06/08/2026
🚨ZWEE STOARK TRANSFERTEN FIR DEN TC RËMELENG-KAYLDALL! 💙🤍
Mat grousser Freed a vill Stolz kënne mär haut matdeelen, dass de Christophe a Robi Tholl an der neier Saison d’Faarwe vum TC Rëmeleng-Kayldall wäerte vertrieden.
Mam Christophe a mam Robi begréisse mär net nëmmen zwee aussergewéinlech stoark Spiller, mee och zwou Perséinlechkeeten, déi de Lëtzebuerger Tennis iwwer vill Jore matgepräägt hunn.
🏆 Méifach Lëtzebuerger Landesmeeschter
🏆 FLT Masters Gewënner
🇱🇺 Davis Cup Spiller fir Lëtzebuerg
🌍 Enorm vill Erfarung op nationalen an internationalem Niveau
Nieft hire sportleche Qualitéiten déi onbestridde sinn, stinn déi zwee Bridder virun allem fir Asaz, Fairplay, Professionalitéit an Teamgeescht – Wäerter, déi och eisem Veräin immens wichteg sinn.
Datt zwee Spiller vun dësem Format sech fir den TC Rëmeleng-Kayldall entscheeden, ass eng grouss Unerkennung fir déi Entwécklung, déi eise Veräin an de leschten 2-3 Joer gemaach huet, a gläichzäiteg e weidert stoarkt Zeeche fir eis Ambitiounen an der Nationale 1.
💙Christophe a Robi – häerzlech wëllkomm an eiser Veräinsfamill!
Mär freeën eis immens, aerch geschwënn an eise Faarwen um Terrain ze gesinn a si sécher, dass mär zesummen nach vill flott Momenter an Erfolleger wäerten erliewen.
🎾