26/09/2022
🍀Thank you🍀
E Samsden hu mir de Chèque iwwerreecht, mat den 4.676€ déi mir fir dem Kamel säi Wonsch vum eegenen Handbike gesammelt kritt hunn . Mir wëllen op dëser Plaz nach emol all deene Leit MERCI soen, déi eis Aktioun mat engem Don ënnerstëtzt hunn, genau esou wéi eise Sponsoren💙
Mir haten ausserdem d'Geleegenheet d'Ekipp vun kennenzeléieren an eis mat hinne auszetauschen🚲. Den Alex, deen 6 Woche mam Moto fir de gudden Zweck gefuer ass, huet eis och konnte vu sengen Erliewnisser erzielen.🏍
Et war eis och eng grouss Éier, d'Lara an d'Ines mat hiere Famille kennenzeléieren, déi duerch d'Zesummenarbecht mat Wonschstaer, der Spendenaktioun vum Velostuer bis a Portugal, an dem Alex säin Motostuer, eng Delfintherapie maache kënnen. 🐬
Et ass einfach schéin ze gesinn, dass een mat esouenger Aktioun esou vill Freed verbreede kann😊