Union-Mertert-Wasserbillig

Site Web

Union-Mertert-Wasserbillig offiziell Seit vun der UMW⚫️🟡
gidd gaeren Member op umw.lu

01/11/2026
Communiqué vun der Union Mertert-WasserbëllegLéif Fans, léif Supporter,Beim Match vun haut gouf eng rassistesch Bemierku...
14/10/2026

Communiqué vun der Union Mertert-Wasserbëlleg

Léif Fans, léif Supporter,

Beim Match vun haut gouf eng rassistesch Bemierkung géintiwwer engem vun eise Spiller gemaach. Doropshin hu mir als Ekipp gemeinsam d’Decisioun geholl, an der 82. Minutt den Terrain ze verloossen.

Mir wäerten als Veräin offiziell Protest bei der FLF aleeën.

Als Veräin sti mir fir Fairness, Respekt a Solidaritéit. Mir toleréiere keng Form vu Rassismus oder Diskriminéierung a stinn zu 100 % hannert eisem Spiller. Keen däerf wéinst senger Hautfaarf oder senger Hierkonft beleidegt oder ausgegrenzt ginn.

Am Sënn vum UEFA-Slogan „No to Racism“ soe mir kloer an däitlech: Rassismus huet op kengem Fussballsterrain eppes verluer!

Fussball soll d’Mënsche verbannen. Respekt a Mënschewierd stinn iwwer all Resultat.

Merci un all eis Fans a Supporter, déi dës Wäerter mat eis deelen an zesumme mat eis géint Rassismus astinn.

Union Mertert-Wasserbëlleg

Adresse

Mertert

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Union-Mertert-Wasserbillig publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie