Sport Fescherclub Kentzeg

Sport Fescherclub Kentzeg Mir sin den Sportfescher-Club Kentzeg! Wanns du gaeren feschs an daat gaeren op sportlechem Niveau bedreifs, dann mell dech roueg bei eis!

Bei eis kanns du eise Chalet fir dain Evenement lounen a wanns du gaeren feschs an daat gaeren op sportlechem Niveau bedreifs, dann mell dech roueg bei eis! Du muss och net direkt daat deiert Geschiir kaafen, mir léinen dir daat och gaer am Ufank! Fir d'Jugend, di gaer feschet an wou d'Elteren awer keng Zait hun, fir hin an hir ze fueren, déi gin mir och gaeren heem sichen an brengen se och erem zreck :-)

28/11/2025

😄 Mier hun eisen Baam geplanst 💪

Miir den Sport Fescherclub Kentzeg wenscht ierch all een gudden Rutsch an een wonnerscheint Joer 2025.Petri Heil
31/12/2024

Miir den Sport Fescherclub Kentzeg wenscht ierch all een gudden Rutsch an een wonnerscheint Joer 2025.
Petri Heil

Virgëschter ass dann endlech Holz geliwwert ginn vir de Bord vun eisem Weier ze stabiliséieren. Gëschter ass den Unhänge...
10/11/2024

Virgëschter ass dann endlech Holz geliwwert ginn vir de Bord vun eisem Weier ze stabiliséieren. Gëschter ass den Unhänger ofgelueden ginn. Lo kenne mer endlech de Bord rëm sécher a stabil maachen.

02/10/2024
Haut haten mer Clubfëschen zu Messancy. Et war waarm, gaanz waarm an vill Loft. Mir hätten kennen Draachen fléien loosse...
24/08/2024

Haut haten mer Clubfëschen zu Messancy. Et war waarm, gaanz waarm an vill Loft. Mir hätten kennen Draachen fléien loossen mee mat Fësch war leider net ganz vill. Mir hunn der gefaangen mee leider net besonnesch vill.

1: Jhemp - 10,5kg
2: Alex - 7,14kg
3: Oli B. - 6,03kg
4: Claude - 3,61kg
5: Georges - 0,00kg

Dann war Jugend och dobäi mee déi hunn haut mat der Jugend Sektioun gefëscht an kréien Punkten do bewäert :)
5 Jugendlecher waren haut dobäi an hunn och alleguerten bëssen eppes gefaangen. :)

Haut de Moie waren erëm 5 Membere fläisseg um schaffen an hunn komplett ronderëm alles gebotzt sou dass et rëm propper a...
12/08/2024

Haut de Moie waren erëm 5 Membere fläisseg um schaffen an hunn komplett ronderëm alles gebotzt sou dass et rëm propper ass an ee propper ronderëm ka goen a setzen.

Just nach bësse Freischneideren um Ufer mee dofir war et lo ze waarm ginn dat gëtt des Woch awer nach fäerdeg gemaach.

Schéine gudde Mëtteg.Haut de Moie war et richteg herrlech bei dem gudde Wieder. Wat gëtt et mei schéines wei beim Waasse...
11/08/2024

Schéine gudde Mëtteg.

Haut de Moie war et richteg herrlech bei dem gudde Wieder.
Wat gëtt et mei schéines wei beim Waasser ze setzen an ze fëschen an déi Rou ze genéissen.

Ech wënschen iech ee schéine rechtleche sonnege Sonndeg. 🎣🌞😃

Schéinen gudden Owend,Hei erëm een Updates zu eisem Veräinsliewen. Haut war mol engkeier net fëschen mee erëm engkeier S...
06/07/2024

Schéinen gudden Owend,

Hei erëm een Updates zu eisem Veräinsliewen.
Haut war mol engkeier net fëschen mee erëm engkeier Schaffen um plang.

Als éischt hunn mer missen eisen Damm/Wee dee vu Raten duerch getunnelt ginn ass reparéiert well de Weier mei schnell Waasser verluer huet ewéi et nogelaf ass.
An well mer sou motivéiert haut waren hunn mer dunn och déi sämtlech längt vum Weier de Wee em 1meter mei breet gemaach well mer Hecken em 1 meter verbotzt hunn.

