SFB Sportfrënn Bettenduerf

SFB Sportfrënn Bettenduerf Different sports. Free Sports Esou gouf den SFB, „Sport Frënn Bettenduerf“ gebuer.

E puer sportlich Männer a Fraen aus der Bettenduerfer Emgéigend, di zwar zu engem groussen Deel Member a bestehende Veräiner sin (Fussball, Schwammen, Basket, Volleyball, Indiaca, Waasserball…), wollten sech awer net op eng bestëmmte Sportart limitéiere an sou ass d’Iddi opkomm, fir eng nei spezifisch Associatioun an d’Liewen ze ruffen. Iwwert d’Ziel vun dëser Associatioun war sech jidderen eens :

et sollt een sech ënnert de Membere gelegentlech treffen, fir mateneen eng Sportaktivitéit ze maan, an dat an enger agréabler Ambiance.

2. Plaz fir d’SFB-Running Team 1 an der Mixed-Staffel um Uewersauer-Trail 💪💪💪
17/11/2024

2. Plaz fir d’SFB-Running Team 1 an der Mixed-Staffel um Uewersauer-Trail 💪💪💪

Et ass gro, kal an naass? Beschten Uewersauertrail-Konditiounen! SFB Running 1 & 2 sinn haut an der Mixed-Staffel um Sta...
17/11/2024

Et ass gro, kal an naass? Beschten Uewersauertrail-Konditiounen! SFB Running 1 & 2 sinn haut an der Mixed-Staffel um Start 💪

3. Dag Vogesen. Lang Montée plus nach ee Deel de Velo drécken/droen fir eng genial Enduro-Descente. Spektakuläre Panoram...
19/05/2024

3. Dag Vogesen. Lang Montée plus nach ee Deel de Velo drécken/droen fir eng genial Enduro-Descente. Spektakuläre Panorama inclus

2. Dag vum Mountainbike-Trip an de Vogesen. Laang Montéeën a flott Panoramen rondrëm de Petit Ballon op 1272m.
18/05/2024

2. Dag vum Mountainbike-Trip an de Vogesen. Laang Montéeën a flott Panoramen rondrëm de Petit Ballon op 1272m.

1. Dag vum Enduro-Trip an de Vogesen. D‘Wieder huet (bal) matgespillt
17/05/2024

1. Dag vum Enduro-Trip an de Vogesen. D‘Wieder huet (bal) matgespillt

What a comeback!!! 5 Joer war et roueg mat de Lafcoursen. Mat enger Podiumsplaz um Uewersauertrail an der Mixed Staffel ...
19/11/2023

What a comeback!!! 5 Joer war et roueg mat de Lafcoursen. Mat enger Podiumsplaz um Uewersauertrail an der Mixed Staffel melle mir eis zréck 💪💪💪 5. Plaz fir eis 2. Equipp an der Mixed an eng 8te Plaz fir eis Männerstaffel

25/10/2021

!! SOLD OUT !!
?? Du weess méi wéi jiddereen a wëlls dat beweisen ??

De 27.11 kanns du dat zu Bettenduerf an der Buvette vun der Hal ënner Beweis stellen! 🤓☺️

‼ Den Indiaca Bettenduerf invitéiert op e Quiz Owend wous du an 2-5 weider Kolleege kënnt de Leit weise wéi clever dir sidd. ‼

Mellt iech séier iwwert:

➡️[email protected] un,

d'Plaze si limitéiert!

De Start ass um 20h00, spontan Umeldungen (wann nach Plaze fräi sinn) gi bis 19h30 ugeholl.

Natierlech sidd dir och häerzlech agelueden schonn éischter an d'Hal luussen ze komme fir eis Mixte Ekipp um Championnat unzeféieren.

Fir Iessen a Gedrénks ass wéi gewinnt gesuergt. Zerwéiert gëtt eng gutt defteg Hameschmier a fir d'Vegetarier e leckere Kéisteller. 🥩🧀 (Umeldunge fir d'Iessen: [email protected] bis spéitstens den 23.11)

(Covidcheck Event)

28/08/2021

‼️ Elo ass et endlech esou wäit ‼️ 🥳

Nodeems mir den Tournoi wéinst Covid an duerno wéinst dem Héichwaasser missen annuléieren hunn mir elo de Plaiséier iech op eis 5. Editioun vun eisem Wikingerschach Tournoi ze invitéieren!

Den Tournoi fënnt dëst Joer ausnahmsweis um Fussballterrain an der Cité Pierre Strauss statt.

Maacht iech erbäi, d'Plazen si limitéiert!
Umellungen:
[email protected]

Fir Iessen an Drénken, fir Grouss a Kléng ass gesuergt!

Méi Infos a d'Spillregelen fannt dir op:

indiaca-bettenduerf.lu

Mir freeën eis op Äre Besuch!

Natierlech alles ënnert dem Covidcheck Regime.

Och den SFB wäert vertruden sinn 💪
01/07/2021

Och den SFB wäert vertruden sinn 💪

‼‼Endlech ass et erëm souwäit‼‼

Den Indiaca Bettenduerf invitéiert op hieren traditionnellen Wikingerschach-Tournoi! 😎💪

Maacht iech séier bäi, d'Plaze si limitéiert!
➡️Umellungen op: [email protected]

Natierlech am Respekt vun de sanitäire Reegelen. Covidcheck approved! 💪

Staark Leeschtung vum  Faber um Kitzalp Bike Marathon 25. a senger Klass 👍💪                   mit yves faber
04/07/2019

Staark Leeschtung vum Faber
um Kitzalp Bike Marathon 25. a senger Klass 👍💪 mit yves faber

And the winner and back-to-back champion is Team SFB Indiaca Bettendorf Just 4 Fun Tournament
26/01/2019

And the winner and back-to-back champion is Team SFB Indiaca Bettendorf Just 4 Fun Tournament

Finalist um Indiaca Just 4 Fun Tournoi vum Indiaca Bettendorf
26/01/2019

Finalist um Indiaca Just 4 Fun Tournoi vum Indiaca Bettendorf

Adresse

Kirchberg In Tirol
6365

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von SFB Sportfrënn Bettenduerf erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Teilen