Forestcheap Backpacking Abenteuer

Forestcheap Backpacking Abenteuer Nohaltëg Reesen. Zu Fouss bis op d'belsch Plage an rem zeréck Virun enger Zäit hat ech d'Iddi fir een klengt Abenteuer ze maachen. Wat ass mäin Plang?

Ziel an Motivatioun

Ech huelen iech mat op mäin Abenteuer: 26 Deeg bis op d'belsch Plage an rëm zeréck. Ech wollt keng normal Vakanz, wou een an den Fliger klëmmt, dann 2 Wochen um Strand läit an näischt mëscht. Ech wëll gären zu Fouss an 12 Deeg bis op Knokke trëppelen an dat an ca. 35km pro Dag Etappen dann 2 Deeg op der Plage raschten an Vakanz maachen an dann rëm zu Fouss zeréck. Dat ganzt so

ll den 29. Juli starten. Ech sinn sportlech, mee dat ass eng Erausfuerderung, déi och fir mech grouss ass. Firwat dinn ech mir dat un? Et ginn verschidde Grënn firwat ech mech entscheet hunn, dat ze maachen:
1. Duerch mäin Background am Leeschtungssport an ech säit 2013 net méi kompetitiv Konschtturnen maachen, brauch ech heiansdo néi Erausfuerderungen.

2. Ech hunn heiansdo verréckt Iddien an wëll déi dann onbedéngt duerchsetzen.

3. Lo mat der ganzer Corona Zäit ass engem bewosst ginn, wéi schnell d'Liewen kann änneren an dass Entschleunegung och mol gutt ka sinn.

!!4. E vun den wichtegsten Aspekter un dëser Rees ass d'Ëmwelt. Ech wëll weisen, dass een net muss em d'hallef Welt muss mam Fliger reesen an een risegen ekologesche Footprint muss hannerloossen. Mir gefält d'Iddi, dass ech einfach aus menger Hausdier rausginn an ouni Emissiounen bis op d'belsch Plage ka kommen. Ech hoffen och, dass ech deen een oder aneren dozou animéiert kréien fir net 3 Vakanzen am Joer ze maachen an och méi en Ëmweltbewosstsinn ze kréien. Du hues Loscht mech ze ënnerstëtzen? Ech sammelen Spenden an dovun gi 75% un eng Ëmweltorganisatioun, déi dir Spender kënnt eraussichen. Den Rescht vun den Spenden investéieren ech an d'Rees, wéi zB eng néi Kamera fir Vlogs ze maachen, Camping, Iesssaachen, Schlofsak, etc. Du kanns Paypal benotzen fir eng Spend ze machen: [email protected]

Schreif mer dobäi wéineg Organisatioun s du wëlls ënnerstëtzen an ech kucken dann herno, wéi eng Organisatioun am Beschten passt. Ech soen dir lo scho lo e grousse Merci.

D7, läschten Dag: Haut geet et Heem. Awer et gett nach een laangen Dag.Um 3:30 schellt den Wecker. Et Dämmert schon. Bus...
28/06/2023

D7, läschten Dag:

Haut geet et Heem.

