22/07/2026
❗️Resultater vun da Jugend EM❗️
Déi ganz lëscht Woch huet Jugend Europameeschterschaft zu Gondomar a Portugal stattfonnt, wou eng Letzebuerger Delegatioun mat dobäi war. Ënnert dëser waren och zwee Lénger Spiller mat dobäi.💪
Ugefaang mam Noah Valente, deen sech mat senger Ekipp eng gutt 21 Platz vun insgesamt 37 erkämpfe konnt. Am Eenzel huet den Noah et an da U15 bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. Am Dubbel war et mam Vincent Schlotthauer bis an d’Ronn vun de leschten 32 gaang, hei hunn si sech allerdéngs géint déi spéider Europameeschtere misste mat 3:1 geschloe ginn. Am Dubbel mixte huet den Noah zesumme mam Mostafa Kinda sech missten an da Ronn vun de leschte 64 geschloe ginn.
Mam Pit Scholtes war awer nach ee weidere Spiller vu Lénger mat dobäi, de Pit konnt mat senger Ekipp déi 19 Platz vun insgesamt 39 erspillen. Am Eenzel hat de Pit et leider net aus da Grupp gepackt. Dofir huet de Pit et am Dubbel zesumme mam Elsen Luca bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. An am Dubbel mixte mam Singh Anjali (Irland) war leider Schluss an da Ronn vun de leschten 128.
Insgesamt eng super Leeschtung vun eise Jongen!💪👏
Eemol Lénger, ëmmer Lénger!🔴🔴