28/02/2026
🎭🎉 Mir sinn prett fir eise Kannerfuesbal – fir déi ganz Famill! 🎉🎭
📍 Roodt-sur-Syre
📅 01.03.26
⏰ 14:00 Auer
D’Kostümer leien bereet, d’Musek ass agestallt an d’Stëmmung klëmmt schonn an d’Luucht! 🥳🎶
Kleng Prinzessinnen, couragéiert Ritter, Superhelden a natierlech och Mamm & Papp am Verkleedungs-Féiwer – jidderee ass wëllkomm! 👑🦸♂️🤠
🎟️ Tombola mat flotte, héichwäertege Präisser! 🎁✨
Do gëtt et richteg eppes ze gewannen – et lount sech matzemaachen!
Kommt laanscht a verbréngt zesumme mat eis e faarwegen Nomëtteg voller Laachen, Danz a gudder Laun. 🎈🎊
Mir freeën eis op iech alleguer! 💛