Awer et gett nach een laangen Dag.
Um 3:30 schellt den Wecker. Et Dämmert schon. Business as usual, mee alles méi zackeg, well ech normalerweis 0,5-1 Stonn méi laang brauch fir prett ze sinn. Haut muss ech mer awer net firdrun schon 2 Liter Waasser raschëdden éier etassgeet. Also deen Stress manner. Schnell Kaffi gedronk an Rescht Müsli gies, packen ech alles zesummen an sinn kuerz no 5 prëtt fir déi läscht 7,5km. M***e et gëtt awer nach eng knapp Nummer seet den GPS. Google maps no kommen ech awer 20 min firun Abfahrt un. Egal, ech gi Gas. Um 6:40 sinn ech zu Stralsund an hunn nach 20 Minuten Zäit, kaafen na een Bréidchen an setzen mech an den Zuch.
Schon relativ fréi stellt sech scho rem raus, dass et eng knapp Nummer gëtt. 30 Minuten Verspéidung wéinst technëschen Problemer. 0 Minuten Zäit fir zu Hamburg emzeklammem. Ma super...
Während der Fahrt huele mer rem puer Minuten ran, an ech packen den Uschloss awer nach no knapp Stonnen Fahrt. Mee lo scho rem deen nächsten Problem bei mengem Emstieg zu Dortmund 1 ganz Minut hunn ech Zäit. Ech laafen an packen et nach ganz knapps.
Ween lo mengt et kéint een jo gutt am Zuch schlofen, nee nee, duerch déi dauerhaft Ongewëssheet ass een just am Stress.
Am Zuch fir op Koblenz dann rem déi nächst Iwwerraschung. Mäin Zuch fir op Lëtzebuerg geet et net. Also rem Schaffner froen an ech muss rem, wéi bei der Hifahrt mam Bus bis op Wittich, vun Wittlich mam Zuch op Tréier an vun Tréier mam Zuch op Letzebuerg.

No knapp 15 Stonnen on the road an 5 mol emklammen setzen ech geduscht an midd en Hond op menger Couche an schlofen gläich an

Ech hunn deen ganzen Trip och rem gefilmt. Vläicht kënnt demnächst och nach eng Kéier een Video.

Over and out!

D6:Haut ass ee relaxen Dag.D'Nuescht war zwar e bëssen méi kaal, mee angenehm. Et war vill Loft mee mäin Zelt huet dat g...
27/06/2023

D6:
Haut ass ee relaxen Dag.
D'Nuescht war zwar e bëssen méi kaal, mee angenehm. Et war vill Loft mee mäin Zelt huet dat gutt matgema.
Um 7 geet den Wecker. Ech schlofen nach eng hallew Stonn weider. Dann opstoen, iessen, ferdeg man, apaacken. Alles mat der Rou. Ech hu keen Zäitdrock. D'Wierder gesäit gutt aus, zwar Woleken, mee keen Reen.
Um 11 geet et lass Richtung Binz. Wéivill km Haut kucken ech mol. Knapps aus dem Camping raus; et fänkt un mat reenen. Also schnell Poncho un. Ech hat en nach, do hällt et och scho rem op. Ech loossen en mol nach eng 10min un. Bis ech en dann rem Ausdoen muss, wëll d'Farw vum Poncho an Reenhaube fir den Rucksack locken honnerten vun klengen Käferen un. Ech sinn couvréiert vun Mécken/Käferen. Poncho an Haube schnell weggepackt. Et reent jo och net mei.
Zu Prora ginn ech den aal N**i Kurort "Koloss von Prora" kucken. 4,5km laangt Gebäude aus der N**izäit, krass.
Ech ginn riwwer op den Strand an ginn do weider. Drenken een Kaffi un enger Beachbar an ginn weider. Richtung Binz.
No 6km, dinn ech meng Kleeder aus an ginn an d'Waasser, setzen mech fir 1,5 Stonnen dohinn. (D'Fotoen loossen ech iech erspuert 😅)
Zu Binz ginn ech eppes iessen an kucke mer nach schnell d'Ostseebrücke un.
Et ass lo och Zäit fir op den Zuch fir op Altefähr. Mäin läschte Camping.
No 45 Minuten Zuch, ukomm. Lo nach 2,5km bis bei den Camping.
Et ass halwer 6. Check-in war bis 5. ech soll einfach Suen an d Bréifkëscht gehéien an mech op d Wiss stellen.
Zelt opbauen, Iessensrechter verballeren an dann och gläich schlofe goen. Muer muss ech um 5 fortgoen, fir um 7 ca. 7,5km den Zuch fir Heem ze kréien.
Bis Muer

Update: vill Waasser firum Zelt, keen Waasser am Zelt. Alles gutt.Meng Mam huet mech fréier Oli-Kniwweler genannt, vläic...
26/06/2023

Update: vill Waasser firum Zelt, keen Waasser am Zelt. Alles gutt.

