Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE

Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE Union Cycliste du Nord Ettelbréck

Fondée en 1923

Häerzlech wëllkomm beim Ettelbrécker Velosklub !

Flott sortie e Samsdeg
22/07/2026

Flott sortie e Samsdeg

10/07/2026
E klenge Reminder 📌📅🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häer...
17/06/2026

E klenge Reminder 📌📅

🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️

D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häerzlech op hier traditionell Vëlos-Randonnée “Jang Ferrari” den Sonndeg, 12. Juli 2026!

➡️ Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt 🍝🥤

➡️ Et ginn 3 Tier ugebueden (69, 96 oder 124 km)

➡️ Den Départ collectif ass um 08h30 ⏰

Mir freeën eis op Iech!

🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häerzlech op hier tradit...
27/04/2026

🚴‍♂️ 27. Nordstadrandonnée Jang Ferrari 🚴‍♀️

D’Union Cycliste du Nord Ettelbruck invitéiert Iech häerzlech op hier traditionell Vëlos-Randonnée “Jang Ferrari” den Sonndeg, 12. Juli 2026!

➡️ Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt 🍝🥤

➡️ Et ginn 3 Tier ugebueden (69, 96 oder 124 km)

➡️ Den Départ collectif ass um 08h30 ⏰

Mir freeën eis op Iech!

Gëschter, den 21. Abrëll, huet d’Generalversammlung vun der UCNE an der Däichhal zu Ettelbréck stattfonnt.Mir haten d’ É...
22/04/2026

Gëschter, den 21. Abrëll, huet d’Generalversammlung vun der UCNE an der Däichhal zu Ettelbréck stattfonnt.

Mir haten d’ Éier, den 2. Schäffen Pascal Nicolay an de Conseiller Christian Steffen vun der Gemeng Ettelbréck bei eis begréissen ze dierfen – villmools Merci fir hir Presenz an hiren Interessi un eisem Veräin.

Am Kader vun der Versammlung goufen d’ Aktivitéiten aus dem Joer 2025 presentéiert, esou wéi och en Iwwerbléck iwwer déi aktuell finanziell Situatioun ginn.

Ausserdeem hu mir zwee Comitésmemberen verabschid, deene mir e grousse Merci soe fir hiren Engagement an déi vill geleeschten Aarbecht an de leschte Joren.

Gläichzäiteg hu mir awer och zwee nei Memberen am Comité offiziell wëllkomm geheescht.

Den Owend ass a gemittlecher Atmosphär mat engem Patt an enger Klengegkeet z’iessen ausgeklongen.

Och en groussen Merci un den Romain Heckemanns fir d’ Fotoen!

🚴‍♀️ Vëlosdag am Däich – Kommt laanscht! 🚴‍♂️Den 14. Mäerz 2026 verwandelt sech d’Däichhal zu Ettelbréck an e richtegt P...
16/02/2026

🚴‍♀️ Vëlosdag am Däich – Kommt laanscht! 🚴‍♂️
Den 14. Mäerz 2026 verwandelt sech d’Däichhal zu Ettelbréck an e richtegt Paradäis fir all Vëlosfrënn! Vu 10:00 bis 16:00 Auer erwaart Iech e flotten Dag ronderëm de Vëlo – fir Grouss a Kleng.

👉 Wat steet um Programm?
• Youth Cup
• Pump Track
• Charity Indoor Cycling
• Occasionsmaart fir Vëloen
• Musekalesch Animatioun
• Gedrénks & Grilladen
Hutt Dir nach Vëloen, E-Bikes, Mountainbikes, Stadvëloen, Trottinetten oder Accessoiren, déi Dir net méi braucht? Da mellt Iech gratis als Verkeefer um Occasiounsmaart un!

📅 Umeldung méiglech bis den 10. Mäerz 2026
📧 [email protected]

Kommt laanscht, entdeckt flott Occasiounen a verbréngt en aktiven an gesellege Dag matt der ganzer Famill! 🚲✨

🚴‍♂️ Youth Cup MTB 2026 - Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Ettelbréck 🚴‍♀️Kommt laanscht a feiert mat eis de Vëlo-Sp...
12/02/2026

🚴‍♂️ Youth Cup MTB 2026 - Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Ettelbréck 🚴‍♀️

Kommt laanscht a feiert mat eis de Vëlo-Sport beim Youth Cup 2026! 🎉

📅 Programm:
🟢 Minimes (m/f) – 14h00 (30 Min.)
🔵 Cadets (m/f) – 14h45 (30 Min.)
🟡 Débutants (m/f) – 15h30 (45 Min.)
🟣 Minimes & Cadets net-licenciéiert (m/f) – 16h15 (30 Min.)

📝 Umeldung:
➡️ Online iwwer de Site vun der FSCL (https://www.fscl.lu/)
➡️ Op der Plaz fir Net-Licenciéiert Coureuren

🚿 Do**he sinn um Fussballsterrain verfügbar
🅿️ Parking „Parkhaus am Däich“
📞 Permanence: 621 318 107
🍔 Catering & Gedrénks op der Plaz

Mir freeën eis op vill jonk Cyclisten an eng flott sportlech Atmosphär! 💪🔥

02/12/2025
📍Save the date! 20. Nordstad Cyclo-Cross 🚲 den 14. Dezember 2025 zu Ettelbréck bei der Däichhal 📅
30/10/2025

📍Save the date!

20. Nordstad Cyclo-Cross 🚲 den 14. Dezember 2025 zu Ettelbréck bei der Däichhal 📅

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Union Cycliste du Nord Ettelbréck - UCNE publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager