sa pose et le marquage routier doit encore être réalisé. Le tronçon concerné reste donc fermé à la circulation, même lorsqu’aucun travail n’est en cours sur place. Merci d’attendre la réouverture officielle avant de l’emprunter.

🚧 CIRCULATION ET ACCÈS

⛔ Aucune circulation entre la Rue du Müllerthal et la Route d’Echternach. Une déviation régionale sera mise en place.
⛔ Depuis ces rues, il sera impossible de bifurquer vers la Route de Luxembourg ou la Rue de la Mairie.
🚗 La Rue de la Mairie restera accessible aux voitures particulières par une piste provisoire en gravier dans le prolongement de la Rue Greveneck. Celle-ci ne convient pas aux véhicules de grande taille.
🏠 ACCÈS À LA RUE BURGKAPP
➡️ Du 31 août au 2 septembre au matin : par la Rue du Müllerthal.
➡️ Du 2 septembre après-midi au 4 septembre : par la Route de Luxembourg.

🚌 TRANSPORTS EN COMMUN – LIGNES 211, 261 ET 262
• Lignes 211 et 261 : l’arrêt « Consdorf, Post » ne sera pas desservi.
• Ligne 262 : les arrêts « Consdorf, Schoul » et « Consdorf, Konstrëfermillen » ne seront pas desservis. La ligne effectuera une déviation régionale plus importante.
• Arrêts provisoires : Rue Hicht, aux numéros 68 et 75, et Rue de Berdorf, au carrefour avec la Rue Mélicksheck.
ℹ️ Consultez les adaptations de votre ligne sur mobiliteit.lu ou aux arrêts concernés.
🙏 Merci de votre compréhension. Veuillez respecter les barrières et la signalisation sur place.

🚧 Verkéiersspärung um CR356 / Fermeture du CR356 🚧🇱🇺 Wéinst Stroossenaarbechten ass den CR356 vu Mëllerdall a Richtung K...
25/08/2026

🚧 Verkéiersspärung um CR356 / Fermeture du CR356 🚧

🇱🇺 Wéinst Stroossenaarbechten ass den CR356 vu Mëllerdall a Richtung Konsdref en Mëttwoch, de 26. August 2026, vu 6:00 bis 18:00 Auer fir de Verkéier gespaart.

➡️ Eng Deviatioun gëtt ageriicht.

Merci fir Äert Versteesdemech.

🇫🇷 En raison de travaux routiers, le CR356 de Mullerthal en direction de Consdorf sera fermé à la circulation le mercredi 26 août 2026, de 6h00 à 18h00.

➡️ Une déviation sera mise en place.

Merci de votre compréhension.

19/08/2026

🇱🇺 Joyeuse Entrée op der Musel: fënnef Konsdrefer gesicht!👑
🎉 De Freideg, den 2. Oktober um 15.00 Auer, sinn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse am Kader vun hirer Joyeuse Entrée ze Éinen op Besuch. Eis Gemeng huet d'Méiglechkeet fënnef Awunner auszewielen, déi d'Gemeng Konsdref representéieren an d’groussherzoglech Koppel u Bord vun der M.S. Princesse Marie-Astrid begréissen.
🚢 D'Schëff leet matt der Groussherzoglecher Koppel an de Vertrieder aus de verschiddene Gemengen zu Wuermer of. No der Begréissung geet et da mam Schëff bis op Éinen. Op déi breet Ëffentlechkeet waart do eng Presentatioun vun der Muselregioun an ee grousst Volleksfest.
☑️ Hutt Dir Loscht en Deel vun der Konsdrefer Delegatioun um Schëff ze sinn? Da mellt Iech bis e Sonnden, den 23. August 2026 per Email bei der Gemeng: [email protected].
Natierlech sinn d'Awunner vu Konsdref ganz häerzlech ageluede bei der Joyeuse Entrée zu Éinen laanschtzekommen!🥳
🇫🇷 « Joyeuse Entrée » sur la Moselle : cinq personnes de Consdorf recherchées ! 👑
🎉 Le vendredi 2 octobre à 15 h 00, le Grand-Duc et la Grande-Duchesse se rendront à Éinen dans le cadre de leur Joyeuse Entrée. Notre commune a l'opportunité de sélectionner cinq résidents pour représenter la commune de Consdorf et accueillir le couple grand-ducal à bord du M.S. Princesse Marie-Astrid.
🚢 Le navire, transportant le couple grand-ducal ainsi que les représentants de diverses communes, partira de Wormeldange. Après la cérémonie d'accueil, le bateau se dirigera vers Éinen. Sur place, une présentation de la région de la Moselle et une grande fête populaire attendront le public.
☑️ Vous souhaitez faire partie de la délégation de Consdorf à bord du navire ? Alors, veuillez contacter la commune par e-mail jusqu'au dimanche, 23 août 2026 : [email protected].
Bien entendu, tous les résidents de Consdorf sont chaleureusement invités à venir assister à la Joyeuse Entrée à Ehnen ! 🥳