Meng Mam huet mech fréier Oli-Kniwweler genannt, vläicht versteet een firwat 🙈😅
Déi 110€ fir een Poncho/Tarp hu sech mol gelount Nordisk Outdoor Sea to Summit

D5: Scho rem fréi op. Haut ass starken Reen an Donnerwierder gemellt. Sou kee Bock drop. Dofier fréi fort fir frirum Ree...
26/06/2023

D5:
Scho rem fréi op. Haut ass starken Reen an Donnerwierder gemellt. Sou kee Bock drop. Dofier fréi fort fir frirum Reen unzekommen.
Den Navi dreiwt mech rem an den Wahnsinn. Ech sinn nach nie, un engem elektronëschen Apparat, sou verzweifelt, wéi bei deem Garmin GPS. Déi Léit vu Garmin hunn nach nie een Benotzer vun hierem Apparat gefrot, ob et benutzerfreundlich ass. Ultrakomplizeiter an irreführend Menuführung. Software fir den PC fir Routen ze plangen ganz schlecht, an sou performant, wéi firun 30 Joer. Astellungen an 10 verschidden Menuen verstoppt, deelweis geinteneenschaffend...
Genug opgereegt. Ech muss weider. Haut laafen ech géint d'Zäit.
D'Streck ass net sou spektakulär, vu que dass ech iwwer Landstrooße ginn. D'Sonn schengt, et sinn iwwer 25 Grad. Soll et wirklësch Haut nach reenen? Menger Wierderapp an dem Radar no JO. 12mm Reen an Donnerwierder. Ech ginn laanscht de Strand, wéilt am léiwsten och drop an an d Waasser goen, natirlesch FKK 😉, mee keng Zäit.
Onkloer ob ech herno eppes ze Iessen fannen, an wëll et héi iwwerall Fësch gëtt, sprangen ech iwwert mäin Schied an bestellen mer een Backfisch an enger Imbissbud. 20 min Paus an et geet weider, nach knapp 6km. Ech léien gutt an der Zäit.
Um Camping ukomm. Nach emmer Topwierder. Wëll ech mat der Kurtaxe "gratis" Bus fueren kann, ginn ech nach schnell an den Supermarché mäin Iessen fir den Owend kaafen. Brokoli mat Tofu an Champignonen. Heiansdo muss et och gesond sinn, och wann ech pro Dag knapp 1500 aktiv kCal verbrauchen. Um Camping zeréck, den Himmel gëtt donkel. Mäin Zelt gutt fixéiert. Alles am Kuerf geloos an d Reenplan nach driwwer.
Schnell duschen, den Himmel gëtt emmer méi donkel. Ech sëtzen mech an den Restaurant/Bar an drenken Kaffi, iessen een Dessert an luerden meng Apparater un enger Steckdous op.
16:10: Et geet lass, et blétzt an donnert der Däiwel, Reen wéi aus Eemeren. Ech hoffen mäin Zelt hätt duer. Et war schließlësch deier genug.
Lo setzen ech an warden drop, dass et ophällt. No menger App weärt et um 18:45 ferdeg sinn. Also nach genug Zäit fir e puer weider Kaffien (ech Ju**ie 😅)
Iessen kann ech net héi, well ech mer jo eppes kaaf hun an dat Muer net matschleefen wëll. Also abwarten un Kaffee trinken. Dono gëtt gekacht.

Bis Muer

D4:Ech erwächen, et ass schon bal hell. Ech kucken op d Auer, wat réicht kuerz no 3. ech leeën mech nach eng Kéier kann ...
25/06/2023

