15/05/2026
🌧️🏸 Christi Himmelfaart emol anescht 🏸🌧️
Den 14. Mee si mir zesummen op Vianden gefuer, wou eigentlech eng flott Wanderung geplangt war. Mee de Himmel hat wuel aner Pläng. 😅
Amplaz vu Sonn gouf et eng gutt Portioun Reen ☔
Mir hunn also spontan ëmgeplangt an amplaz ze wanderen d’Schlass vu Vianden besicht 🏰✨ an dono nach gemittlech zesumme giess a flott Zäit verbruecht. 🍕🥤😊
Merci un alleguer, déi trotz dem Wieder dobäi waren an den Dag flott gemaach hunn! ❤️🏸