🇱🇺 🌳☀️ **Opgepasst am Bësch – méi héije Risiko duerch Dréchent an Hëtzt**Déi laang Hëtzt- an Drécheperioden schwächen ei...
31/07/2026

🇱🇺 🌳☀️ **Opgepasst am Bësch – méi héije Risiko duerch Dréchent an Hëtzt**

Déi laang Hëtzt- an Drécheperioden schwächen eis Bëscher. Nieft der erhéichter Bëschbrandgefor besteet och e méi grousse Risiko, datt Äscht eroffalen oder Beem briechen. Och Beem, déi vu bausse gesond ausgesinn, kënne beschiedegt sinn.

D’Naturverwaltung an d’Gemeng Konsdref bieden dofir ëm besonnesch Virsiicht:

✅ Sidd bei Spadséiergäng an Aktivitéiten am Bësch besonnesch opmierksam, virun allem no Onwiederen oder laangen Drécheperioden.
✅ Bleift wa méiglech op de markéierte Weeër a Pisten.
✅ Maacht Pausen op fräie Plazen, wäit genuch vun de Beem ewech.
✅ Respektéiert temporär Spärungen a Sécherheetsmoossnamen.
🔥 Vermeit Feier an all Aktivitéit, déi Funken oder e Brand verursaache kéint.

🚨 Bei engem Accident: 112

---

🇫🇷🌳☀️ **Prudence en forêt – risques accrus en période de sécheresse et de chaleur**

Les longues périodes de chaleur et de sécheresse fragilisent nos forêts. Outre le risque accru d’incendie, des branches peuvent tomber et des arbres peuvent se rompre. Même des arbres qui paraissent sains peuvent présenter des dommages invisibles de l’extérieur.

L’Administration de la nature et des forêts et la Commune de Consdorf invitent donc chacun à faire preuve d’une vigilance particulière :

✅ Restez vigilants lors des promenades et des activités en forêt, surtout après des intempéries ou de longues périodes de sécheresse.
✅ Restez, dans la mesure du possible, sur les chemins et sentiers balisés.
✅ Lors des pauses, privilégiez les espaces dégagés à l’écart des arbres.
✅ Respectez les fermetures temporaires et les mesures de sécurité mises en place.
🔥 Évitez tout feu ainsi que toute activité susceptible de provoquer des étincelles ou un incendie.

🚨 En cas d’accident : 112

🇱🇺 Offall richteg sortéieren – ee klenge Geste mat grousser Wierkung!Wësst Dir, wat a wéi eng Poubelle gehéiert? Mat der...
28/07/2026

🇱🇺 Offall richteg sortéieren – ee klenge Geste mat grousser Wierkung!
Wësst Dir, wat a wéi eng Poubelle gehéiert? Mat der richteger Offalltrennung hëlleft Dir wäertvoll Ressourcen ze schounen an eis Ëmwelt ze schützen.♻️
⬇️Méi Informatiounen:
https://environnement.public.lu/fr/offall-ressourcen.html
🇫🇷 Bien trier ses déchets, c'est un petit geste qui fait toute la différence !
Savez-vous dans quelle poubelle jeter vos déchets ? Un tri correct permet de préserver nos ressources et de protéger l'environnement.♻️
⬇️Plus d'informations :
https://environnement.public.lu/fr/offall-ressourcen.html
🇬🇧 Sorting your waste properly makes a real difference!
Do you know which bin your waste belongs in? Correct waste sorting helps protect the environment and preserve valuable resources.♻️
⬇️More information:
https://environnement.public.lu/fr/offall-ressourcen.html

🎡🚌 Avis au public – A l'occasion de la fête populaire "Schueberfouer 2026", des courses spéciales de renfort seront mise...
28/07/2026

🎡🚌 Avis au public – A l'occasion de la fête populaire "Schueberfouer 2026", des courses spéciales de renfort seront mises en marche sur les lignes RGTR 🚌🎡

🎡🚌 Anlässlich des Volksfestes „Schueberfouer 2026“ werden auf den RGTR-Linien zusätzliche Sonderfahrten angeboten. 🚌🎡

https://consdorf.lu/?p=27089

Adresse

8, Route D'Echternach
Consdorf
6212

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
14:00 - 16:00
Mardi 08:00 - 11:30
14:00 - 18:00
Mercredi 08:00 - 11:30
Jeudi 08:00 - 11:30
14:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 11:30
14:00 - 16:00

Téléphone

+3527900371

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Konsdref publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Gemeng Konsdref:

Partager