D4:
Ech erwächen, et ass schon bal hell. Ech kucken op d Auer, wat réicht kuerz no 3. ech leeën mech nach eng Kéier kann awer net méi schlofen. Also stinn ech einfach op. Ech hun souwisou eng laang Etapp firu mer. Nach eng Kéier all meng Apparater opluerden, Nuddelen an Eeëer kachen, fir genug Energie fir déi lang Etapp. Haut ass Sonndes also keng Buttekter op.
Ech siche mer een Kierfësch. No knapp 7km, also huelen ech fir den 1. Deel net vill Waasser mat, fir dat Gewiicht ze spueren.
Nach meng Wäsch, déi d Nuescht iwwer op der Lengt houng, um Handföhn spu gutt et geet drëschnen.
Ferdeg machen, packen a scho geet et lass.
Et fänkt scho gutt un. Ech hu rem d Iddi fir eng "Oofkierzung"ze huelen an landen an engem Feld.
Relativ schnell landen ech awer op der Küstenpromenade, fir e puer Kilometer. Déi end an et geet am Besch weider, schein awer ustrengend, vill Hiwwelen, Schlangenlinien an Dännenzapfen um Buerdem. Ech entscheeden mech fir den Strand. Laafen do och e puer Kilometer. Ech schummen mech bal, ech sinn deen eenzegen Ugedoenen. Iwwerall FKK😉
Eng kleng Paus um Strand ass dann och nach dran, awer net genug Zäit fir an d Waasser. Well et ufänkt ustrengend ze ginn, ginn ech zeréck op den Veloswee, och wann dat 300m Emwee sinn.
Ech sinn säit Stonnen ennerwee, et gëtt Zäit fir eppes ze iessen.
No 30 Minuten Paus geet et weider. Nach knapp 13km.
Waasser hunn ech genug fir den Rescht, mee d Féiß di wéi. Egal ech zéien duerch um Stéck, och bei konstanter Steigung.
Knapp no 17 Auer sinn ech um Camping. Schéin héi. Naturschutzgebiet 👍
Leider keng Zäit an Kraaft mei fir ze erkunden.
Muer muss et rem fréi lassgoen, ab 14h ass vill Reen an Donnerwierder geplangt. Also firdrunner umkommen. 18km, dat weärt ech packen.
Bis Muer

D3:De Moien bis relax 7:30 geschlof. Erstaunlësch gutt.Voll getankt ass et um 10 lassgangen.9km bis bei d'Wittower Fähr ...
24/06/2023

D3:
De Moien bis relax 7:30 geschlof. Erstaunlësch gutt.
Voll getankt ass et um 10 lassgangen.
9km bis bei d'Wittower Fähr fir eng 5-minüteg Iwwerfährt.
Bis lo alles relax.
Doduerch dass ech mäin Navi op Wanderen gestallt hunn, ginn ech hust Wander-, Feld-, an aaner Weeër. Ech kommen net oft bei Dierfer, Restauranten oder Akaafsméiglëschkeeten laanscht. E Problem, wann een emmer just Waasser fir den halwen Wee huet an och bal all Dag Iessen kaafen muss.
Ier ech mech awer drem këmmeren kann, fir mäin Waasser an Iessproblem ze léisen kämpfen ech mech duerch een Djungel vun Grieser. Een Feldwee deen awer mat Gras bis bei d Broscht zougewues ass. An dat iwwert Kilometeren. Ech kommen net firun. Meng Been sin ganz zerkraatz, zousätzlësch zu den geschwollenen Plaatzen, déi d Mecken vun Gëscht iwwerloos hunn. Ech bleiwen stoen an man en Gaderobewiessel, lang Box an profitéieren fir mech nach eng Kéier anzecremen. Vill Sonn Haut.
Irgendswann kommen ech rem op een normale Wee. Mee ech hu bal kee Waaser mei. Also wéi déi Joren firdrun sichen ech een Kierfëscht fir Waasser ze fëllen. An 2km, ok dat packen ech.
Och een klengen Bäcker ass do, an ech huelen mer eppes klenges mat.
Meng Féiß di wéi, mee ech sinn gläich do.

Um Camping ukomm, Kleeder wäschen, duschen, Strom zaapen, kachen (Konserv an Reschter déi ech nach haat. Dobäi vun enger Kaatz bal d Iessen geklaut kréien.

