03/12/2012
Dippech, den 2. Dezember 2012
Un all Frënn, Ferventen Coureuren a Cyclotouristen vum MTB
Betrëfft : Randonnée VTT mam Bob Jungels a Laurent Didier
Annexe : D’Affiche
Hallo léif Sportsfrënn a –frendinnen,
Mir, de Laurent an de Bob, invitéieren iech ee Samschdeg, den 8. Dezember op eng Randonnée mam Mountain Bike zu Rolléng bei Miersch. Selbstverständlech mat eis zwee zesummen.
Et gin zwee Parcours’ën:
Wéi om Plakat steet, ee vun ongeféier 35 km, an een 2. vun ongeféier 25 km.
Den Départ as no engem 1 km an der “rue Bildchen”, enger schmueler Strooss, vis-à-vis vun der Kierch vu Rolléng.
Op der Plaz (Départ an Arrivée) as fir Gedrénks an Iessen (Grillwurscht) gesuercht.
Em 10 Auer as eisen Départ mat iech zesummen. Et kann een awer och nach bis 11 Auer eenzel oder am Grupp starten. Déi zwee Parcours’ën si komplett ausgeschëldert.
Bréngt och är Kollegen a Kolleginne (mam Velo) mat, wéi gesot et as een 2. Parcours do, fir déi nët esou fit Velosfuerer.
Dës zwee Parcours’ën sin ab Cadets, ouni Problem, ze fueren.
Mir zielen op eng grouss Präsenz. Also da bis ee Samschdeg.
Mir zwee freeën eis elo schon op iech alleguer,
Bob JUNGELS a Laurent DIDIER