War eng top zesummen aabescht vun eis all an hunn eis och gutt ameséiert beim schaffen.
Merci Männer a Bouf :)

Gudde Mëtteg. Haut haten mer Clubfëschen zu Rëmerschen um Carpodrome. Et war ee flotte Moie ma vill Waasser a vill Deier...
23/06/2024

Gudde Mëtteg.

Haut haten mer Clubfëschen zu Rëmerschen um Carpodrome. Et war ee flotte Moie ma vill Waasser a vill Deieren a wéineg Fësch.

Mee mir wëllen et net schéin schwätzen mee weisen och déi schlëmm Resultater😂🐟🎣.

Hei Daagesclassement:

1: Pit - 3,370kg

2: Cloé - 3,200kg

3: Jhemp - 2,740kg

4: Pierre - 1,500kg

5: Chiara - 0,160gr

6: Oli H. - 0,000kg

6: Oli B - 0,000kg

6: Cindy - 0,000kg

6: Georges - 0,000kg

6: Claude - 0,000kg

6: David - 0,000kg

Hunn ech schonn erwäänt dass et awer Spaass gemaach huet?😂😂

Jiddwereen wou sech vir dat scheinsten Hobby vun der Welt interesséiert huet sécher schonn engkeier héieren wann ee Fësc...
05/06/2024

Jiddwereen wou sech vir dat scheinsten Hobby vun der Welt interesséiert huet sécher schonn engkeier héieren wann ee Fëscher zum aneren de Saatz Petri Heil seet. Wat dat genau domadder op sech huet a wou dat hier kennt well ech iech hei kuerz verooden. Hei Erklärung:

"Petri Heil" ist ein traditioneller Gruß unter Anglern, der zum Ausdruck von Glückwünschen und guten Wünschen für einen erfolgreichen Angelausflug verwendet wird. Der Gruß leitet sich vom Heiligen Petrus ab, dem Schutzpatron der Fischer, der laut biblischer Überlieferung ein Fischer war, bevor er einer der Apostel Jesu wurde.

Der Ausdruck "Petri Heil" wird oft verwendet, wenn Angler einander begegnen oder sich verabschieden, um sich gegenseitig Glück und Erfolg beim Angeln zu wünschen. Es ist eine freundliche und respektvolle Geste, die die Gemeinschaft und Kameradschaft unter Anglern fördert und die gemeinsame Leidenschaft für das Angeln zum Ausdruck bringt.

Neben "Petri Heil" gibt es auch den Gruß "Petri Dank", der häufig verwendet wird, um jemandem für die Glückwünsche zu danken oder nach einem erfolgreichen Fang seine Zufriedenheit und Dankbarkeit auszudrücken. Beide Begriffe sind Teil der Angelkultur und helfen, die Verbundenheit und Freundschaft unter Anglern zu stärken und zu erhalten.

Haut de Moien haten mir ee Club concour. Well fëschen zu Rëmerschen leider net geklappt huet duerch Schued un hirem Weie...
25/05/2024

Haut de Moien haten mir ee Club concour. Well fëschen zu Rëmerschen leider net geklappt huet duerch Schued un hirem Weier (Onwiederen) hunn mir dann haut bei eis zu Kënzeg gefëscht. Fësch hunn haut leider bei kengem matgespillt mee mir hunn awer wéinstens de Wiedergott op eiser Säit gehat sou dass et awer ee flotte moie beim Waasser war.

Placéierungen vum Dag sinn dann déi follgend:
1: Georges - 3,26kg
2: Pit - 2,96kg
3: Dario - 2,68kg
4: Chiara - 2,50kg
5: Pierre - 1,85kg
6: Claude - 0,97kg
7: David - 0,90kg
8: Jhemp - 0,80kg
9: Cindy - 0,42kg
10: Oli - 0,22kg

Mir soen all de Fëscher merci

Adresse

62, Rue De Grass
Clemency
4964

Téléphone

+352691822513

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Sport Fescherclub Kentzeg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Sport Fescherclub Kentzeg:

Partager