Lo ass et halwer 10 an léien nach e bëssen an menger Hängematt. Gläich geet wt awer schlofen. Muer ass déi längsten Etapp 31km

Bis Muer

Dag 2:De Moien relax erwäsch, am Zëmmer fir Moies gies an um kuerz no 8 um Wee fir bei d Fähr op Hiddensee. Knapp 2 Kilo...
23/06/2023

Dag 2:

De Moien relax erwäsch, am Zëmmer fir Moies gies an um kuerz no 8 um Wee fir bei d Fähr op Hiddensee. Knapp 2 Kilometer.
Um 9:20 huet d Fähr den Hafen verloos. D'Iwwerfahrt huet knapp annerhallew Stonn gedauert. Ech hu profitéiert fir nach een 2. klengt Frühstück ze iessen an och nach eng Kéier all meng Apparater op 100% ze luerden. Ech hunn zwar een Solarpanel dobäi, mee wirklësch vill Sonn ass net. Vun all Steckdous profitéieren ass d Devise.
Zu Hiddensee ukomm war ech direkt geflashed. Wonnerschein an (baal) guer keng Autoen. Just Veloen an Foußgänger. Richteg idyllësch. Den Navi een knapp 12km laangen Tour raussichen gelooss, well ech dono vum selweschten Hafen rem weidergefuer sinn.
Den Ufank chill iwwer eng asphaltéiert Strooss an dann eng kéier riets ran op een Feldwee. Irgendswann war deen Feldwee just nach een Pfad vun enger knapp 30cm. Lenks an riets Schilf an MECKEN. Déi Biester hunn mer meng gutt Laun e bëssen gedréckt. Ech hunn nach net gezielt mee bestemmt méi wéi 10x hun se mech gebass.

No knapp 1,5 Stonnen op engem klengen Hafen. Den karikaturistëschsten aale Fëscher, bestemmt em dei 85, deen ech je gesin hunn. Ech wollt onbedengt eng Foto man, mee heemlësch ass een No Go an wollt lo och net obedengt froen goen. Ech op enger Terrass. Schued, dass ech keen Fësch iessen, deen krit een hei en Mass, naja dann halt dat eenzegt vegetarëscht wat se hunn, eng Fritt. Fir zeréck ass et durch d'Dünen direkt nierwt dem Strand gangen. Ech verfluchen den Sand, ech kommen net firun. Mee op ee mol srengt een Réi firun mir durch d Dünen. Den Fotoapparat leider net schnell genug. Egal. Ech frëen mech trotzdem.

Rem zeréck beim Fährhafen, fannen ech nach een klengen Buttek fir mäin Iessen den Owend.

Gläich ass et Zäit fir déi 2. Fähr fir op Schaprode. Nach eng Keier fir 20 Minuten Strom gezaapt.

Ukomm an just nach 350m bis den Camping.
Direkt um Strand, Eiii.

Lo leeft net méi vill, nach kachen, iessen duschen an dann ass den Dag 2 schon rem.
Eng relax, kuerz Etapp fir den Ufank, ouni Reen, sou soll et weidergoen.
Bis Muer

E langen éischten Dag geet op en Enn.De Moien um  6:45 aus dem Haus gaangen. Den Owend um 22 Auer am Apparement/Hotel zu...
22/06/2023

E langen éischten Dag geet op en Enn.

De Moien um 6:45 aus dem Haus gaangen. Den Owend um 22 Auer am Apparement/Hotel zu Stralsund ukomm.

Vill ongplangt emklammen, warden, 10x Plaatz am Zuch missen wiesselen, wëll an dem Ersatzzuch meng Platzen net méi reservéiert waren.

Lo nach schnell indësch gies nach e bëssen chillen an dann gläich schlofen.
Muer muss ech um 9:20 vei der 2,5km entfernter Fähr sinn fir riwwer op Hiddensee ze fueren.

Bis Muer

Et war laang roueg.Lo ass et rem sou wäit.Muer starten ech een néien Backpacking Trip.An zwar geet et op Rügen, déi gréi...
21/06/2023

Et war laang roueg.

Lo ass et rem sou wäit.

Muer starten ech een néien Backpacking Trip.
An zwar geet et op Rügen, déi gréißten däitsch Insel.

Muer 12 Stonnen mam Zuch dohinner.
1 Daag haaptsächlësch mat der Fähr ennerwee an dann 4 Deeg zu Fouß ronderem d'Insel. Ca 110-130km.

D'Wierder ass sou lala geplangt. Net ze warm, mee awer och deelweis vill Reen.

D'Präparatioun war och sou lala. Net vill Zäit fir den Training. Mee d'Etappen sinn och net sou wäit. Tësch 20-30km den Dag.

Den Rucksack, schwéier. 16kg mat Iessen an Drenken.

Ech si gespaant.
Bis dann

E-Fuel, och wann Däitschland, bzw. Porsche dat wëll, ass komplett onrealistësch. Elektroautoen hunn een Wirkungsgrad vun...
09/04/2023

E-Fuel, och wann Däitschland, bzw. Porsche dat wëll, ass komplett onrealistësch.
Elektroautoen hunn een Wirkungsgrad vun ca. 70%. Also verbrauchten 1kWh=0,7kWh deen am Akku land, fir ze fueren.

E-Fuel huet een Wirkungsgrat vun 13% Prozent, wat lächerlësch ass. An des ganz Debatt ronderem E-Fuels obsolet mëscht, wëll et kann guer net sou vill Stroum (klimaneutral) produzéiert ginn, fir deen Bedarf ze decken. Aktuell kann just 5% vun der DÄITSCH Industrie an Mobilitéit mat dem WELTWÄITEN-produzéiterten E-Fuel gedeckt ginn

Elektromobilitéit huet och hier Problemer (Luerdezäiten, Ladestatiounen déi net funktionnéieren, Luerdekarten/Tariffer Chaos...), mee aktuell gëtt et keng wirklësch Alternativ dozou.

Meng Meenung:
1. Als Konsument sech, manner/méi responsabel déplacéieren. Alternativen notzen (öffentlësch, zu Fouß, Velo, Carpool)
2. Muss et deen decksten E-Auto sinn, wann een 90% vun der Zäit erleng am Auto sëtzt an pro Dag max. 40km mëscht?
(Fir Vakanzen kann een sech och een groußen Auto mat méi Reeschwäit lounen)
3. Privatjachten/-jeten stéierlësch sou onattraktiv machen, dass et suguer Milliardären am Portemonnaie wéideet.
4. Iwwerall do, wou E-Mobilitéit net méiglësch ass, Waasserstoff asetzen (Camionen, Cargoschëffer, Zuch, Fliiger...) an doranner investéieren
5. An d'Kärfusioun investéieren (keng/wéineg Geféierlësch Endproduiten)

Egal wéi, muss sech den Ausbau vun den ernéierbaren Energien verschnelleren.

und : Das sind die Stichworte, die uns in ein Zeitalter der klimaneutralen Mobilität bringen sollen – ganz ohne ...

Adresse

Prorarer Chaussee 60
Binz
18609

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Forestcheap Backpacking Abenteuer erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Forestcheap Backpacking Abenteuer senden:

Teilen

Kategorie

Ziel an Motivatioun

Ech huelen iech mat op mäin Abenteuer: 26 Deeg bis op d'belsch Plage an rëm zeréck.

Virun enger Zäit hat ech d'Iddi fir een klengt Abenteuer ze maachen. Ech wollt keng normal Vakanz, wou een an den Fliger klëmmt, dann 2 Wochen um Strand läit an näischt mëscht.

Wat ass mäin Plang?

Ech wëll gären zu Fouss an 12 Deeg bis op Knokke trëppelen an dat an ca. 35km pro Dag Etappen dann 2 Deeg op der Plage raschten an Vakanz maachen an dann rëm zu Fouss zeréck. Dat ganzt soll den 29. Juli starten. Ech sinn sportlech, mee dat ass eng Erausfuerderung, déi och fir mech grouss ass.